Interview vum Romain Schneider am GUDD

"Gutt opgestallt fir d'Zukunft"

Interview: GUDD

GUDD: De "plan de relance" fir d'Landwirtschaft gesäit eng Gesamtenvelopp vu 5 Mio vir, deen aus 2 verschidde Paquete mat Hëllefsmesuren an Aktioune besteet, wisou hu dir deen an 2 Tranchen opgedeelt?

Romain Schneider: De "plan de relance", deen op 3 Sailen - konsolidéieren-promouvéieren-innovéieren - baséiert, bidd e koherenten an zolitten Ensembel vu Mesuren an Initiativen, mat deene mir eis Landwirtschaft breet wëllen opstellen, fir den Erausfuerderunge vun der Zukunft gerecht ze ginn. Et muss ee wëssen datt och wann d'Landwirtschaft während dem Lockdown weidergeschafft huet, eenzel Aktivitéite, brooch loungen. Dofir wollte mir mat engem 1. Pak (2 Mio ) deene Betriber, deenen hir Trésorerie duerch d'Fermeture vun den Aktivitéite fir de Public (fermes pédagogiques, Päerdsmanegen, d'Waistuffen) gelidden huet, séier hëllefen.

Wichteg war et mir awer och fir den Accent op d'Promotioun vun eiser lokaler Produktioun ze setzen, well, wann d'Kris ee positiven Effekt hat, da war et deen datt d'Leit sech mol nees iwwert de Stellewäert vun eiser Landwirtschaft bewosst gi sinn, schliisslech war eis Liewensmëttelsécherheet, dank hirem Asaz, déi ganzen Zäit garantéiert!

Donieft hat ech een 2. Pak (3 Mio ) fir den Oktober ugekënnegt, dat no enger detailléierter Analys vun de Marchéen, fir deene spezifesche Secteure méi geziilt ënnert d'Ärem ze gräifen, déi d'Repercussioune vun der Kris am meeschten ze spiere kruten.

GUDD: Wat war d'Conclusioun vun der Analys?

Romain Schneider: Am Ganzen hu mir 933 landwirtschaftlech Betriber identifizéiert, déi vun enger Aide an Héicht vun 1.000 bis 5.000 Euro kéinte profitéieren.

Dat ass am Fleeschsecteur. Do sinn d'Präisser zréckgaangen, well engersäits d'Restauranten eng gewëssen Zäit zou haten, anerersäits all d'Eventer hu missen ofgesot ginn, wouduerch e grousse Stock u Fleesch leie bliwwen ass. Beim Schwéngefleesch waren d'Präisser drastesch zeréck gaang, dëst besonnesch bedéngt duerch de Covid-19-Skandal bei enger Entreprise an Däitschland, an elo kennt nach d'afrikanesch Schwéngspescht dobäi, déi bei eisem Noper ausgebrach ass, an déi den Export an Drëttlänner ganz negativ beaflosst huet. De Wäibausecteur konnt zwar en Deel vun de Perten am Privaten opfänken, mee huet duerch den Ausfall vun de Fester awer grouss Verloschter misse vermierken. Donieft hu mer nach zwou méi spezialiséiert Cooperativen identifizéiert, déi och mat Problemer wâhrend der Kris ze kämpfen haten. Eist war éischtens d'Luxemburger Saatbaugenossenschaft, déi eng nei Anlag um Rouscht am Bau hat an duerch déi 6 Wochen, an deenen net konnt geschafft ginn, e grousse Retard bei der Fäerdegstellung krut. An als zweet d'Setzgromperengenossenschaft, déi Schwieregkeete mam Export hat.

GUDD: Wat fir Virdeeler bréngt d'Digitalisatioun vum Landwirtschaftssecteur?

Romain Schneider: D'Digitalisatioun ass eng grouss Chance fir de Secteur, notamment wat de Volet "simplification administrative" ugeet, ma och fir den Acteuren eng performant Berodung ze garantéieren.

Mir hunn d'Landwirtschaftskammer a Convis beoptraagt, eng national Plattform ze schafen, op där Donnéeën aus dem landwirtschaftleche Secteur gesammelt a vernetzt ginn. Dëst "Datawarehouse" soll duerno de Baueren zur Verfügung gestallt ginn, ma och mir als Ministère a Verwaltunge profitéieren heivun, well mer méi e präzist Bild vum Secteur kréien, zum Beispill fir besser politesch Décisiounen ze huelen.

GUDD: Lëtzebuerg hat manner Problemer a punkto Saisonsaarbechter wéi aner Länner, wéi kënnt dat?

Romain Schneider: Mir ware gutt dorop virbereet. Mir wosste jo, dass de Geméis- a Wäibau massiv Saisonsaarbechter géif brauchen an hunn anticipéiert. Zesumme mat der Santé hu mir dofir gesuergt, dass all Saisonnier gratis konnt getest ginn a sanitär Mesuren ausgeschafft wat d'Aarbechtskonditiounen an de Logement ubelaangt. Donieft hu mir och eng Zort Netz en place gesat. Fir op eventuell Aarbechtskraftmängel virbereet ze sinn, hu mir zesumme mam Lycée technique agricole vun Ettelbréck, dem Lëtzebuerger Maschinenring an der ADEM e Pool op d'Bee gestallt, wou eng 330 Leit zesummegesicht goufen, déi bei Bedarf konnten agesat ginn. Duerch déi exzellent Zesummenaarbecht vun den eenzelen Acteure si mir als Secteur an deem Beräich gutt duerch d'Kris komm. Ech si frou datt mir insgesamt dem Konsument saï Vertraue behale konnten.

Aktualiséiert