12 nei COVID-19-Infektioun zu Lëtzebuerg

D'Direction de la santé deelt mat, datt 12 nei Infektioune mam Coronavirus COVID-19 diagnostizéiert goufen. Bis elo gouf bei zwee Fäll eng lokal Transmissioun festgestallt.

D'Evaluatioun vun der Situatioun leeft.

Ee Fall gouf um Site vum Hôpitaux Robert Schuman (HRS) um Kierchbierg diagnostizéiert. Fir déi ëffentlech Gesondheet ze schützen huet den HRS folgend Sécherheetsmoossnamen festgehalen:

  • Verstäerkte Kontroll bei der Haaptentrée
  • Limitatioun vun de Visitte bei Patienten
  • Reservatioun vum Parking exklusiv fir d'Personal an d'Medizinner
  • Suspensioun vun de programméierte chirurgeschen Agrëffer
  • Bedeitend Reduzéierung vun der ambulanter Betreiung

D'Ëffentlechkeet ass gebieden den FAQ um Site www.gouvernement.lu/coronavirus fir allgemeng Informatiounen an d'Preventiounsmoossnamen ze consultéieren. Eng Hotline fir d'Bevëlkerung kann ënnert der Nummer 8002 8080 erreecht ginn.

D'Regierung weist dorop hin, dass d'Leit, wa si Symptomer vun enger Infektioun opweisen (Houscht, Féiwer oder Otemproblemer), net solle bei den Dokter oder an d'Urgencë goen, mee den 8002 8080 sollen uruffen, oder am Noutfall den 112. Weiderhi sollen déi Persoune keng vulnerabel Leit besichen.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert