15. Lëtzebuerger Wäibaudag Réckbléck op d'Wäijoer 2022 an en Ausbléck op dat neit Agrargesetz

Déi 15. Editioun vum Lëtzebuerger Wäibaudag, dee vum Lëtzebuerger Wënzerverband an dem Institut viti-vinicol (IVV) organiséiert gouf, huet e Mëttwoch, den 1. Februar 2023, am Centre culturel zu Wuermer a Presenz vum Claude Haagen, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung stattfonnt.

De Wäibaudag gëllt als wichtegt Event an Informatiounsaustausch fir d'Wënzer. Nieft engem Réckbléck op d'Wäijoer 2022, goufen dëst Joer op der Konferenz ënner anerem dat neit Agrargesetz mat sengen Investitiounshëllefen a Reegelungen, d'Gestioun vum Wäibau ënnert dem Klimawandel, d'Resultater vum Fuerschungsprojet "VinoManAOP" a weider aktuell Themen am Wäibau thematiséiert, dat ganzt an Diskussioun mat internationale Wëssenschaftler an Experten.

A senger Ried huet de Claude Haagen de spannenden Erfarungs- a Wëssensaustausch op dem Lëtzebuerger Wäibaudag ervirgehuewen. D'Familljebetriber vun der Lëtzebuerger Musel wieren eenzegaarteg an et wier e politescht Zil dës ze erhalen, esou de Claude Haagen. Weider huet hien och d'Wënzer drop higewise wéi wichteg de Nowuess an der Wäibranche ass an huet déi ofwiesslungsräich Ausbildungsméiglechkeeten am noen Ausland ervirgehuewen, déi äusserst gutt zesummeschaffen.

Am Hibléck op déi nei Finanzéierungsperiod (2023 bis 2027) huet de Minister Haagen och d'Wichtegkeet vun de LEADER-Projete betount, wéi d'Interprofessioun viticole, déi vum Ministère ënnerstëtzt gëtt, fir grenziwwergräifend Strategien an Zesummenaarbechten ze stäerken. An dësem Beräich wier et besonnesch wichteg den Asaz vun all Eenzelen "bottom up" ze fërderen, fir als e modernt Virbild fir aner Länner erauszestiechen.

De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung huet weider wichteg Zukunftstheme ënnerstrach, wéi de reduzéierten Asaz vu Pestiziden, déi d'Lëtzebuerger Wënzer säit Joren ëmsetzen. De Claude Haagen huet d'Wichtegkeet ervirgehuewe vun engem permanenten Austausch, fir sech op nei Richtlinnen, Krankheeten a klimatesch Bedéngunge virzebereeden, grad esou wéi och vun der Fuerschungsaarbecht vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), vum IVV (Institut viti-vinicole) a vun der ASTA (Administration des services techniques de l'agriculture).

D'Wäibranche gëtt ëmmer méi vun extreeme Wiederkonditioune beherrscht. D'Wäijoer 2022 huet bewisen, dat Theema Dréchent am Wäibau och schonn a nërdleche Regioune längst d'Reegel ass. Waasser spueren duerch Infrastrukture wéi z.B. Réckhalbecken fir et dann am Summer ze notzen, wier eng héich Prioritéit, esou de Claude Haagen.

Communiqué vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung

Aktualiséiert