Weltwaasserdag: All Drëps zielt!

Ënnert dem Motto "De Wiessel beschleunegen" ass dësen 22. Mäerz fir déi 30. Kéier de Weltwaasserdag gefeiert ginn. Dësen Dag gouf 1993 vun de Vereenten Natiounen an d'Liewe geruff, fir d'Bewosstsi vun der Bedeitung vun der Ressource Waasser ze schäerfen an där hir nohalteg Gestioun fir zukünfteg Generatiounen ze fërderen. Awer bis dohin, hu mir nach e wäite Wee virun eis.

©jozsitoeroe / Adobe Stock Illustratioun

Waasser ass eng begrenzte Ressource, mat där weltwäit spuersam ëmgaangen a geschützt muss ginn. Am Hibléck op de sech beschleunegende Klimawandel an dem klammende Besoin opgrond vun der demographescher an ekonomescher Entwécklung, ass all Eenzelen opgefuerdert responsabel mat dëser liewenswichteger Ressource ëmzegoen.

Am Kader vum Weltwaasserdag wëll d'Waasserwirtschaftsamt d'Biergerinnen a Bierger un e puer einfach Moossnamen erënneren, déi si an hirem Alldag ëmsetze kënnen, fir Waasser ze spueren an esou aktiv zum laangfristege Schutz vun der Ressource bäidroen:

  • Maacht de Krunn zou beim Zännbotzen - dëst spuert 6 Liter Waasser pro Minutt!
  • Installéiert Stral-, Drockreegeler oder waasserspuerend Duschkäpp.
  • Huelt (kuerz) Duschen amplaz vun enger Bidden - Dir spuert bis zu 100 Liter Waasser!
  • Loosst d'Spullmaschinn an d'Wäschmaschinn just lafen, wann se voll ass. Dat spuert Waasser an Energie!
  • Installéiert e Waasserfaass fir domat Är Planzen ze netzen.
  • Wäscht Ären Auto net Doheem. Fuert an eng Wäschanlag, déi e spezielle System huet, fir d'Waasser ofzeleeden an erëm ze benotzen.
  • Benotzt keng Pestiziden oder Herbiziden. Dës Substanze sickeren an de Buedem a kënnen d'Grondwaasser - d'Drénkwaasser vu Muer - gefäerden.

Obwuel Lëtzebuerg iwwer bal 200 ganz performant Kläranlage fir d'Ofwaasserrengegung verfüügt, si verschidde Substanze schwéier z'eliminéieren a kënnen an de Gewässer landen. Fir de Risk z'évitéieren:

  • Privilegiéiert ëmweltfrëndlech Hygiènes- a Botzproduite par Rapport zu aggressive Produiten.
  • Entsuergt keng gëfteg Substanzen, Medikamenter, Faarfreschter oder Ueleger am Spullsteen, den Toiletten oder an der Kanalisatioun. Verschidde Substanze loossen sech nëmme ganz schwéier eliminéieren a landen och nom Traitement an de Gewässer.      
  • Installéiert ee Mikroplastikfilter an Ärer Wäschmaschinn. Bei all Wäsch léisen sech bal 700.000 Mikrofaseren aus Ärer Kleedung a landen am Ofwaasser!
Weider Informatiounen iwwer de Weltwaasserdag fannt Dir op der offizieller Websäit vun de Vereenten Natiounen: World Water Day. 
Communiqué vum Waasserwirtschaftsamt

Aktualiséiert