Sensibiliséierungscampagne "Antigaspi": aacht gëlle Reegele fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen

Am Grand-Duché sinn d'Stéit fir 75% vun der Quantitéit un Liewensmëttel déi ewechgehäit gi responsabel. Fir d'Ëffentlechkeet dozou ze animéieren manner ze verbëtzen, besonnesch elo wärend de Feierdeeg ronderëm Chrëscht- a Neijoerschdag, huet de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung ab dem 13. Dezember 2022, eng Sensibiliséierungscampagne relancéiert.

D'Zil ass et d'Bierger iwwer aacht wichteg "Antigaspi"-Gesten am Alldag ze informéieren an esou d'Liewensmëttelverschwendung ze reduzéieren, déi oft op e Manktem un Informatioun vun de Verbraucher zeréckzeféieren ass.

Laut dem Minister Claude Haagen "entsprécht dës Campagne engem reelle Besoin no Informatioun vun den Awunner vum Grand-Duché. Am September huet eis ILRES-Ëmfro déi decisiv Facteuren ervirgehuewen, déi fir d'Liewensmëttelverschwendung an de Lëtzebuerger Stéit responsabel sinn. 84% vun de Befrote sinn der Meenung, datt eng méi breet Sensibiliséierung vun der Bevëlkerung als Hiewel muss agesat ginn, fir d'Liewensmëttelverschwendung ze reduzéieren. Fir d'Liewensmëttelverschwendung bis 2030 ëm d'Hallschent ze reduzéieren, musse mir also d'Bierger besser informéieren."

Einfach an effizient "Antigaspi"-Reegelen

Déi nei Campagne stellt aacht effizient gëlle Reegele fir de méi responsabelen Ëmgang mat Liewensmëttel vir. Déi héich Liewensmëttelverschwendung ass effektiv net op e virsätzlecht Verhale vun de Verbraucher zeréckzeféieren. Et handelt sech hei éischter ëm Gesten déi op enger lückenhafter Informatioun iwwer den Transport vu frësche Wueren aus dem Supermarché bis heem oder och nach d’Interpretatioun vun de Verbrauchsdatumer baséieren. An deem de Verbraucher dës aacht einfach Gesten a sengem Alldag anhält, ass hie beschtens ekipéiert fir d'Quantitéit u Liewensmëttel déi ewechgehäit ginn ze reduzéieren.

  • Intelligent akafen
  • Krommem Uebst a Geméis eng Chance ginn
  • D'Killketten net ënnerbriechen
  • De Frigo richteg araumen
  • D'Iesswuere richteg lageren
  • D'Haltbarkeet préiwen
  • Keng ze grouss Portiounen huelen
  • D'Reschter kreativ verwäerten

Den Haltbarkeetsdatum vun engem Liewensmëttel iwwerpréiwen ier een et ewechgehäit

Am Kader vun der Etüd, déi leschte September duerchgefouert gouf, hunn 75% vun de Befroten uginn, datt si net déi richteg Definitioun vum Verbrauchsdatum (date limite de conservation -DLC) kennen. Dës Sensibiliséierungscampagne leet dohier besonnesch vill Wäert dorobber, datt déi verschidden Haltbarkeetsdatumer op de Verpackunge richteg verstane ginn.

D'Gemengen als Multiplicateur am Kampf géint d'Liewensmëttelverschwendung

De Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung mobiliséiert och d'Gemengen sech um Kampf géint d'Liewensmëttelverschwendung ze bedeelegen andeems si d'gëlle Reegelen an déi richteg "Antigaspi"-Gestë bei hire Residente fërderen. Esou gouf de praktesche Guide fir d'Gemengen "Zesumme géint d'Liewensmëttelverschwendung  − D'Gemengen als Multiplicateur: Praktesch Rotschléi fir manner ze verbëtzen." nei editéiert.

Am Hibléck op déi bevirstoend Feierdeeg, huet de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, Claude Haagen, d'Bierger ofschléissend opgefuerdert "d'Landwirtschaft ze ënnerstëtzen an deem si regional, saisonal a biologesch Produkter fir hir Menüen privilegiéieren, a gläichzäiteg manner Liewensmëttel verbëtzen.

Communiqué vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung

Aktualiséiert