COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 23. bis den 29. November

An der Woch vum 23. bis de 29. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 3.565 Fäll, am Verglach zu 3.851 Fäll an der Woch virdru, liicht zeréckgaangen (-8%), mee bleift op héijem Niveau. D'Zuel un identifizéierte Kontakter ass dogéint weider eropgaangen a läit elo bei 16.052 (+7%), wat weiderhin op déi substanziell Verstäerkung vun der Contacttracing-Ekipp zeréckzeféieren ass.

D'Altersmoyenne vun de positive Fäll ass liicht vun 39,8 op 38,8 Joer erofgaangen.

D'Zuel vu PCR-Tester déi an der Woch vum 23. bis de 29. November duerchgefouert goufen, läit bei 69.558, par Rapport zu 69.680 an der Woch virdrun.

De 29. November goufen et insgesamt 8.362 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 9.010 den 22.11.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 21.829 op 25.995 geklommen ass. An där betruechter Woch gouf et och 47 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 38 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 80 Joer.

An der Woch vum 23. bis den 29. November goufen 176 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg an 43 an der Intensivfleeg vermierkt, géintiwwer 186, respektiv 45 an der viregter Woch.

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 1,00 op 0,98 erofgaangen an de Positivitéitstaux vun den Tester läit bei 5,13% par rapport zu 5,53% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt).

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 569 pro 100.000 Awunner, respektiv 1.184 pro 100.000 Awunner op 14 Deeg gekuckt. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 16. November den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 615 Fäll pro 100.000 Awunner louch.

En ass an den Alterstranchë vu 0-14 Joer geklommen, wärend e bei allen aneren Alterstranchen, an doduerch och an der Gesamtpopulatioun, eng Tendenz no ënnen opweist. Zu dësem Zäitpunkt ass d'Inzidenz an allen Alterstranchë ganz änlech, mat Ausnam vun de Persoune vu 60-74 Joer, bei deenen d'Inzidenz manner héich ass.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 23. bis den 29. November ware 7.640 (-5%) Persounen an Isolatioun an 11.203 a Quarantän (+21% par Rapport zu der viregter Woch).

Kontaminatioun

Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong vun der Infektioun net kloer zougeuerdent ka ginn, ass erofgaangen.

Laut enger Analys, déi op 2 kompletten Deeg duerchgefouert gouf (23.–24.11) an 988 Fäll ëmfaasst, ass de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 39,7% vun de COVID-19-Infektiounen.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De leschte CORONASTEP Rapport, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, weist, dass an der Woch vum 23. bis den 29. November d'SARS-CoV-2-Stréim am Ofwaasser weider héich bleiwen. Déi erhuewen Donnéeë schéngen allerdéngs den Ofwäertstrend vun de viregte Wochen ze confirméieren, och wann en nach ëmmer schwaach ass. Dës Tendenz wäert eréischt an den nächsten Deeg oder Woche kënne confirméiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:  https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert