De Consultatiounszenter fir COVID-19 mécht ab Dënschdeg, den 27. Oktober seng Dieren op

Am aktuelle Kader, mat enger däitlecher Hausse vun de COVID-19-Neiinfektiounen an dem Optriede vun de klasseschen, saisonalen Epidemien (Gripp, Longenentzündung, Bronchite, asw.), ginn Dokteschcabineten, Pediatrie an d'COVID-Branchen an den Urgencë nees méi besicht.

Fir dës z'entlaaschten, mécht en éischte COVID-Consultatiounszenter Dënschdeg, den 27. Oktober ab 10 Auer an der aler Annexe vun der BnL um Kierchbierg seng Dieren op. Den Testzenter, deen sech aktuell do befënnt, mécht deementspriechend de Méindeg den Owend ab 17 Auer seng Dieren zou.

D'Consultatioun an engem CCC adresséiert sech u jiddereen, egal ob en eng Krankeversécherung huet oder net. D'Consultatioun ass gratis. D'Patienten si gebieden hier Identitéitskaart virzeweise wann se ukommen an déi Persounen, déi eng Krankekeesskaart hunn, sollen dës gläichzäiteg virweisen.

Den CCC empfänkt nëmme Persoune mat Symptomer, dat heescht Persounen déi Symptomer vun enger COVID-19-Infektioun opweisen oder Persounen, déi positiv op COVID-19 getest goufen.

Kanner déi méi jonk si wéi 6, kënnen net an engem CCC versuergt ginn. Si mussen vun hirem pediatreschen Dokter oder Generalist oder bei enger Urgence, an enger Klinik, spezifesch der Kannerklinik vum CHL, versuergt ginn.

Et sief ze bemierken

De CCC huet eng medezinesch Basisariichtung, déi déi ambulant Behandlung vu Persounen, bei deenen e Verdacht op COVID-19 besteet, souwéi Persoune bei deenen eng COVID-19-Infektioun nogewise gouf, erméiglecht. COVID-PCR-Nasopharynx-Prouwen kënnen direkt op der Plaz gemaach ginn.

Persounen, déi schonn eng Ordonnance vum Dokter fir e PCR-COVID-Test hunn, sollen sech an engem Privat-Labo teste loossen.

Et sief dorun erënnert, dass Leit, déi eng Invitatioun fir e PCR-COVID-Test am Kader vum Large Scale Testing kruten, weiderhin an engem vun de spezifesch dofir virgesinnen Teststatioune goen, nodeems si e Rendezvous op www.covidtesting.lu oder www.guichet.lu geholl hunn.

Medizinescht an administratiivt Personal:

Een Dokter/Doktesch assuréiert déi medezinesch Analyse vun de Patiente wärend de gesamten Ëffnungszäite vum CCC. Dëse wäert bei der Behandlung vu weiderem Gesondheetspersonal assistéiert ginn.

En anert Team ass domat beschäftegt, administrativ Informatiounen opzeschreiwen an eng weider Equipe bekëmmert sech ëm d'Logisitk. ​

Wa néideg, da gëtt een zweete Consultatiounszenter am Süde vum Land opgemaach.

  • Accès a Lag:
    COVID-Consultatiounszenter Lëtzebuerg-Stad:
    31, boulevard Konrad Adenauer
    L-1115 Luxembourg-Kirchberg
  •  Horairen:
    7 Deeg op 7 - vun 10 bis 17 Auer 

Fir weider Informatiounen, gitt wgl op d'Websäit vun der Regierung: www.covid19.lu

 

Communiqué vum Gesondheetsministère 

Aktualiséiert