COVID-19: Gesondheetsministère mécht Appell un d'Populatioun fir de Contact Tracing ze vereinfachen

De Gesondheetsministère mécht e staarken Appell un déi Persounen, déi positiv op COVID-19 getest goufen, sech direkt selwer an Eegen-Isolatioun ze setzen, esou bal se d'Resultat vum Laboratoire kritt hunn, respektiv sech an Eege-Quarantän ze setze wann se informéiert ginn, dass se en héije Risikokontakt hate mat enger Persoun déi positiv getest gouf.

D'Equipe vum Contact Tracing kontaktéiert si esou séier et geet.

Fir dass den Tracing vun de Kontakter weider geréiert ka ginn, ass et wichteg net direkt op d'Hotline unzeruffen, mä ze waarden, dass d'Equipe vum Contact Tracing Kontakt ophëlt. D'Participatioun vu jiddwerengem um Tracing hëlleft d'Pandemie besser ze kontrolléieren.

Fir de Tracage vun de Kontakter ze vereinfachen, sinn ab haut, Samschdes, de 24. Oktober, zwee Deklaratiounsformulairenonline um Site www.covid19.lu.

  • Wann Dir positiv op COVID-19 getest gouft: Dir musst direkt an Isolatioun goen, ouni op den Uruff vun der Contact-Tracing-Ekipp ze waarden. D'Equipe vum Contact Tracing ass iwwert Äert Resultat informéiert ginn. Wärend Dir op den Uruff waart, kënnt Dir hinnen hëllefen andeems Dir d'Persounen identifizéiert, mat deenen Dir ënnert héijem Risiko a Kontakt waart. Heifir muss Dir de Formulaire um Site eroflueden an en un déi E-Mail-Adress schécken, déi do ugi ginn ass.
  • Wann Dir a Kontakt waart mat enger Persoun, déi positiv op COVID-19 getest gouf: Dir musst Iech an Eege-Quarantän setzen. Fir déi néideg Dokumenter ze kréien, muss Dir de Formulaire ausfëllen an en un déi E-Mail-Adress schécken, déi ugi ginn ass. Dir musst den Numm a Virnumm vun der positiver Persoun uginn, oder d'Referenznummer vum Dossier, wann d'Persoun déi positiv mat COVID-19 ass, Iech déi ginn huet.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert