Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung // D’Lëtzebuerger Regierung
Attributiounen
De Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung huet folgend Kompetenzberäicher: d'Liewensmëttelproduktioun an der Landwirtschaft, dem Wäibau an dem Gaardebau, d'Aspekter vun der Liewensmëttelsécherheet am Zesummenhang mat der Primärproduktioun an déi ländlech Entwécklung.
Eng modern, multifunktionell a virun allem nohalteg Landwirtschaft muss sech duerch d'Complementaritéit vun der Produktivitéit, dem Ëmwelt- an Déiereschutz, der Qualitéit vun de Produkter, den Aarbechtsplazen an enger ausgeglachener Raumuerdnung auszeechnen. Déi national Strategie fir dëse Secteur stëmmt mat de sechs Prioritéiten, déi an der Reglementatioun vum Europaparlament an dem Conseil iwwert d'Ënnerstëtzung vun der ländlecher Entwécklung duerch den Europäesche Landwirtschaftsfong fir d'Entwécklung vum ländleche Raum festgeluecht sinn, iwwerteneen.
Norichten
-
Konferenz: Wat wäerte mir muer iessen ?
Den 10. Mäerz 2023 organiséiert de Ministère fir Konsumenteschutz, zesummen mam Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung eng Konferenz zum Thema Ernierung: "Konferenz: Wat wäerte mir muer iessen ? D'Defien vun der Liewensmëttelproduktioun am Kader vun engem Konsum am Wandel".
-
15. Lëtzebuerger Wäibaudag Réckbléck op d'Wäijoer 2022 an en Ausbléck op dat neit Agrargesetz
Déi 15. Editioun vum Lëtzebuerger Wäibaudag, déi vum Lëtzebuerger Wënzerverband an dem Institut viti-vinicol (IVV) organiséiert gouf, huet e Mëttwoch, den 1. Februar 2023, am Centre culturel zu Wuermer a Presenz vum Claude Haagen, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung stattfonnt.
-
Ee vereinfachte legale Kader fir d'Harmoniséierung vun den offizielle Liewensmëttelkontrollen
"Den héijen Niveau vun der Liewensmëttelsécherheet, dee mir am Grand-Duché ustriewen, erfuerdert een harmoniséierten a vereinfachte legale Kader", erkläert de Minister Claude Haagen no der Sëtzung vum Regierungsrot de 27. Januar 2023.
-
Konstruktiven Echange mat de Vertrieder vu Landwirtschaft, Wäibau a Gäertnerei beim "Agrarsommet"
Op Ufro vum Agrarsecteur haten de Staats- a Premierminister Xavier Bettel, de Claude Haagen, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, an d'Joëlle Welfring, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Vertrieder aus der Landwirtschaft, dem Wäibau an der Gäertnerei de 26. Januar 2023 op den "Agrarsommet" um Schlass Senneng invitéiert.