COVID-19-Neiinfektiounen - Réckbléck op d'Woch vum 28. September bis 4. Oktober

An der Woch vum 28. September bis 4. Oktober ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Residenten ëm 19% eropgaangen, mat 549 Persoune par Rapport zu 460 an der Woch virdrun. D'Zuel vun de Kontakter bleift stabel op héijem Niveau mat 4.619 géigeniwwer 4.666 Kontakter (-1%) am selwechten Zäitraum.

D'Zuel vu PCR-Tester déi bei Residenten duerchgefouert goufe läit bei 38.647 par Rapport zu 36.887 an der Woch virdrun.

De 4. Oktober goufen et insgesamt 1.005 aktiv Infektiounen (par rapport zu 1.122 den 27.09), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 7.129 op 7.793 geklommen ass. D'Opnamekapazitéit vun de Spideeler gouf méi staark an Usproch geholl wéi an der Woch virdrun, awer ouni dës z'iwwerlaaschten. Et gouf zwee weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19.

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 0,77 op 1,12 geklommen an de Positivitéitstaux vun den Tester läit bei 1,42% par rapport zu 1,24% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt).

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 87,68 pro 100.000 Awunner.

An der Woch vum 28. September bis den 4. Oktober ass den Duerchschnëttsalter vun de positiv diagnostizéierte COVID-19-Fäll weider liicht op 37,6 Joer geklommen.

Quarantän  an Isolatioun

An der Woch vum 28. September bis de 4. Oktober waren 1.498 Persounen a Quarantän (-39% par Rapport zu der viregter Woch) a 1.091 an Isolatioun (-0% par Rapport zu der viregter Woch).

Opdeelung vun der Quarantän no Alterstranche

   

0-14 Joer

15-29 Joer

30-44 Joer

45-59 Joer

60+ Joer

10.08.2020

16.08.2020

18%

27%

25%

22%

7%

17.08.2020

23.08.2020

17%

30%

25%

22%

6%

24.08.2020

30.08.2020

18%

30%

24%

21%

6%

31.08.2020

06.09.2020

19%

31%

24%

22%

5%

07.09.2020

13.09.2020

25%

25%

25%

20%

6%

14.09.2020

20.09.2020

30%

23%

23%

18%

6%

21.09.2020

27.09.2020

31%

24%

21%

18%

6%

28.09.2020

04.10.2020

24%

30%

20%

20%

7%

Kontaminatioun

An der Woch vum 28. September bis 4. Oktober war dee wichtegste Kontaminatiounsgrond nees de familiäre Milieu, mat 25% vun de Fäll. 13% vun de Fäll sinn op Auslandsreesen zeréckzeféieren.

Weider hänken 8% vun de Fäll mat der Aarbecht zesummen, 7% mam Educatiounssecteur, 5% mam Fleegesecteur, 3% mat Wunngemeinschaften, 2% mat Familljefeieren oder Fester ënner Kolleegen an 1% mat organiséierte Fräizäitaktivitéiten zesummen.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Dem leschte CORONASTEP Rapport no, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, ass de Kontaminatiounsniveau duerch de SARS-CoV-2 am Ofwaasser tëschent dem 28. September an dem 4. Oktober geklommen ass. Dës allgemeng Tendenz ass haaptsächlech d'Resultat vun enger bedeitender Erhéijung an zwee bestëmmte Kläranlagen: Schëffleng a Wolz. D'Erhéijung vum Kontaminatiounsniveau an der Kläranlag zu Wolz gouf domat elo fir déi drëtt konsekutiv Woch confirméiert. Méi genau ass d'Presenz vum SARS-CoV-2 an néng vun den dräizéng analyséierte Kläranlagen nogewisen an an deene véier aneren net detektéiert ginn. Vun den néng positive Kläranlagen, hunn der zwee ee Kontaminatiounsniveau dee ganz no um Detektiounslimitt vum analyteschen Test waren, wougéint déi aner een änleche Kontaminatiounsniveau wéi an der viregter Woch haten (Woch 39), mat Ausnam vu Schëffleng a Wolz. Déi geografesch Ënnerscheeder bleiwe bestoen an déi selwecht véier Anlage sinn am stäerkste vun der Kontaminatioun betraff.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

 

Aktualiséiert