Zousätzlech Offer u COVID-19-Tester fir Kanner tëschent 2 a 6 Joer

Ab dem 24. November 2020 bitt d'Ligue médico-sociale, an Zesummenaarbecht mam Nationale Gesondheetslabo (LNS), d'Méiglechkeet Kanner tëscht 2 a 6 Joer unhand vun engem PCR-Test op COVID-19 ze testen. D'Prouwe kënnen a folgende Centre-médico-socialë geholl ginn:

  • CMS Luxembourg (2, rue G.C. Marshall; L-2181 Luxembourg)
  • CMS Ettelbruck (2A, avenue Lucien Salentiny; L-9080 Ettelbruck)
  • CMS Dudelange (56, rue du Parc; L-3542 Dudelange)

De Rendezvous kann iwwert d'Websäit www.ligue.lu, respektiv op folgendem Link https://ligue.lu/home/tracing-reservation-en-ligne-1 geholl ginn.

Eng Ordonnance vum Dokter ass Flicht. D'Rendezvouse kënnen am Zäitraum vun 8:30 bis 12:00 Auer stattfannen.

Communiqué vum Gesondheetsministère a vun der Ligue médico-sociale

Aktualiséiert