D'Hotline 8002 8080, déi am Kontext vun der COVID-19-Epidemie agefouert gouf, bitt elo och psychologesch Ënnerstëtzung op méi Sproochen un, an dat 7 Deeg op 7 vu 7 bis 23 Auer.
An der Zäit wou ee bedéngt duerch d'COVID-19-Epidemie sech sozial ofgrenzt, si vill Persounen eleng mat hire Froen an Onsécherheeten vis-a-vis vun der Krisesituatioun, hirer Angscht an hirem Onwuel.
Dës psychologesch Ënnerstëtzung iwwer Telefon ass fir jiddereen, deen de Besoin verspiert. Héichqualifizéiert Personal ass hei am Déngscht a virbereed eng Persoun an Nout ze begleeden, ganz besonnesch iwwer Teleconsultatioun.
Communiqué vum Gesondheetsministère