Ried vum Fernand Etgen bei der Aweiung vun den neie gebailechkeeten vum Veterinärverwaltung (ASV)

Den 26. September huet de Fernand Etgen,  Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Konsumenteschutz, am Kader vun der Aweiung vun den neie gebailechkeeten vun der Veterinärverwaltung eng Ried gehalen. 
  

©MSAN
Fernand Etgen lors de son discours

 

Léiw Kollegin Lydia,

Léiw Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun de Verwaltungen a Servicer vun eisen zwee Ministèren,

Léiw geluede Gäscht,

Et ass mir eng Freed bei der 2. Aweiung fir dëst Joer an der 3. Aweiung a menger Mandatsperiod betreffend d’Veterinärsverwaltung dobäi ze sinn an en puer Wuert un iech ze riichten.

Wéi et am Direkter senger Usproch ervir gaangen ass, ginn d’Aufgabe vun eise staatleche Verwaltungen ëmmer méi komplex an diversifiéiert, sou dass et wichteg ass nieft engem kompetenten an engagéierte Personal déi passend Infrastrukturen ze hunn an däer d’Leit hieren Aufgaben kënne gerecht ginn.

Wann d’Plënneraktioun vum Labo längst iwwerfälleg war fir an Zukunft a Punkto Infrastrukturen an Equipementer konform ze sinn, hat d’Plënneraktioun vun der Inspektioun, déi eréischt vu 5 Joer geplënnert war, en anere Sënn an Zweck. Et ass hei drëm gaangen deenen neien Erausfuerderungen déi am neien europäesche Kontrollreglement, dat am Dezember 2019 a Kraaft trëtt, gerecht ze ginn. Dëst Reglement, wat a Punkto Liewensmëttelkontroll ganz breet gefächert ass, huet als Haaptacteuren d’Veterinärsverwaltung an de Service vun der sécurité alimentaire vun der Santé an duerfir waren d’Bestriewungen hei eng besser Koordinatioun ze kréien an en éischte Schrëtt des 2 Kontrollinstanzen op engem Site zesummen ze bréngen. Well ganz oft wann Leit beienee sëtzen an sech ëfters begéinen entwéckelt sech no an no eng Zesummenaarbecht déi deenen 2 Parteien eppes bréngt an domat och de Service um Client – also dem Konsument – verbessert.

Nieft der Eegendynamik déi hei soll entstoen, hu mir hei iwwert dat neit nationaalt Liewensmëttelgesetz duerch d’Aféierung vun engem Commissariat à la qualité, à la fraude et à la sécurité alimentaire en Organ geschaf wat de Prozess vu Koordinatioun begleeden an am Konsens mat de Leit vun deene verschiddene Verwaltungen a Servicer déi hei implizéiert sinn zu engem gudden Enn soll féieren.

Et freet mech dowéinst wierklech fir mat der haiteger Inauguratioun – quasi vun engem „House of Food“ – zesummen mat menger Ministeschkollegin en Zeeche kënnen ze setzen andeems mir di ënnerschiddlech Acteur’en an de Beräicher vun der Liewensmëttelkontroll ënnert engem Dag vereenen an de Wëlle fir nach méi enk zesummen ze schaffen ënnerstëtzen.

Nieft neie Gesetzestexter – deene gestëmmten an deene wou nach um Instanzewee si – ass dëst e weidere grousse Schrëtt an di richteg Richtung !

Ween Liewensmëttel, Qualitéit a Gesondheet seet, dee muss einfach wëssen dass Déier an Mënsch ni wäit ewech vunenee sinn. „De l’étable à la table“ – oder vum Sanitel bis op den Teller : dat ass eng transparent an tracéiert Sécherheet vun der ganzer Ketten déi och de Konsument verlaangt.

Léif Mataarbechterinnen an Matarbechter: Är Beruffer si villfälteg a spillen last but not least och aus ekonomesche Grënn eng wichteg Roll:

  • Nëmme sécher a gutt Wuer soll bei ons heiheem op den Teller.
  • Nëmme sécher a gutt Wuer soll am Export onst Land verloossen.
  • Dat ass onsen Numm ! 

Als Landwirtschaftsminister an Minister fir Konsumenteschutz hunn ech déi nobel Aufgab duerfir ze suergen dass d’Liewesmëttelsécherheet vum Stall resp. vum Feld bis op den Teller garantéiert ass an donieft an der Déiereproduktioun och d’Déieregesondheet an den Déiereschutz respektéiert gëtt.

Als zoustännege Minister vun der Veterinärsverwaltung ass een eng gespalte Perséinlechkeet. Engersäits kënnt ee mat gudden Noriichte wéi z.B. dass een en IBR Programm op d’Been setzt a finanzéiert fir de Virus aus de Véibestänn eraus ze kréien, den Déiere méi Rechter zougesteet an si doduerch besser an hirem bien-être geschützt sinn, elektronesch Ouermarken aféiert fir d’Traçabilitéit vum Fleesch ze verbesseren an domat d’Vertraue vum Konsument ze stäerken. 

Anersäits huet een et awer och mat méi oder manner grousse Krisen ze dinn an deenen d’Kommunikatioun en wichtege Facteur ass. Wann mir engersäits d’Hénger mat Fipronil géint d’Lais behandelen, falen des op der anerer Säit vun der Staang well se mam Virus vun der New Castle Krankheet resp. der Vullegripp ugestach sinn. Och ass et dem Konsument schwéier ze vermëttele weider seng Marque Nationale Kotlett vum Grill ze genéissen obschonn d‘Wëllschwäi mam Virus vun der Afrikanescher Schwéngspescht infizéiert sinn an dee riskéiert op d‘Hausschwäin iwwer ze gräifen.

Mee trotzdeem ass déi Zesummenaarbecht mat de kompetenten an engagéierte Mataarbechter vun der Veterinärsverwaltung en Pleséier den ech net mësse wëllt. Wat eng nächst Plënneraktioun vun der Veterinärsverwaltung ubelaangt, kann ech den Direkter berouegen : elo heescht et hei zu Stroossen d’Synergien ausbauen a mat gemeinsamen, harmoniséierte Prozeduren eng nach méi effikass Zesummenaarbecht vum Kontrollsecteur ëmzesetzen. An esou wéi ech hei d’Mataarbechterinnen an d’Mataarbechter kennen, sinn ech méi wéi iwwerzeegt, dass dat eng fantastesch gemeinsam Zukunft wäert ginn.

Matt dësem encourageante Bléck no vir kommen ech dann och esou lues zum Schluss vu menger Ried ouni ze vergiesse fir allen Leit Merci ze soen déi zum Gelénge vun dëser Plënneraktioun bäigedroen hunn, virun allem den Haaptacteuren, der gesamter Beleegschaft vun der Veterinärsverwaltung déi zwar gewinnt ass am Stress ze schaffe mee an Zukunft awer bestëmmt op en zousätzleche Stress vun enger Plënneraktioun gär verzicht.

Esou eng exzellent Zesummenaarbecht erliewen ech jiddefalls reegelméisseg mam Direkter vun der Veterinärsverwaltung, dem Dr. Felix Wildschutz.

Dir Felix wëll ech dowéinst – besonnesch awer och fir Déng Loyalitéit – e perséinleche grousse Merci ausdrécken. Et ass ëmmer Verlooss op Dech an op Déng Equipe ! Meng Dir steet Dir ëmmer op an déi flott a kompetent Zesummenaarbecht mécht mech en houfrege Minister!

Léif Mataarbechterinnen a Mataarbechter : hei entsteet méi wéi eng Déngschtstell déi am Déngscht vun der ganzer Bevëlkerung schafft. Dir sidd eng Zort Kompetenzzentrum fir ënnerschiddlechst Beräicher vun der Liewensmëttelsécherheet an der Ernierung iwert den Déiereschutz an den Déieren hirer Gesondheet bis zum Aarteschutz an internationalen Handel vun Déiereproduit’en wéi Fleesch.

Ech wënschen allen Matbewunner op dësem Site fir d’Zukunft vill Freed an Genugtuung bei hirer Aarbecht a si gespaant a gläichzäiteg zouversiichtlech wéi dësen Kompetenzzentrum sech an Zukunft wäert entwéckelen.

Ech invitéieren iech elo Alleguer op eng Visitt vun den neie Lokalitéiten an duerno op de Schratt vum bien-être animal zum bien-être humain : op en sëffege Patt an en gudde Maufel den extra fir dës Geleeënheet aus dem héijen Norden ageflu gouf.

Aktualiséiert