Agrargesetz: erfollegräich bilateral Reuniounen tëscht dem Minister Claude Haagen an der Landwirtschaftskummer

Nom Avis vun der Landwirtschaftskummer zum Gesetzesentworf Nr. 8060 iwwert d'Ënnerstëtzung vun der nohalteger Entwécklung vum ländleche Raum, aktuell Agrargesetz genannt, hunn sech de Minister Claude Haagen an d'Vertrieder vun der Kummer e puer Mol getrafft fir Léisunge, fir déi doran ugeschwate Probleemer ze fannen. Am Uschloss un déi bilateral Reunioune konnten ënner anerem e puer Accords de principe zu de folgende wichtege Punkte getraff ginn:

  • Definitioun vum aktive Bauer:
    D'Definitioun vum aktive Bauer gouf preziséiert an nei cadréiert, fir datt d'PAC-Aiden méi geziilt op eng produktiv Landwirtschaft ausgeriicht kënne ginn, déi gläichzäiteg zu den Ëmweltziler bäidroen.
  • Ënnerstëtzung fir jonk Baueren: 
    D'Ënnerstëtzung vu jonke Bauere wäert verstäerkt berufflech Qualifikatioune fërderen.
  • Investitiounshëllefen:
    • a) Investitiounshëllefen, déi un déi reell Präisentwécklung ugepasst ginn
    • b) den Investitiounsplaffong fir de Kaf vu landwirtschaftleche Maschinne gëtt och eropgesat
    • c) D'Lëscht vun den eligibele Maschinne gëtt iwwerschafft fir de Besoine vun de landwirtschaftleche Beruffer besser gerecht ze ginn
    • d) D'Hëllefsmesurë ginn esou ugepasst, datt Investitiounen an Ëmwelt- an Déiereschutzziler méi staark ënnerstëtzt ginn.
  • Reduzéierung vun den Ammoniaksemissiounen Well den Déierebestand als Haaptquell fir Ammoniaksemissiounen aus der Landwirtschaft identifizéiert gouf, gouf ee verbindlechen Autorisatiounssystem gewielt, fir eng iwwerproportional Zounam vum Déierebestand ze verhënneren. An dësem Sënn gouf ofgemaach, datt keng Autorisatioune fir eng Erweiderung accordéiert gëtt, wann d'Unzuel vun den Aarbechtseenheete pro Joer, déi sech op déi Déiereproduite vum Betrib bezéien, méi wéi fënnef ausmécht oder wann d'Investitioun dozou féiert, datt d'Unzuel vun den Aarbechtseenheeten op méi wéi 5 klëmmt. Allerdéngs soll och op d'Propositioun vun der Landwirtschaftskummer eng Léisung fonnt ginn, déi et landwirtschaftleche Betriber, déi déi uewe genannte Standarden erfëllen, um neiste Stand vun der Technik sinn an Erfolleger beim Anhale vun den Emmissiounsgrenzwäerter noweise kënnen, ënner bestëmmte Bedéngungen erlaabt, hire Véibestand ze erhéijen. Eng Aarbechtsgrupp bestoend aus Experte vum Ministère an dem Secteur soll ee Monitoringssystem entwéckelen an d'Schwellwäerter festleeën, déi agehale musse ginn.
  • Upassung vum nationale Strategieplang (PSN):
    verschidde Propositioune vun der Kummer wäerten Upassunge vum PSN erfuerderen, dee bannent dee vun der europäescher Kommissioun dofir virgesinne gereegelte Kader duerchgefouert goufen.

Déi gemeinsam erschaffte Léisunge sollen dozou bäidroen, den ökologeschen Erausfuerderungen entgéintzewierken a gläichzäiteg de Fortbestand vum Lëtzebuerger Agrarsecteur ze sécheren.

No der Verëffentlechung vum Avis vum Staatsrot gëtt de Gesetzesentworf 8060 ofgeännert, woubäi besonnesch dës Accorden a zukünfteg Diskussioune berécksiichtegt ginn.

Communiqué vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung

Aktualiséiert