Romain Schneider sur des cas d'étiquetage frauduleux de produits alimentaires

Romain Schneider: ...fir engersäits de Point ze maachen iwwer d’Situatioun de Moment, an eng Kéier ganz kloer ze kucke vu wou aus dësen Etiketteschwindel - well et ass een, et ass e Schwindel mat Etiketten, a mat falscher Etiketéierung - hierkënnt, an op där anerer Säit awer och ze kucken, wéi kann ee virgoe fir virun allem och emol elo neit Vertrauen, mengen ech, esouwuel an de Consommateur wéi an den Handel, wéi och an d’Produzenten ze kréien. An do huet d’Kommissioun effektiv eng Recommandatioun virgeschloen, déi se muer wäert dem Comité permanent vun der Chaîne alimentaire presentéieren, do wou déi 27 Memberstaaten dra sinn.

Déi gesäit esou aus, datt solle während engem Mount elo a ganz Europa 2500 zousätzlech Prouwe gemaach ginn op DNA am Fleesch, fir ze kucken ob do Päerdsfleesch dran ass. An zwee Tester wäerten och gemaach ginn, do wäert d’Päerdsfleesch esouwuel an de Schluechthaiser wéi och beim Import vu Päerdsfleesch gekuckt ginn, ob eventuell Medikamenter, Réckstänn vun de Medikamenter an dësem Fleesch ass.

Bon, dat heescht, dat soll och esou gemaach ginn, datt dat natierlech an deene 27 Länner gemaach gëtt, an natierlech och proportional opgedeelt gëtt op d’Gréisst vun de Länner.

Michel Delage: Dat do sinn elo éischter méi punktuell Mesuren. Ass och virgesinn an enger nächster Etapp eventuell och strukturell Mesuren ze huele fir esou Saachen eventuell ze ënnerbannen och?

Romain Schneider: Jo, ech mengen dat sinn déi zwee, ee vun deenen zwee anere Punkten.

Den éischte Punkt ass deen, datt Europol chargéiert gëtt domat fir déi eenzel Enquêten an deenen eenzelne Länner ënnerteneen ze koordinéiren, fir schnellstméiglech erauszefanne vu wou aus dësen Etiketteschwindel, dës Fraude hierkënnt.

An zweetens, mengen ech, ass iwwerdeems virgesinn e Rapport vun der Kommissioun iwwer den Étiquetage am Beräich vum Fleesch wat benotzt gëtt fir an anere Plate mat ze verschaffen, fir d’Tracabilitéit do eng Kéier ze analyséieren.

Dëse Rapport soll komme bis Enn 2013. Dee gëtt probéiert elo virzezéien. An da gëtt virun allem och no dësem Rapport gekuckt ob d’Legislatioun muss am Beräich vum Étiquetage muss ugepasst ginn.

Michel Delage: Elo war Lëtzebuerg och Deel vun där Chaîne, vun där Veraarbechtungschaîne do. Sidd Dir als lëtzebuerger Minister do och eventuell zur Rechenschaft gezu ginn?

Romain Schneider: Neen, ech mengen et ass ganz kloer, an och dat wat de Kommissär gesot huet, datt hei kee Memberstaat direkt schëlleg ass, mä datt et ganz einfach hei em eng Fraude commerciale geet, wou een, oder méi Persounen, respektiv eng Entreprise ganz einfach Etiketten ausgetosch huet, an doduerch aus Päerdsfleesch op eemol etiketteméisseg Randfleesch ginn ass.

Mä et ass awer och ganz kloer hei esou, an ech mengen ech hunn dat och gëschter gesot, datt Lëtzebuerg an déi Firma virun allem déi hei zu Lëtzebuerg implantéiert ass, déi fir d’Veraarbechtung do war, fir dat Fleesch ze verschaffen, eigentlech um Enn vun dëser Kette war, an eigentlech ee vun de Victimë war vun dësem Schwindel, deen op enger anerer Plaz lassgaangen ass.

Dernière mise à jour