COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 30. November bis de 6. Dezember

An der Woch vum 30. November bis de 6.Dezember ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 3.797 Fäll, am Verglach zu 3.565 Fäll an der Woch virdru, liicht an d'Luucht gaangen (+7%). D'Zuel un identifizéierte Kontakter ass dogéint erofgaangen a läit elo bei 10.708 (-36%).

D'Altersmoyenne vun de positive Fäll ass liicht vun 38,8 op 40,2 Joer eropgaangen.

D'Zuel vu PCR-Tester déi an der Woch vum 30. November bis de 6. Dezember duerchgefouert goufen, läit bei 69.959, par Rapport zu 69.558 an der Woch virdrun.

De 6. Dezember goufen et insgesamt 8.324 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 8.453 den 29.11), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 25.901 op 29.792 geklommen ass. An där betruechter Woch gouf et och 38 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 50 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer.

An der Woch vum 30. November bis de 6. Dezember goufen 160 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg an 41 an der Intensivfleeg vermierkt, géintiwwer 176, respektiv 43 an der viregter Woch.

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 0,97 op 1,02 eropgaangen an de Positivitéitstaux vun den Tester läit bei 5,43% par rapport zu 5,13% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt).

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 606 pro 100.000 Awunner, respektiv 1.181 pro 100.000 Awunner op 14 Deeg gekuckt. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 23. November den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 569 Fäll pro 100.000 Awunner louch.

Mat Ausnam vun der Alterstranche 0-14 Joer, ass den Inzidenz-Taux an all deenen aneren Alterstranchë liicht geklommen, an domadder och an der Gesamtpopulatioun. Zu dësem Zäitpunkt ass d'Inzidenz an allen Alterstranchë ganz änlech, mat Ausnam vun den Tranchë vun 10-14 Joer a 60-74 Joer wou d'Inzidenz manner héich ass.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 30.November bis de 6. Dezember ware 7.412 (-3%) Persounen an Isolatioun an 12.178 a Quarantän (-3% par Rapport zu der viregter Woch).

Kontaminatioun

Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, bleift weiderhin héich bei 38,9%.

Laut enger Analys, déi op 2 kompletten Deeg duerchgefouert gouf (30.11 an 01.12) an 1.141 Fäll ëmfaasst, ass de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 35,3% vun de COVID-19-Infektiounen.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De leschte CORONASTEP Rapport, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, weist, dass an der Woch vum 30. November bis de 6. Dezember d'SARS-CoV-2-Stréim am Ofwaasser weider héich bleiwen. Déi lescht gesammelt Donnéeë, besonnesch um Enn vun der betraffener Woch, schéngen allerdéngs den Ofwäertstrend vun de viregte Wochen ze confirméieren. ​ Dës Tendenz wäert eréischt an den nächsten Deeg oder Woche kënne confirméiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert