COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 19. bis de 25. Oktober

An der Woch vum 19. bis 25. Oktober ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 3.387 Fäll am Verglach zu 1.280 Fäll an der Woch virdru staark geklommen (+265%). D'Zuel vun de Kontakter huet mat 9.980 Kontakter am Verglach zu 7.878 Kontakter virdrun och e ganz héije Niveau erreecht (+27%).

D'Zuel vun den duerchgefouerte PCR-Tester läit bei 60.669 am Verglach zu 47.939 an der viregter Woch.

Den 25. Oktober goufen et insgesamt 4.682 aktiv Infektiounen (par rapport zu 2.112 den 18.10.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 8.765 op 9.570 geklommen ass. Et goufen zwielef nei Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19.

D'Erhéijung vun der Zuel un neie positiv geteste Persounen gëtt begleet vun enger Erhéijung vu Patienten an de Klinicken. Dës Erhéijung konzentréiert sech op déi normal Soinen, wat virun allem duerch d'Altersstruktur vun de positive Fäll z'erklären ass.

An der Woch vum 19. bis 25. Oktober ass den Duerchschnëttsalter vun de positiv diagnostizéierte COVID-19-Fäll op 40,3 Joer geklommen.

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 1,17 op 1,52 geklommen an de Positivitéitstaux vun den Tester läit bei 5,59% par rapport zu 2,67% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt).

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 541 pro 100.000 Awunner, respektiv 745 pro 100.000 Awunner op 14 Deeg gekuckt.

D'Evolutioun vum Inzidenz-Taux an deene leschten 9 Woche weist eng rezent Erhéijung an allen Alterskategorien. D'Alterstranche vu 15-29 Joer bleift weider am meeschte betraff, gefollegt vun der Alterstranche vun 30-59 Joer, déi an der leschter Woch erëm déi stäerkst Erhéijung vermierkt huet. D'Inzidenz bei de Jonke vun 0-14 Joer ass zweemol esou niddereg ewéi bei deenen Erwuessenen. Et muss och vermierkt ginn, dass et eng staark Erhéijung bei de Leit vun der Alterskategorie 75+ gëtt.

Quarantän an Isolatioun

 

An der Woch vum 19. bis 25. Oktober waren 3.948 Persounen a Quarantän (+23% par Rapport zu der viregter Woch) a 3.239 an Isolatioun (+93% par Rapport zu der viregter Woch).

Opdeelung vun der Quarantän no Alterstranche

   

0-14 Joer

15-29 Joer

30-44 Joer

45-59 Joer

60+ Joer

24/08/2020

30/08/2020

19%

30%

22%

22%

7%

31/08/2020

06/09/2020

19%

31%

23%

21%

5%

07/09/2020

13/09/2020

24%

24%

24%

20%

7%

14/09/2020

20/09/2020

30%

23%

23%

18%

6%

21/09/2020

27/09/2020

30%

25%

21%

18%

6%

28/09/2020

04/10/2020

23%

30%

20%

20%

7%

05/10/2020

11/10/2020

26%

29%

18%

20%

7%

12/10/2020

18/10/2020

23%

30%

18%

22%

7%

19/10/2020

25/10/2020

26%

27%

20%

20%

8%

 

Kontaminatioun

 

Ënner den noweisbare Kontaminatiounsgrënn bleift de Familljekrees déi heefegst Source mat 27,6%. D'Zuel vun de Fäll am Hëllefs- a Fleegesecteur geet an d'Luucht.

 

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2:

 

Dem leschte CORONASTEP Rapport no, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, huet de Kontaminatiounsniveau sech duerch de SARS-CoV-2 am Ofwaasser tëschent dem 19. an dem 25. Oktober an de Kläranlage quasi vervéierfacht am Verglach zum Héchststand Enn Mäerz. D'Erhéijung vun den deegleche Stréimunge vum SARS-CoV-2 ass an allen Kläranlagen festgestallt ginn, mat enger méi niddereger Konzentratioun zu Wooltz.

D'Rapporte vu CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/fr/covid-19/.

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

 

Aktualiséiert