Lancement vum online Formulaire fir d'Nout-Indemnitéit vun 2.500 Euro fir Fräiberuffler am professionnelle Beräich vu MyGuichet.lu

Vum 14. Abrëll 2020 un, kënnen all déi betraffe Persounen d'Hëllef vun 2.500 Euro ufroen, an dat op Basis vum groussherzogleche Reglement vum 8. Abrëll 2020 iwwert d'Aféierung vun enger Nout-Indemnitéit fir Fräiberuffler am Kader vun der COVID-19-Pandemie.

De Formulaire fir d'Hëllef unzefroen ass op Guichet.lu disponibel. D'Demande kann een am professionnelle Beräich vu MyGuichet.lu iwwert en Online-Assistent erarrechen an dat via e Produit vu LuxTrust (z.B. Token, Smartcard oder Signing Stick) oder eng elektronesch Identitéitskaart. ​ Dës Applikatioun fir eng Demande online unzefroën gouf vum Wirtschaftsministère mat der Ënnerstëtzung vum Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE) entwéckelt.

Zur Erënnerung, fir vun dëser Hëllef kënnen ze profitéieren, musse verschidde Konditiounen erfëllt ginn. Den Demandeur muss wéinst de Konsequenze vum COVID-19 temporär finanziell Schwieregkeeten hunn, manner wéi 10 Leit beschäftegen a säi professionellt Akommes, deen als Basis fir d'Berechnung vu soziale Cotisatiounen déngt, däerf net zwee an en halleft mol de soziale Mindestloun depasséieren.

De Minister fir Mëttelstand Lex Delles ënnersträicht: "Mir wëllen en digitale Formulaire ubidden deen deene Selbststännegen de Prozess fir d'Demande vereinfacht."

Déi detailléiert Informatioune fënnt een um Site Guichte.lu.

 

Communiqué vun der Direktioun fir Mëttelstand

Aktualiséiert