Interview vum Romain Schneider am GUDD

"D'Landwirtschaft zesummen denken"

Interview: GUDD

GUDD: Här Schneider, wéi gesitt Dir d'Zukunft vun der Landwirtschaft hei zu Lëtzebuerg? 

Romain Schneider: Ech gesinn d'Zukunft ganz optimistesch, wa mer se zesummen opbauen. D'Bild vun der Landwirtschaft muss nees méi positiv ginn. Et muss een sech op d'Produzente vun de Liewensméttel fokusséieren, de Kontakt tëscht Produzent a Konsument verdéiwen, fir dass jiddereen deem aneren seng Roll besser versteet.
D'Produktiounskette muss funktionéieren an dofir si mir amgaang eng Plattform ze schafe fir déi eenzel Acteure besser ze vernetze fir datt z.B. méi saisonal, regional a Bio-Produkter an den éffentleche Kantinne kënne verschafft ginn.
Et ginn och eng Partie Opportunitéiten, wéi déi nei Moyenen am ITC-Beräich an an der Recherche duerch déi mir méi effizient an nach méi émweltschounend kënne produzéieren. 

GUDD: Wat fir eng Responsabilitéiten huet de Bauer géintiwwer der Ëmwelt an de Konsumenten? 

Romain Schneider: D'Natur ass dem Bauer säi wichtegst Aarbechtsinstrument, et läit deemno op der Hand datt e responsabel domat ëmgeet. Souwuel an der nationaler wéi och an der europäescher Agrarpolitik gëtt den Ëmweltschutz ëmmer méi grouss geschriwwen. 
Haut ginn z.B. op der Halschent vun der landwirtschaftlecher Fläch hei zu Lëtzebuerg Agrarëmwelt- a Biodiversitéitsprogrammer applizéiert. 

GUDD: Wisou muss d'Landwirtschaft sech nei erfannen? 

Romain Schneider: D'Landwirtschaft huet sech ëmmer um Geescht vun der Zäit orientéiert an sech den neien Erausfuerderunge gestallt. Haut stinn z.B. de Klimaschutz, CO2-Emissiounen oder och nach d'Pestiziden am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit. An et ass un der Politik zesumme mat der Landwirtschaft fir Äntwerten op dës Defien ze fannen. Ee konkret Beispill ass de Glyphosat. Bis Enn 2020 wëlle mer jo do erausklammen. Dat maache mer notamment mat Hëllef vu Fuerschungsprojete fir de Baueren Alternativen unzebidden. 

GUDD: Lëtzebuerg huet vill Gréngland, gëtt awer och ëmmer méi urban. Wéi mécht een et, fir déi ländlech Regiounen net ze vergiessen? 

Romain Schneider: D'Landwirtschaft funktionéiert net ouni Land an dowéinst musse mer eis wäertvoll Agrarfläche schützen. Dofir gëtt et eng Rei Instrumenter. Bei der Ausweisung vun den Zonen an der Landesplanung däerfe wäertvoll Landwirtschaftsflächen op kee Fall a Konkurrenz gerode mat urbane Bauprojeten, well mer brauche béides an dat ass och jiddereen sech bewosst. 

GUDD: Gläich ass d'Foire Agricole. Wat fir eng Roll ka sou eng Foire wéi déi zu Ettelbréck spillen? 

Romain Schneider: D'Foire zu Ettelbréck ass eng Foire mat Traditioun, déi sech mat der Zäit entwéckelt huet. Et ass déi gréisste Fräilandfoire hei am Land a weist de Familljen, wat fir eng Produiten et ginn, wou déi hierkommen, wéi se hiergestallt ginn a wat alles do hannendru stécht. 

Et ass d'Vitrinn vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft, de Secteur kann sech engersäits op eng transparent Aart a Weis virstellen an d'Leit kënnen anerersäits all méiglech Froe stellen. Et ass a mengen Aen eng perfekt Plattform fir d'Vertraue vun de Konsumenten an eis Liewensmëttel ze stäerken! 

Och dee pedagogesche Volet ass hei wichteg well och ëmmer méi Schoulklassen dohinner gi fir un Hand vu konkreten Atelieren, d'Aarbecht vum Bauer kennen ze léieren. 

GUDD: D'Bauerenzentral feiert dëst Joer hir 75 Joer, Wat fir ee Message wëllt Dir adresséieren? 

Romain Schneider: Fir d'éischt mol wëll ech hinne fir hire 75ten gratuléieren. D'Geschicht vun der Bauerenzentral ass ganz enk mat der Geschicht vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft verbonnen. D'Bauerenzentral ass déi gréisst Gewerkschaft am Secteur an huet och d'Zeeche vun der Zâit erkannt: Mir mussen zesummen op de Wee goe fir d'Landwirtschaft proaktiv an d'Zukunft z'orientéieren. 

GUDD: Wat sinn d'Objektiver fir déi nächst Joren? 

Romain Schneider: Mir wëllen eng modern Landwirtschaft déi op de Piliere vun der Wirtschaftlechkeet, der Ekologie an der sozialer Nohaltegkeet baséiert an ech sinn zouversiichtlech, datt mir mat enger "Landwirtschaft Plus", also enger Qualitéits-Landwirtschaft, an där Liewensmëttel sief et op Bio oder op konventioneller Basis produzéiert ginn, an di richteg Richtung ginn.

Aktualiséiert