De Ministère

Déi rezent Evolutioun vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft

An der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert ass d'Landwirtschaft zu Lëtzebuerg, genee wéi an all den aneren europäesche Länner, engem déifgräifende Restrukturéierungsprozess ënnerworf ginn. Et handelt sech ëm déi Period, wou d'Lëtzebuerger Landwirtschaft an den europäesche Gemeinsame Maart integréiert an op dëse Schratt virbereet ginn ass.

An där Period ass d'Lëtzebuerger Landwirtschaft vum Verschwanne vun 8.000 Bauerebetriber, dem Réckschrëtt vu 6.000 ha vun der genotzter Agrarfläch, engem Réckgang vun der Bevëlkerung an de landwirtschaftlechen Aarbechtskräften, engem Opschwong vun der Mechaniséierung, engem ëmmer méi groussen Asaz vun der Innovatioun dank de villen neie Produktiounsmëttel an -techniken, enger eendeiteger Neiorientéierung vun de Feldkulturen op d'Rëndfleeschproduktioun an dem Opkomme vun der biologescher Landwirtschaft gepräägt.

Dobäi kënnt et zu enger Konzentratioun vun de Betriber an enger Hausse vun der Produktivitéit.

Zanter 1962 huet d'Zuel vun den Haaptbetriber vu méi wéi 50 ha sech versechsfacht an hir duerchschnëttlech Gréisst ass vu 64 ha op 104 ha eropgaangen.

Missiounen an Attributioune vum Ministère

De Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung huet folgend Kompetenzberäicher:

  • d'Liewensmëttelproduktioun an der Landwirtschaft, dem Wäibau an dem Gaardebau;
  • d'Aspekter vun der Liewensmëttelsécherheet am Zesummenhang mat der Primärproduktioun;
  • d'Entwécklung vum ländleche Raum.

Eng modern, multifunktionell a virun allem nohalteg Landwirtschaft muss sech duerch d'Complementaritéit vun der Produktivitéit, dem Ëmwelt- an Déiereschutz, der Qualitéit vun de Produkter, den Aarbechtsplazen an enger ausgeglachener Raumuerdnung auszeechnen. Déi national Strategie fir dëse Secteur stëmmt mat de sechs Prioritéiten, déi an der Reglementatioun vum Europaparlament an dem Conseil iwwert d'Ënnerstëtzung vun der ländlecher Entwécklung duerch den Europäesche Landwirtschaftsfong fir d'Entwécklung vum ländleche Raum festgeluecht sinn, iwwerteneen.

Den Agrarsecteur dréit esou zur Strategie Europa 2020 bäi, andeems en déi nei Erausfuerderunge vun eiser Gesellschaft - besonnesch déi ekonomesch, sozial, ëmweltpolitesch, klimapolitesch an technologesch Defien - bewältegt, an och doduerch, datt en zur Fërderung vun engem intelligenten, nohaltegen an integrative Wuesstem bäidréit.

Zousätzlech zu dësen Erausfuerderunge mussen d'Betriber sech dauernd un déi meteorologesch Bedéngungen an déi stänneg nei Situatiounen op den Agrarmäert upassen.

An dësem Kontext soll ënnerstrach ginn, datt d'Baueren eis et net nëmmen erlaben, eis ze ernären, mä och zum Erhale vun eise ländleche Géigenden an eisen natierleche Ressourcen am Interêt vun eis all bäidroen. Se spillen och eng zentral Roll an der Revitaliséierung vum ländleche Raum an der ländlecher Ekonomie.

Gemeinsam Agrarpolitik

Déi Gemeinsam Agrarpolitik (GAP) ass d'Äntwert vun Europa op d'Noutwendegkeet, 22 Millioune Baueren a landwirtschaftlechen Aarbechter en anstännege Liewensstandard ze garantéieren, an och fir eng bestänneg, sécher a gesond Liewensmëttelversuergung fir déi 500 Millioune Bierger ze suergen. Als gemeinsam EU-Politik stäerkt d'GAP d'Kompetitivitéit an d'Liewensfäegkeet vun der Landwirtschaft an Europa duerch d'Bereetstelle vun den Direktzuelungen, déi d'Stabiliséierung vum Akommes vun de landwirtschaftleche Betriber ustriewen. Si finanzéiert och Projeten, déi spezifeschen nationale Besoine Rechnung droen, dëst duerch national Entwécklungsprogrammer fir de ländleche Raum, déi och d'Agrarwirtschaft an d'Liewen an de ländleche Géigenden ofdecken.

D'GAP gesäit och eng Rei Maartmoossnamen - dorënner Instrumenter fir d'Volatilitéit vun de Präisser an aner Maartschwieregkeeten ze bewältegen - an zousätzlech Elementer, wéi d'Qualitéitslabelen oder d'Promotioun vun den Agrarprodukter aus der Europäescher Unioun, vir, déi d'Aktioun vun der GAP, fir d'Baueren ze ënnerstëtzen, ergänzen.

Verschidde politesch Prioritéiten, fir déi d'Fonge vun der GAP misste genotzt ginn, goufen um europäeschen Niveau festgeluecht: de Wuesstem an d'Beschäftegung, d'Nohaltegkeet, d'Moderniséierung, d'Innovatioun an d'Qualitéit. Doriwwer eraus huet Lëtzebuerg en Handlungsspillraum, fir souwuel d'Direktzuelunge wéi och de Programm fir d'Entwécklung vum ländleche Raum u seng spezifesch Besoinen unzepassen.

Méi gerecht an ekologesch Direktzuelungen

D'Lëtzebuerger Baueren, esou wéi hir Homologen an der ganzer Europäescher Unioun, musse sech un "Ekologiséierungsregelen" halen, déi sécherstelle sollen, datt si hir Felder op eng nohalteg Aart a Weis bewirtschaften an zu den Efforte fir d'Verbesserung vun der Buedemqualitéit a fir d'Bekämpfung vum Klimawandel an dem Verloscht vun der Biodiversitéit bäidroen.

An dësem Kontext, bezéie sech 30 % vun den Direktzuelunge pro Hektar op d'Anhale vun dräi ëmweltfrëndleche landwirtschaftleche Verfahren: d'Diversifizéierung vun de Kulturen, d'Erhale vun den Dauerwisen an d'Verwendung vu 5 % vum Ackerland fir Ëmweltschutzmoossnamen (déi sougenannten "surfaces d’intérêt écologique"). Lëtzebuerg applizéiert déi normal Basisprämieregelung fir d'Direktzuelungen un d'Baueren a wäert de Montant vun de Bezuelunge pro Hektar, déi de Baueren zoustinn, bis 2019 progressiv upassen.

Lëtzebuerg huet ausserdeem eng forfaitär Bezuelung fir jonk Baueren ageféiert.

Ënnerstëtzung vun de grousse Prioritéite vun der ländlecher Entwécklung zu Lëtzebuerg

Déi ländlech Entwécklung ass den zweete Pilier vun der GAP. E bitt de Memberstaaten en europäesche Finanzkader, fir kofinanzéiert Programmer op nationalem oder regionalem Niveau am Kader vun enger pluriannueller Programmplanifikatioun ze verwalten.

Fir den Erausfuerderunge gerecht ze ginn, strukturéiert de lëtzebuergesche Programm fir d'Entwécklung vum ländleche Raum (programme de développement rural – PDR) sech ronderëm 4 europäesch Prioritéiten, vun deenen déi wichtegst d'Prioritéit 4 ass: d'Retabléieren, d'Erhalen a d'Stäerke vun den Ökosystemer, déi mat der Landwirtschaft an de Bëscher verbonne sinn.

Déi verschidde Prioritéite vum PDR 2014-2020 hu folgend Ziler:

-       Liewensfäegkeet a Kompetitivitéit vun de Bauerebetriber

-       Retabléieren, Erhalen a Stäerke vun den Ökosystemer, déi mat der Landwirtschaft an de Bëscher verbonne sinn

-       Effikassitéit vun de Ressourcen a Klima

-       Sozial Inklusioun a lokal Entwécklung an de ländleche Géigenden

D'Gesetz vum 27. Juni 2016 iwwert d'Ënnerstëtzung vun der nohalteger Entwécklung vun de ländleche Géigende setzt ënner anerem d'Moossnamen, déi de Programm fir d'Entwécklung vum ländleche Raum virgesäit, ëm. Ausserdeem gëtt e legale Kader fir staatlech Bäihëllefe fir den Zäitraum 2014-2020 festgeluecht, am Sënn vun der Reform vun der GAP, sou wéi se hei uewe beschriwwen ass.

Ländlech Entwécklung an de Gemengen

Säit 1990 begleet de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung d'Gemengen aktiv beim Ausschaffe vu kommunalen Entwécklungsprogrammer a –pläng.

Niewent der logistescher an technescher Ënnerstëtzung bedeelegt e sech un de Fraise fir d'Entwécklung vu kommunale Planifikatiounsprogrammer, woubäi déi betraffe Gemengen e maximalen Taux vu 50 % vun de Gesamtkäschten droe mussen.

Während dem integréierten a participative Prozess fir déi kommunal Entwécklungsprogrammer gëtt eng Diagnos vun den Uertschaften op Basis vun engem detailléierten Inventaire fir déi verschidden Themeberäicher entwéckelt:

  • de regionale Kontext, déi demographesch Entwécklung, déi sozioekonomesch Strukturen an déi kollektiv Ariichtungen
  • de Liewensraum an d'Wunngebidder, déi kommunal Raumuerdnung an déi urbanistesch Entwécklung
  • déi natierlech a mënschlech Ëmwelt, d'Ekologie an de Wunngebidder
  • déi soziokulturell Aktivitéiten, déi lokal Identitéit an d'Treffpunkten.

Dës integréiert a participativ Approche huet als Zil, eng gemeinsam Strategie fir nohalteg Entwécklung auszeschaffen, déi vun de lokale Responsabel an den interesséierten Acteure vun der Zivilgesellschaft wäithin zougestëmmt an ënnerstëtzt gëtt. D'Ëmsetzung vun dëser Approche gëtt duerch d'Gesetz vum 27. Juni 2016 ënnerstëtzt.

LEADER

"Liaison Entre Actions de Développement de l'Economie Rurale" (LEADER) ass eng Initiativ vun der Europäescher Unioun, déi als Zil huet, Verbindungen tëschent Projeten an Acteuren aus der Wirtschaft am ländleche Raum hierzestellen. D'Objektiv ass, Mënschen a ländleche Regiounen ze mobiliséieren an hinnen ze hëllefen, hir eegen Iddien ze verwierklechen an nei Weeër auszeprobéieren.

D'Lokal Aktiounsgruppen (LAG) sinn d'Beneficiairë vu LEADER. An dëse Gruppe schaffen ëffentlech Partner (Gemengen) a privat Partner aus de verschiddene sozioekonomesche Secteuren zesummen. D'LAGe sinn, entspriechend dem Bottom-up-Usaz, fir d'Ausschaffen an d'Ëmsetze vun de Strategië fir eng lokal Entwécklung zoustänneg.

Säit der Aféierung zu Lëtzebuerg am Joer 1991 ass LEADER zu engem wichtege Bestanddeel vun der regionaler an nationaler Politik fir d'Entwécklung vum ländleche Raum ginn. Dank LEADER si 440 innovativ Projeten duerchgeféiert ginn. Vill Mënschen aus de ländleche Regiounen waren a LEADER-Projeten agebonnen a konnten e Méiwäert doraus zéien.

LEADER ënnerstëtzt och d'Bevëlkerung an d'Wirtschaft, schaaft Aarbechtsplazen, belieft dat kulturellt a soziaalt Liewen, gëtt Impulser fir d'Notzung vun all de Potenzialer, huet als Zil, d'Bevëlkerung an déi verschidden Aktiounen anzebannen, stellt Verbindungen tëschent deenen, déi sech engagéieren, hier, erméiglecht innovativ Iddien a knëppt Kontakter tëschent de Bierger a ganz Europa.

Aktualiséiert