Aktualiséiert den
Internationalen Dag vun den Déiererechter: de Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau lancéiert op en neits seng Sensibiliséierungscampagne "En Déier ass kee Moudenaccessoire"
Den 10. Dezember ass all Joer den Internationalen Dag vun den Déiererechter. Zu Lëtzebuerg ginn all Déieren, sief et Hausdéieren, Zuuchtvéi oder wëll Déieren, als vollwäerteg an empfindsam Liewewiesen unerkannt, deenen d'Recht op Wuelbefannen, Dignitéit a Sécherheet zousteet, souwéi dat am Gesetz vun 2018 iwwert den Déiereschutz festgehale gouf.
Un dësem symboleschen Dag erneiert de Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau seng Campagne "En Déier ass kee Moudenaccessoire" a sensibiliséiert Déierebesëtzer doropper, dass ee sech iwwer d'Verantwortung bewosst muss sinn, déi d'Betreiung vun engem Hausdéier mat sech bréngt, éier ee sech en Déier uschaaft.
D'Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau Martine Hansen, appelléiert: "D'Adoptioun vun engem Déier dierf keng spontan Entscheedung sinn, just well e klenge Mupp oder eng kleng Kaz sou léif ausgesäit. Et dierf och keen Impulskaf virun de Feierdeeg sinn, mee eng gutt iwwerluechten Entscheedung! Soss riskéieren dës Déieren am Asyl ze landen, a mir wëssen all dass d'Asyler zu Lëtzebuerg schonn iwwerfëllt sinn. Ech appelléieren dofir un all zukünfteg Déierebesëtzer sech iwwer d'Verantwortung vun esou enger Adoptioun Gedanken ze maachen a Saachen Zäitopwand, a perséinlechen a finanziellen Investissement. A wann ee sech da fir en Déier entscheet, appelléieren ech dozou en Déier aus dem Asyl ze adoptéieren anstatt een ze kafen, oder aus dem Ausland ze importéieren."
En Déier adoptéieren: allgemeng Prinzippien
Allgemeng gëlt: ier een en Déier adoptéiert, soll ee sech iwwer follgendes bewosst sinn:
- D'Hale vun engem Déier ass en Engagement op Dauer.
- Zu Lëtzebuerg gëtt et eng "positiv Lëscht" vun Déieren, déi een halen dierf. Déi Persounen, déi en Déier hale wëllen, dat net op dëser Lëscht steet, mussen am Virfeld eng schrëftlech Demande beim Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau areechen. Et sief drop higewisen dass eng Demande net automatesch eng Autorisatioun mat sech bréngt.
- Laut Gesetz a jee no Déierenzort, muss een d'Déier identifizéieren an enregistréiere loossen.
- Et muss een dem Déier genuch Plaz bidde kënnen a sengem Logement.
- Et muss ee genuch Zäit fir d'Déier aplange fir senge Bedierfnisser gerecht ze ginn (z. B. spadséiere goen).
- Et muss een déi finanziell Käschte mat aberechnen an och droen (Fudder, Gamellen, Léngt, Käfeg/Auslaf, Kazentoilette, Fellfleeg, Routinekontrolle beim Veterinär, Impfungen, Entwuermung, Krankheeten, ...).
- Et muss een dofir suergen dass d'Déier ënnerkënnt wann ee fort ass (Vakanz, Noutfäll).
- Et muss ee säin Déier ënner Kontroll hunn, an et ggf. erzéieren fir déi ëffentlech Sécherheet ze garantéieren.
Kazen an Hënn halen: praktesch Tipps vun der ALVA
Zu Lëtzebuerg zielen Hënn a Kazen zu de beléiftsten Hausdéieren. Dofir erënnert d'ALVA (Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire) nach eemol d'Besëtzer un déi richteg Geste fir den Alldag.
Rotschléi fir Besëtzer vun Hënn:
- Hënn mussen am ëffentleche Raum, a Gebaier a laanscht Vëlospisten un der Léngt gehale ginn (Hondsgesetz vum 9. Mee 2008).
- Hënn mussen identifizéiert, enregistréiert a géint d'Tollwut geimpft sinn (Hondsgesetz vum 9. mee 2008) a musse bei der Gemeng ugemellt ginn.
- Lëschtenhënn ënnerleie strenge Bedéngungen, déi am Virfeld ofegkläert musse ginn.
- Et gëtt wäermstens recommandéiert aus Déiereschutzgrënn d'Hënn kastréieren ze loossen, fir net erwënschten Nowuess ze vermeiden.
- D'Hale vun Hënn an Zwinger ass verbueden, och fir kuerz Daueren.
- D'Verstümmelung vun Oueren, Schwanz, etc. bei Hënn ass zu Lëtzebuerg verbueden.
- Zu Lëtzebuerg ënnerläit d'Hondszuucht enger ministerieller Autorisatioun.
- Wann ee säin Hond ausféiert, muss een dem Déier seng Exkrementer richteg entsuergen.
Rotschléi fir Besëtzer vu Kazen:
- Hauskaze musse gechippt, elektronesch identifizéiert an enregistréiert ginn (Déiereschutzgesetz vum 27. Juni 2018).
- Kazen déi fräi lafen dierfe musse kastréiert oder steriliséiert ginn (Déierschutzgesetz vum 27. Juni 2018).
- Kazen dierfen dierfen net ugestréckt gehale ginn.
- D'Käfeghaltung ass verbueden, och fir kuerz Daueren.
- Zu Lëtzebuerg ënnerläit d'Kazenzuucht enger ministerieller Autorisatioun.
Zu Lëtzebuerg ass d'ALVA (Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire) déi zentral Autoritéit am Beräich vun der Gesondheet a vum Wuelbefanne vun Déieren, dat ënnert der Tutelle vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau. Verschidde Veterinären, notamment 2 Persounen déi fir d'Wuelbefanne vun den Déieren zoustänneg sinn, sinn deeglech um Terrain fir d'Gesondheet an d'Wuelbefanne vun Zuucht- an Hausdéieren ze kontrolléieren, a fir Ziichter an Déierebesëtzer mat Rot an Dot zur Säit ze stoen. Iwwert d'Adress help@deier.lu oder den Telefon 2478 25 39, kënnen d'Biergerinnen a Bierger Verstéiss géint den Déiereschutz mellen.
De Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau ënnerstëtzt a finanzéiert och d'Déierenasyler a Fleegestrukturen fir Wëlldéieren zu Lëtzebuerg, a sensibiliséiert d'Besëtzer fir e verantwortungsvollen Ëmgang mat den Déieren.
Informatiounen: Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire, info@alva.lu
Communiqué vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau