Coronavirus: Virsiichtsmoossnamen an Ausnamereegelunge an der Landwirtschaft

Vu d'Evaluatioun vum Coronavirus COVID-19, huet d'Regierung Virsiichtsmoossnamen an Ausnamereegelunge en Place gesat, déi och d'Landwirtschaft betreffen.

D'Regierung passt op, dass déi allgemeng Aktivitéit net ënnerbrach gëtt, fir d'Versuergungsketten oprechtzëerhalen. Dëst bedeit, dass d'Baueren an déi Professionell aus der Landwirtschaft kënne weider schaffen, ënner der Bedéngung, dass si keng Ëffentlechkeet empfänken, an dass si d'Virsiichtsmoossnamen (gestes barrières) respektéieren.

Duerch d'Aschränkung vun den Deplacementer fir d'Ëffentlechkeet an déi doduerch entstane Limitatioune vun den ekonomeschen Aktivitéiten, bleiwe folgend Aktivitéiten an der Landwirtschaft erlaabt:

  • Akafe vu landwirtschaftlechen, viticolen, horticolen a sylvicole Produiten,
  • Deplacementer op d'Aarbechtsplaz,
  • Deplacementer bei kommerziell Ariichtungen an Déngschtleeschter, 
  • Aktivitéite wéi Depannage, Verdeelung, Dekontaminatioun (inklusiv doudeg Déieren ewechhuelen) an noutwendeg Entretienen aus Sécherheetsgrënn.  

Déi grondleeënd Aktivitéit vum Liewensmëttelsecteur bleift also oprechterhalen. Dës Ausnamereegelungen, déi vun der Regierung agefouert goufen, garantéieren de weidere Fonctionnement vun der Produktiounskette fir qualitativ Liewensmëttel zu Lëtzebuerg, d'Liwwerung vu landwirtschaftleche Betribsmëttel un d'Veraarbechtungsstrukturen, d'Fudderliwwerunge fir d'Déieren an den Transport vun Déieren.

De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung ënnersträicht dass d'Baueren an all déi Professionell aus dem Secteur en grondleeënde Pilier an onverzichtbar fir d'Beliwwerung vun der Liewensmëttelkette sinn, déi vital fir d'ganz Populatioun ass.

De Romain Schneider hëlt d'nächst Woch un der ausseruerdentlecher Videokonferenz Deel vun de Membere vum Conseil "Landwirtschaft a Fëscherei", fir de Point ze maachen op d'Auswierkunge vun der Epidemie op déi europäesch Landwirtschaft a fir déi néideg Moossnamen ze huelen fir dës schwiereg Zäit ze iwwerstoen.

 

Communiqué vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung

Aktualiséiert