De Landwirtschaftsministère denoncéiert d'Kommunikatiounsmethode vu mouvement écologique, natur & ëmwelt a Greenpeace

De Landwirtschaftsministère denoncéiert d'Kommunikatiounsmethode vu mouvement écologique, natur & ëmwelt a Greenpeace an distanzéiert sech vun der ëffentlecher Matdeelung déi haut an der Dagespress ënner falschem Numm verëffentlecht gouf. Mir sinn an enger Zäit wou Fakenews den ëffentlechen Discours erschwéieren an dofir ass et ëmsou méi bedenklech, datt 3 ugesinnen Organisatiounen d'Lieser wëlle bewosst täusche fir esou hir Visioun iwwert d'Neiorientéierung vun der Landwirtschaft bekannt ze maachen.

Communiqué vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung

Aktualiséiert