Levée vun der temporärer Suspensioun vun de Passagéierflich aus dem Vereenegte Kinnekräich an aus dem Grand-Duché an dat Vereenegt Kinnekräich

Déi temporär Suspensioun vun de Passagéierflich aus dem Vereenegte Kinnekräich an aus dem Grand-Duché an dat Vereenegt Kinnekräich, gëtt ab dësem Mëttwoch, 23. Dezember 2020, um Mëtternuecht opgehuewen.

©ANA
Illustration

Ab Muer kënnen d'Flich erëm wéi gewinnt stattfannen.

Passagéier, déi op Lëtzebuerg reese musse folgend Konditiounen erfëllen:

  • en negative PCR-Test virleeën, dee manner wéi 48 Stonnen al ass;
  • en negative PCR-Test virleeën, deen tëschent 48 bis 72 Stonnen al ass. Dës Persoune mussen en neie PCR-Test um Flughafe Lëtzebuerg maache loossen a sech an Eeege-Quarantän versetzen, bis d'Resultat vum Test virläit.

Antigen-Tester ginn ënnert deene selwechte Konditiounen akzeptéiert. Dozou gehéieren Tester, déi de WHO-Krittären entspriechend eng Sensitivitéit vu ≥80% an eng Spezifizitéit vu ≥97% par Rapport zu de PCR-Tester erreeche mussen (Antigen detection in the diagnosis of SARS-CoV-2 infection using rapid immunoassays. ​ Interim guidance, 11 September 2020.)

Fir Informatiounen zu de Fluchpläng, informéiert Iech wgl. bei deene jeeweilege Fluchgesellschaft.

 Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, vum Gesondheetsministère a vum Aussen- an Europaministère  

Aktualiséiert