Konsumenteschutz

D'Direktioun fir Konsumenteschutz setzt sech dofir an fir d’Rechter vun de Konsumenten zu Lëtzebuerg ze garantéieren. 

D’Direktioun wëllt een Ëmfeld schafen, an deem de Konsument informéiert, opgekläert a beschützt gëtt. Si schafft aktiv un der Verbesserung vun der Konsumentepolitik am Bannemaart an op nationalem Niveau a stellt sécher, dass d’Rechter vun de Konsumente bei alle Geschäftstransaktioune respektéiert ginn.

D’Direktioun fir Konsumenteschutz setzt sech och fir d’Passagéierrechter an a suergt dofir, dass de Passagéier adequat geschützt ass.

Donieft schafft d‘Direktioun mam Conseil de la Concurrence, dem CEC Luxembourg an der ULC zesummen, fir den Informatiounsaustausch ze stäerke fir dass d’Interessi vun de Konsumente besser kënne geschützt ginn.

Ee verantwortungsvolle Konsum ass och ee wichteg Sujet. Sou gi verantwortungsbewosst Konsumpraktiken, bei deenen opgekläerten Entscheedungen am Vierdergrond stinn, aktiv ënnerstëtzt.

Fir d‘Transparenz vun de Präisser ze garantéieren, spillt d'Direktioun fir Konsumenteschutz och eng wichteg Roll. Bei der Kontroll vum Affichage vun de Präisser gëtt dofir mat sëllegen Acteuren aus der Wirtschaft zesummegeschafft fir iwwert dëse Wee d’Vertraue vum Konsument an de Maart ze garantéieren.

Dir fannt weider Informatiounen iwwert de Konsumenteschutz op der speziell ageriichter Säit mpc.gouvernement.lu.

Aktualiséiert