COVID-26: Réckbléck op d'Woch vum 26. Oktober bis den 1. November

An der Woch vum 26.Oktober bis den 1. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 4.701 Fäll am Verglach zu 3.388 Fäll an der Woch virdru staark geklommen (+39%). D'Zuel un identifizéierte Kontakter ass och weider geklommen a läit elo bei 12.562 (+26%). D'Altersmoyenne vun de positive Fäll ass liicht vu 40,3 op 41,2 Joer geklommen.

D'Zuel vun den duerchgefouerte PCR-Tester läit bei 76.614 am Verglach zu 61.109 an der viregter Woch.

Den 1. November goufen et insgesamt 8.224 aktiv Infektiounen (par rapport zu 4.683 den 25.10.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 9.570 op 10.716 geklommen ass. An där betruechter Woch gouf et och 14 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verlgach zu 12 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 82 Joer.

D'Erhéijung vun der Zuel un neie positiv geteste Persoune gëtt begleet vun enger Erhéijung vu Patienten an de Klinicken, virun allem an der normaler Fleeg.

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 1,62 op 1,19 liicht erof gaangen an de Positivitéitstaux vun den Tester läit bei 6,14% par rapport zu 5,54% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt).

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 750 pro 100.000 Awunner, respektiv 1.292 pro 100.000 Awunner op 14 Deeg gekuckt. En ass erëm an allen Alterskategorien eropgaangen. D'Alterstranche vu 15-29 Joer bleift weider am meeschte betraff, gefollegt vun der Alterstranche vun 45-59 Joer, souwéi der Alterstranche 75+. Déi stäerksten Erhéijung gouf et bei der Alterstranche vu 60-74 Joer. D'Inzidenz bei de Jonke vun 0-14 Joer ass zweemol esou niddereg ewéi bei deenen Erwuessenen.

Quarantän  an Isolatioun

An der Woch vum 26. Oktober bis den 1. November, waren 8.149 Persounen a Quarantän (5.531 an der viregter Woch) a 6.251 an Isolatioun (3.241 an der viregter Woch).

Kontaminatioun

De Kontaminatiounstaux, fir déi den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, bleift weiderhin héich. Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De leschte CORONASTEP Rapport, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, weist, dass tëschent dem Ufank an dem Enn vun der Woch vum 26. Oktober d'SARS-CoV-2 RNA-Stréim am Ofwaasser an e puer Kläranlage liicht zeréckgaange sinn, wärend se an anere geklomme sinn. Déi an allen Kläranlagen nogewise Kontaminatiounswäerter weisen allerdéngs weiderhin héich Wäerter un, wat op eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser hindeit. De komplette Rapport ass disponibel op der Websäit vum LIST: https://www.list.lu/fr/covid-19

 

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert