Ouverture vun zwee Centre de prélèvement COVID-19 zu Esch an zu Diddeleng

Fir der grousser Demande un diagnostesche Coronavirus-Tester nozekommen, wäerten zwee Centre-de-prélèvementen (CDP) hir Dieren dës Woch opmaachen.

  • Ab Dënschdeg 3. November um 12 Auer mécht de Centre de prélèvement fir COVID-19-Tester zu Esch-Uelzecht (2, rue Jos Kieffer) op.

Fir den Test brauch ee KEE Rendez-vous, mee et kënnen awer just Persoune getest ginn, déi eng Ordonnance vum Dokter hunn. Kanner kënnen eréischt ab 6 Joer getest ginn.

Ëffnungszäiten: 7 Deeg op 7 (vun 10-17 Auer).

  • Ab Freideg 6. November, mécht de Laboratoire national de santé ee Centre de prélèvement fir COVID-19-Tester - Drive-in um Site vum LNS zu Diddeleng (1, rue Louis Rech) op.

Den ass nëmmen op Rendez-vous, mee et kënnen awer just Persoune getest ginn, déi eng Ordonnance vum Dokter hunn. Kanner kënnen eréischt ab 6 Joer getest ginn. De Rendez-vous kann iwwert den Internetsite https://rdv.lns.lu/ geholl ginn.

Ëffnungszäiten: Méindeg - Samschdeg (vun 9-17 Auer).

Et sief och drop higewisen, datt verschidde privat Laboratoiren hir Offer fir PCR-COVID-19-Tester am Laf vun der Woch erhéijen. Fir méi Informatiounen, consultéiert déi jeeweileg Sitten.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert