COVID-16: Réckbléck op d'Woch vum 16. bis den 22. November

An der Woch vum 16. bis de 22. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 3.851 Fäll, am Verglach zu 4.013 Fäll an der Woch virdrun, liicht zeréckgaangen, mee bleift op héijem Niveau. D'Zuel un identifizéierte Kontakter ass däitlech eropgaangen a läit elo bei 15.072 (+69%), wat op eng substantiell Verstäerkung vun der Contacttracing-Ekipp zeréckzeféieren ass.

D'Altersmoyenne vun de positive Fäll ass liicht vu 40,6 op 39,8 Joer erofgaangen.

D'Zuel vu PCR-Tester déi an der Woch vum 16. bis de 22. November duerchgefouert goufen, läit bei 69.076, par Rapport zu 67.734 an der Woch virdrun.

Den 22. November goufen et insgesamt 8.834 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 9.339 de 15.11), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 17.685 op 22.004 geklommen ass. An där betruechter Woch gouf et och 37 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 39 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer.

An der Woch vum 16. bis den 22. November goufen 186 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg a 45 an der Intensivfleeg vermierkt, géintiwwer 170, respektiv 42 an der viregter Woch.

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 0,97 op 1,00 geklommen an de Positivitéitstaux vun den Tester läit bei 5,53% par rapport zu 5,92% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt).

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 615 pro 100.000 Awunner, respektiv 1.256 pro 100.000 Awunner op 14 Deeg gekuckt. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 16. November den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 641 Fäll pro 100.000 Awunner louch.

En ass an den Alterstranchë vu 0-14 Joer a 75+ Joer geklommen, wärend e bei allen aneren Alterstranchen, an doduerch och an der Gesamtpopulatioun, eng Tendenz no ënnen opweist. D'Alterstranche vu 75+ Joer bleift weider am meeschte betraff, gefollegt vun der Alterstranche vu 15-29 Joer. An der Alterstranche vu 60-74 Joer geet den Inzidenztaux fir déi 3. konsekutiv Woch erof an ass domat elo d'Alterstranche mam niddregsten Taux.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 16. bis den 22. November waren 8.057 (-8%) Persounen an Isolatioun an 9.820 a Quarantän (-10% par Rapport zu der viregter Woch).

Kontaminatioun

Den Kontaminatiounstaux vun deem den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, bleift weiderhin héich bei 40%.

Laut enger Analys, déi op 2 kompletten Deeg duerchgefouert gouf (16 – 17/11) an 1.323 Fäll ëmfaasst, ass de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 34,2% vun de COVID-19-Infektiounen.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De leschte CORONASTEP Rapport, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, weist, dass an der Woch vum 16. bis den 22. November d'SARS-CoV-2 RNA-Stréim am Ofwaasser vergläichbar ware mat deenen an den 3 viregte Wochen. De Kontaminatiounsniveau bleift an deenen 13 analyséierte Kläranlagen op héije Wäerter, wat op eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser hindeit. Fir déi 2. Kéier weisen d'Donnéeën, déi dës Woch erhuewe goufen, op ee liichten Ofwäertstrend hin. Dës Tendenz wäert eréischt an den nächsten Deeg oder Woche kënne confirméiert ginn. D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert