Widderruff vun der Marchészouloossung vu Planzeschutzmëttel mam Wierkstoff Glyphosat: d'Verwaltungsgeriicht huet den Appell vum Staat verworf

Den 30. Mäerz 2023 huet d'Cour administrative d'Urteel vum Verwaltungsgeriicht confirméiert, mat deem d'Decisioun iwwer de Widderruff vun der Zouloossung vun aacht Planzeschutzmëttelen, déi de Wierkstoff Glyphosat enthalen, opgehuewe gouf. Dës Decisioun bréngt mat sech, datt d'Zouloossunge fir déi betraffe Planzeschutzmëttel ab dem Datum vun der Urteelsverkënnegung erëm gülteg sinn.

De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Claude Haagen huet d'Decisioun zur Kenntnis geholl. No enger detailléiert Analys vum Urteel wäert de Regierungsrot iwwer déi nächst Schrëtt decidéieren an deen Ament och doriwwer kommunizéieren.

Communiqué vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung 

Aktualiséiert