Romain Schneider, invité de l'émission "Live aus dem Vitarium"

Tom Graas: Gudde Mëtteg aus dem Vitarium hei um Rouscht. D'Vakanz steet virun der Dir. Mir freeën eis op de Summer, d'Sonn an dat hoffentlech gutt an dréchent Wieder. Zum Mount Juli gehéiert niewent der Vakanz awer natierlech och Tour de France deen zanter enger gudder Woch nees rullt. Alles dat sinn Themen déi mäin Invité vun de Mëtteg besonnesch interesséieren, de Romain Schneider, zanter bal exakt 2 Joer Minister fir d'Landwirtschaft an de Sport an delegéierte Minister fir d'Solidarwirtschaft. Här Schneider, gudde Mëtteg.

Romain Schneider: Gudde Mëtteg, Här Graas.

Tom Graas: An Ärer Biografie um Site Gouvernement.lu heescht et, Dir wiert e "fervent cycliste". Wéivill Kilometer hutt Dir dëst Joer da schonn an de Been?

Romain Schneider: Bon, ech mengen ech wäert sou ëm déi 1.500 km gemaach hunn. Dir wäert soen, dat ass selbstverständlech net genuch wann ee vu "fervent" schwätzt. Mä ech probéieren déi Zäit déi ech hunn, an dat ass der ëmmer manner ginn an de leschte Joeren, ëmmer erëm ze notze fir Kilometer ze fueren. Dofir war ech vläicht grad sou dacks raus, mä net sou wäit raus. An dofir kommen ech och nëmmen op déi 1.500 km de Moment.

Tom Graas: Äre Partei- a Regierungskolleg Jean Asselborn ass jo och e ganz grousse Cyclist. Ass dat elo eng speziell Gewunnecht oder souguer eng Traditioun bei der LSAP?

Romain Schneider: Neen, ech mengen net datt et eng Traditioun ass. Bei mir ass et einfach aus dem Bauch raus komm. Nodeem ech laang Joere Futtball gespillt hunn, an nodeem ech eng relativ schwéier Verletzung dunn hat am Knéi, wollt ech mech awer nach iergendwéi sportlech betätegen. Lafe goung dunn net méi sou gutt an dunn hunn ech mech op de Vëlo e puer mol probéiert mat engem Kolleg. Et ass lues ugaangen an ech hunn einfach Spaass dodru kritt, well een niewent der sportlecher Betätegung virun allem och immens vill vun der Landschaft gesäit bei eis, déi herrlech ass. An all Kéier rëm wann ech fuere ginn, da mierken ech, wéi flott datt eist Land a virun allem eist Éislek do uewen ass.

Tom Graas: Iwwer de grousse Vëlosport schwätze mir dann e puer Minutten. Dir sidd 1962 zu Wolz gebuer a waart och bis 2009 bal 10 Joer laang do Buergermeeschter. Elo schafft Dir gewëssermoosse fir dat ganzt Land. Äert Häerz schléit awer nach fir den héijen Norden, oder?

Romain Schneider: Selbstverständlech. Wann een an enger Stad opgewuess ass, gebuer ass, laang Joere sech an der Politik engagéiert huet, weess wéi schwéier virun allem och d'Infrastrukturen ze realiséiere sinn am Norden, awer och virun allem d'Liewen am Norden ëmmer erëm nei Défie kritt an een och ëmmer muss probéieren eng Rei Saachen erop ze bréngen, da selbstverständlech, den Norden steet nach ëmmer un der Spëtzt. Mä selbstverständlech ass et sou, als Member vun der Regierung, sinn ech do fir national Interessen ze vertrieden, och den nationale Regierungsprogramm ze maachen, an dat maachen ech och. Mä et ass ganz kloer, et huet een awer ëmmer e Bléck op den Norden a virun allem och seng Heemechtsstad.

Tom Graas: Voilà, Dir hutt et gesot, d'Stéchwuert, am Oktober si Gemengewahlen. Paakt dann och de Minister nees d'Wahlféiwer?

Romain Schneider: Indirekt ass een ëmmer domat confrontéiert. Et ass jo virun allem sou, wann ee Minister war a virdru Buergermeeschter war 10 Joer an enger Stad, ass et ganz kloer, datt eng Rei vu Projeten och nach erëm identifizéiert gi mat deem virechte Buergermeeschter. Do gëtt jo dann och e Bilan driwwer gemaach. An dorops hin ass et ganz kloer, datt een och ëmmer mat grousser Spannung op d'Resultater an den 9. Oktober waart, wéi da lo de Bilan gemaach gouf vun deene Joere wou een da selwer verantwortlech war, respektiv wéi och de Successeur, de Frank Arndt deen elo Buergermeeschter ass, deen iwweregens eng exzellent Aarbecht mécht do, wéi deen och bewäert gëtt bei eise Bierger zu Wolz.

Tom Graas: Wéi fillt Dir Iech dann an der Stad? Dir sidd wéi gesot elo zanter bal exakt 2 Joer Minister. Hutt Dir dee Schratt ni bedauert, leeft et sou wéi Dir Iech dat virgestallt hat?

Romain Schneider: Sécher hunn ech et net bedauert. Et ass sou, datt een am Liewen ëmmer nei Challengë kritt, an déi soll een notzen, déi soll ee maachen. Fir esou en Challenge ze kréien, gëtt ee seelen 2 Mol gefrot. An ech si frou, datt ech deemools wéi ech gefrot gouf fir deen Job do ze maache Jo gesot hunn, an datt ech mech dunn dra geknéit hu fir effektiv et sou ze maache wéi ech et och an deenen aneren Jobbe gemaach hunn. Ech gouf relativ fréi Préposé vum Arbeitsamt zu Wolz, och do war dat eng ganz nei Saach. Ech war deemools ganz jonk. Ech gouf och ganz jonk Buergermeeschter vun der Stad Wolz, och dat war eng grouss Erausfuerderung. An duerno du Member vun der Regierung, an ech mengen ech hu probéiert deen Challenge unzegoen. An et deet mir keng Minutt Leed, datt ech et gemaach hunn.

Tom Graas: Wann Dir elo déi national Politik mat där kommunaler Politik vergläicht. Wat ass besser op där enger Säit, wat ass besser op där anerer Säit?

Romain Schneider: Direkt vergläiche kann een et net, mä et kann een et ënnerscheeden. D’Kommunalpolitik ass eng Saach déi ganz praktesch ass, déi ganz séier gräift. Do ass och ganz noe Kontakt zu de Bierger, deen all Dag, all Stonn ass, wou wierklech 24 Stonnen op 24 de Bierger eppes ka maachen. Dat heescht de Bierger eppes freet a wou ee ganz séier ka reagéieren fir deem entgéint ze kommen. Et ass gréisstendeels ganz lokal, respektiv, Gott sei Dank, haut des Daags regional gebonnen.

National, do schafft ee ganz dacks a Kaderen, a Gesetzer, respektiv Direktive vu Bréissel déi ëmzesetze sinn. Dat ass éischter eng gréisser Planungsphas déi do opgebaut gouf. Dat heescht, do muss een éischter méi konzeptuell schaffen wéi elo direkt wou een um Gemengenniveau eigentlech punktuell direkt kann intervenéieren.

Tom Graas: Als Welter um Festival do uewen ass d'Musek jo awer meeschtens e bësse méi klassesch, e bësse méi seriös. Kënnt Dir Iech dann och dofir begeeschteren?

Romain Schneider: Jo, ech ka mech am Prinzip fir all Richtung begeeschteren, mä ech muss och soen, datt grad de Festival vu Wolz et fäerdeg bruecht huet eng grouss Diversificatioun an dëse Programm eran ze kréien. Net méi spéit wéi nächste Weekend ass Beatle-Mania, déi elo wäert opgefouert ginn, wat eigentlech och an eng Richtung geet. Virdrun hate mir och Queen déi do waren, och dat e flotten Owend. Abba war do. Also et ass wierklech ganz flott an et kritt een awer och ganz flott klassesch Concerte mat. Et kritt ee Musicale mat. An ech mengen, et ass och richteg, datt de Festival vu Wolz de Wee gaangen ass fir alles ze offréieren, fir jiddwereen. An den Erfolleg gëtt en eigentlech Recht.

Tom Graas: Romain Schneider, mir hate jo schonn e bëssen iwwer den Thema Cyclissem geschwat. Als Sportsminister geet een natierlech och déi eng oder aner Etapp vun der Tour de France live op den Terrain kucken. Dat ass jo bestëmmt keng Corvée. Wéini sidd Dir dann am Tour?

Romain Schneider: Wann d'politesch Aarbecht sou wäit wéi méiglech ofgeschloss ass, sinn ech invitéiert vum Direkter vum Tour, vum Christian Prud'homme fir an den Tour ze kommen op d'Etapp vum Galibier an ech wäert da kucken do ze sinn an dann eventuell och nach d'Etapp vun Alpe d'Huez mat ze maache wat jo ganz interessant ass. Wéi déi Joere virdrun mengen ech ass Paräis natierlech och mäi Rendezvous fir als Sportsminister fir mat präsent ze sinn.

Tom Graas: Dat heescht, Dir huelt Iech esou bëssen d'Roséngen aus dem Kuch dann awer?

Romain Schneider: Ech hoffen, datt dat d'Rosénge sinn. Ech menge jo mol, datt et déi doten 2 Etappen mat herno dem Zäitfueren, déi sinn déi herno entscheedend wien dësen Tour wäert gewannen. An ech hoffen, datt ech zum richtege Moment do sinn. Ech hat op jiddwer Fall eisen 2 Jongen dat versprach an déi waren och frou, datt se eng Ënnerstëtzung do op deenen 2 Etappe kënne kréien.

Tom Graas: D'Tour leeft wéi gesot elo zanter ronn enger Woch. Sidd Dir bis ewell mam Verlaf zefridden? D'Schleck-Bridder hu jo scho gutt annerhallef Minutt Avance op den Alberto Contador. Dat gesäit gutt aus fir den Ament.

Romain Schneider: Wann een eis dat gesot hätt, virum Start vum Tour de France, esou ass d'Situatioun de Moment, éischtens eng Avance op den Alberto Contador vu bal 1 Minutt 30 an da virun allem keen deen an en Accident verwéckelt war, keen dee gefall ass. D'Falen ass jo net nëmmen d'Chute direkt, mä och déi kierperlech Schied déi da bleiwen. Alles dat ass bis elo eigentlech optimal gelaf a virun allem och eng Équipë déi exzellent dréint. Och dat gesäit een op de Biller, op der Télé.

Tom Graas: Den Alberto Contador ass wéi ëmmer a Form. Dëst Joer huet hie schonn de Giro d'Italia gewonnen. Huet den Andy dëst Joer eng Chance géint de Spuenier, oder wou gesitt Dir déi gréisst Konkurrenten?

Romain Schneider: Sécher bleift den Alberto Contador ee vun deene gréisste Favoritten an dësem Tour de France. Hien huet jo och gewisen, bei eenzelnen Attacke wou en elo gemaach huet, datt e wierklech a Form ass. En huet allerdéngs bei dëser Situatioun wou mir dës Kéier hunn nach eng Avance fir den Andy a fir de Frank och. Fir 1 Minutt 30, muss hien eng Kéier vir fueren an net den Andy. An eigentlech, si kënne sech drun hänken a kënnen eigentlech ofwiesselnd seng Schwaachpunkten ausnotzen. Mä e bleift selbstverständlech een deen awer eng Differenz ka maachen.

Fir mech awer genau sou geféierlech de Moment de Cadel Evans, deen an enger ganz gudder Positioun ass. Deen och eng ganz gutt Équipë huet. An dee virun allem ëmmer redoutabel bleift herno mam Zäitfueren, dat awer nach deen zweetleschten Dag zu Grenoble ass. Dofir ass hien och net z'ënnerschätzen. Hien, dee bis elo ëmmer am Tour de France een Dag hat wou e schlecht drop war. Et kann awer och eng Kéier sinn, datt e keen sou een Dag huet an da gëtt et schwéier em d'Minutten ofzehuelen. En ass schliisslech de Moment bal an der selwechter Zäit, souguer liicht vir, par rapport zu eisen 2 Schleck-Bridder.

An dann eben, fir mech e Geheimfavorit deen een net soll aus den Aen loossen, dat ass den Andreas Klöden, dee sech de Moment e bëssen am Peloton verstoppt, deen awer an der Zäit nach exzellent läit. De Moment och elo de Leader ginn ass, nodeem Leipheimer an Horner zréckgefall sinn. An deen eigentlech Tir gefuer ass virum Tour de France, déi och eng Rei vu Resultater haten déi wierklech beachtlech waren.

Tom Graas: Ech gesinn, Dir sidd wierklech Spezialist. Fir beim Thema ze bleiwen den Alberto Contador ass jo quasi ënner permanentem Dopingverdacht. Ass et e Skandal, datt e mat dobäi ass, dës Kéier?

Romain Schneider: Et ass e Skandal, datt et virum Tour de France net entscheet gouf. Dat fannen ech e Skandal. Et wier ganz kloer e ganz gutt Zeeche gewiescht fir de Vëlosport wann een déi Uschëllegungen do déi koumen, wann een déi och definitiv gekläert hätt. An et wier ganz schlecht fir de Vëlosport wann herno déi Uschëllegung och wierklech bewise géife ginn a géife bestätegt ginn, an am Nachhinein de Coureur géif gespaart ginn, nodeem en den Tour de France vläicht gewonnen hätt oder um Podium géif stoen. Et wier sécher e ganz schlecht Zeeche fir den Tour de France awer generell och fir den Cyclissem.

Tom Graas: Dem Andy Schleck seng Saison bis ewell war net schrecklech bedeitend. Wat mengt Dir dozou? Huet en sech e bësse verstoppt bis elo? Hält e sech am Fong geholl den Tour de France als Saisonhéichpunkt?

Romain Schneider: Ech mengen den Andy huet e ganzt kloert Zil, dat ass dësen Tour de France ze wannen. A mat deem Zil ass en och duerch déi ganz Saison gaangen. Ech muss soen, datt en an de Klassiker fir mech net enttäuscht huet. Sécher hat ee verschidde Beräicher wou ee gemengt huet e géing d’Victoire maachen, virun allem Léck-Baaschtnech-Léck wou se ganz staark waren, mä si sinn do grad an deene Klassiker, do wou se eigentlech hiren zweeten Héichpunkt vun der Saison haten, op e ganz staarke Philippe Gilbert gestouss, deen dës Kéier eigentlech den Iwwermënsch an deene Klassiker war. An doniewent ass ganz kloer den Tour de France d'Zil gewiescht, den Tour de Suisse, mengen ech, war eng Virbereedung drop. An och dës éischt Woch vum Tour de France ass eng Virbereedung op déi lescht Woch.

Tom Graas: Dat wat kënnt.

Romain Schneider: An ech mengen, déi Entwécklung déi en do opgebaut huet, misst mat deem Plang deen e sech gesat huet, och eraus goen.

Tom Graas: Lëtzebuerg huet jo zanter e puer Méint eng professionell Cyclisten-Équipë. Ass dat de richtege Wee? Och fir aner Sportaarten hei zu Lëtzebuerg, wéi zum Beispill de Futtball.

Romain Schneider: Et ass scho flott, datt mir eng professionell Équipë hunn déi hire Sëtz hei zu Lëtzebuerg huet, déi virun allem och gesponsert gouf mat lëtzebuerger Investoren. Alles dat ass fir de Futtball eng gutt Saach, och fir déi Jonk déi hannendru kommen.

Well ech mengen, niewent där Profi-Équipë déi de Moment besteet, wou mir kucke virun allem och hei probéiert gëtt iwwer d'Team och déi bescht lëtzebuerger Fuerer ze regruppéiere mat selbstverständlech staarken Internationalen dobäi, ass jo och d'Iddi fir eventuell hannendrun och do nach aner Teamen, U-23 zum Beispill, ze grënnen an enger zweeter oder eventuell an enger drëtter Phas.

An ech menge schonn, datt et e flott Aushängeschëld ass, datt mir net nëmme mat eenzelne Coureuren optrieden, mä als Gesamtequipe kënnen ënner dem lëtzebuerger Fändel starten. Well och lo mengen ech gëtt Leopard Trek ganz kloer mat Lëtzebuerg identifizéiert dobaussen. An et ass jo awer eng vun deene weltbeschten Teams déi mir de Moment international am Futtball hunn.

Tom Graas: Dir waart jo laang Spiller a President vum FC Wolz 71. Sidd also quasi vum Fach. Wat haalt Dir da vum Niveau vum lëtzebuerger Futtball? Nach eng Kéier op dat Thema Professionaliséierung zréckzekommen. Wier dat och e Wee fir de Futtball, fir do e bëssen aner Weeër anzeschloen?

Romain Schneider: Jo, et ass ganz kloer, datt wa mir virun allem d'Resultater vun dëser Nationaléquipe kucken, déi jo net schlecht war an de leschte Méint, an de leschte Joeren, do ass jo eng gewëssen Entwécklung dran, mierke mir awer, datt eis virun allem feelt, datt mir vill méi Profispiller an där Équipë hunn, déi och dann de leschte Schratt, wou dann eigentlech dat lescht Element feelt fir ganz gutt Resultater ze maachen.

Dofir mengen ech musse mir kucken, datt mir och am lëtzebuerger Futtball e gewësse Professionalismus era kréien. Dat wäert net sou einfach ginn. An d'Iddi déi jo ëmmer eng Kéier war, datt ee géing soen, mir loossen och eng oder 2 Équipen an auslännesche Championater matspillen – et muss ee kucke wéi dat effektiv géing an der Praxis ausgesinn. Well dat ass jo och net sou einfach. Éischtens muss dat akzeptéiert ginn an zweetens muss een och kucken, wat bréngt dat effektiv.

Ech muss awer och soen, datt wann ech déi international Resultater kucke vun eise Veräiner, déi elo an deenen eenzelne Lige matspillen, sief et Champions League oder Euro League, gesi mir, datt mir heiheem d'lescht Joer kee Match verluer hunn. A mir hunn och dëst Joer kee Match verluer. Mir hunn 2 Mol 1:1 gemaach. Et gesäit een also, datt eng gewëssen Entwécklung do ass.

Fir elo den Niveau ze vergläiche mam Niveau an de leschte Joeren, dat ass schwéier soen, well all Period gëtt aneschters gespillt. Ech huelen ëmmer do op internationalem Niveau – de Franz Beckenbauer seet ëmmer wann een eng Kéier dee Match deen ëmmer jiddwereen am Kapp huet, tëscht Däitschland an Italien 1970, mat där memorabler Final 3:4, ech war nach ganz kleng déi Zäit, mä ech ka mech awer erënneren un dee Match, an et kuckt een e Match vun haut, dat si Welten déi dotëscht leien, vu Vitesse a sou virun. An dofir kann een do d'Vergläicher net direkt maachen.

Tom Graas: Den Elitesport ass dat eent. Als Sportsminister sidd Dir jo awer bestëmmt grad sou vill um sougenannte Breedesport interesséiert. Wéi entwéckelt dee sech dann zu Lëtzebuerg? Sinn eis Kanner haut méi oder manner sportlech wéi nach virun enger Generatioun?

Romain Schneider: Jo, Breedesport ass en anere Volet. En huet zum Deel awer och mam Elitesport ze dinn, fannen ech. Well Resultater, Virbiller déi mir hunn, sief et am Vëlosport, sief et am Schwammen, awer och an der Liichtathletik, alles dat dréit dozou bäi, datt och de Breedesport sech entwéckelt.

An datt mir eng Rei Manifestatioune kruten, déi hëllefen de Leit eigentlech, soen ech ëmmer vun 0 bis 99 d'Loscht ze gi sech erëm ze bewegen. Dir wësst, datt mir en éischten nationale Plang do haten, dee geheescht huet “Gesond iessen, méi bewegen�?, wou 5 Ministèren dobäi waren. A mir hunn och virun 3 Wochen décidéiert an der Regierung dëse Plang och national ganz auszedehnen op d'ganz Regierung eigentlech als nationalen Défi, well mir eng nei Étude kritt hunn a gesinn hunn, datt d'Motoricitéit awer virun allem och d'Fettleibigkeit bei eise Kanner eropgaangen ass.

Also, mir musse virun investéieren an de Breedesport. An ech mengen deen Trend deen de Moment dobausse leeft, dee jiddweree vun eis och gesäit, et sinn der ganz vill déi walken, déi lafen, déi schwammen, déi Vëlo fueren, dee musse mir virun ënnerstëtzen, well ech mengen zur Gesondheet vun engem Land gehéiert och d'Gesondheet vu senger Bevëlkerung.

Tom Graas: Waarmt an dréchent Wieder ass dat wat mir eis fir de Summer wënschen. Dat mécht awer net jiddwerengem Freed. An dofir schwätzen ech elo mam Agrarminister Romain Schneider. D'lëtzebuerger Baueren hu sou wéi hir europäesch Kollegen dëst Joer scho ferme ënner der Dréchent gelidden. Deiert Fudder muss bäikaf ginn, an dofir huet de Ministerrot décidéiert 5 Milliounen Euro ze deblockéieren. Geet dat duer, Här Schneider? Oder wat kënnt nach wéini no?

Romain Schneider: Ob et duer geet dat musse mir gesinn. Hei ass jo eng éischt Avance déi mir eigentlech bezuelen, 5 Milliounen Euro déi mir décidéiert hunn, op Grond vun de Resultater vum éischte Schnëtt, wou mir gesot hunn, dat si Resultater déi fix sinn, wou mir gesi wat d'Perte eigentlech do war. D'Perte déi mir héichgerechent hunn op eise 4 Statiounen, wou mir d'Iwwerwaachung maachen iwwer Joere schonn, wou mir e Verglach haten. A wou mir eigentlech gesinn hunn, datt een immens grousse Verloscht vu bal ëm déi tëscht 30% bis 35% vun der Recolte. Dat sinn definitiv Chiffren.

Deen zweete Schnëtt, wann een deen hëllt, deen ass nach méi schlëmm ausgefall. Dee läit sou ëm déi 50% bis 55%. A mir kënnen nëmmen hoffen, datt deen drëtten a véierte Schnëtt eng gewëssen Normalitéit erëm kritt, soss gëtt dat Ganzt [gëtt ënnerbrach]

Tom Graas: Huet d'Situatioun sech dann e bësse verbessert mam Reen déi lescht Wochen?

Romain Schneider: Sécher huet de Reen näischt geschued. Virun allem fir de Mais war de Reen ganz gutt. Mä awer virun allem och fir d'Gréngland. Dobaussen huet ee gesinn, datt et gehollef huet. Et wier katastrofal ginn, wann effektiv kee Ree gefall wier. E koum bëssen zum falschen Zäitpunkt, e koum awer vläicht net ze spéit.

Tom Graas: D'Bauere kloen, wann et ze waarm an ze vill dréchen ass. Si kloen awer och wann et ze naass an ze vill kal ass. Bal sinn dës Präisser ze héich oder déi doten ze déif. Jee, d'Baueren hunn am Fong de Ruff ni zefridden ze sinn. Dir kommt jo perséinlech net aus deem Secteur. Wéi gitt Dir dann eens mat der lëtzebuerger Landwirtschaft? Ass et als Minister schwéier fir do akzeptéiert ze ginn?

Romain Schneider: Dat muss ee sech erschaffen, datt een akzeptéiert gëtt. Do muss een éischtens weisen, datt een den Dossier seriös mécht. Ech hu probéiert dat vun Ufank un ze maachen, net nëmmen den techneschen, de legale Volet, mä virun allem probéiert an der Praxis ganz vill mat hinnen ze schwätzen. Ganz vill do ze sinn.

Ech sinn zwar net vum Bauer, mä ech wunnen awer op engem Bauerenduerf. Ech hunn do d'Méiglechkeet, datt nach ganz vill Betriber sinn. Konnt déi also och selwer besiche goen an och nach do déi eenzel Strukture vun de Betriber gesinn. A wou ee gesäit eigentlech mat wéivill Häerz, datt jiddwereen a senger Struktur schafft, wat och eigentlech déi grouss Défie sinn an den eenzelne Beräicher, sief et vu Mëllechwirtschaft, iwwer Fleeschwirtschaft, iwwer Kärewirtschaft.

An ech mussen soen, datt ech, mengen ech, de Moment e ganz gudden Dialog hunn mat den Acteuren aus der Landwirtschaft alleguer. Ech hoffen och, datt mir déi kënnen an den nächste Joeren esou virun opbauen. Well ech mengen, an do si mir eis gewëss, datt och Lëtzebuerg nach ëmmer eng Landwirtschaft brauch, déi do ass fir d'Liewensmëttelsécherheet ze garantéieren. Dat fir mech ëmmer op 2 Niveauen. Eng Kéier a Quantitéit an da virun allem och a Qualitéit. An dat hu mir och an de leschte Méint virun allem och gesi mat all deene Skandaler déi an Däitschland waren. Sief et Dioxin, sief et EHEC-Skandal. Alles dat gesäit een, datt mir Qualitéit och wierklech an de Produkter brauchen, an dat och virun allem dem Konsument musse garantéieren.

Tom Graas: Wéi hutt Dir Iech da ganz speziell op deen doten Dossier preparéiert? Et ass jo eng enorm komplex Matière.

Romain Schneider: Et ass eng komplex Matière. An ech muss och éierlech zouginn, datt nodeem ech Agrarminister genannt gouf, ech emol ugefaangen hu mat Texter béchsen. Ech hu mir ganz einfach mol déi eenzel Gesetzer nach eng Kéier geholl. Ech war jo zwar 5 Joer an der Agrarkommissioun, wou ech e gewësse Background hat vun der Chamber aus, mä awer ass et eppes aneschters wann een op eemol Verantwortung huet, wann een all déi Texter muss kennen.

An hunn duerno meng Mataarbechter am Ministère, an de Verwaltunge gefrot eng Note ze kréien iwwer all eenzel Dossier. An ech muss och vun dëser Plaz aus soen, eng ganz grouss Fairness, eng ganz gutt Hëllef déi vun där Säit aus koum, déi mir dat ganz verständlech eigentlech opgelëscht huet.

An da kënnt déi zweete Phas dobäi, wat ech ugeschnidden hunn, niewent der Theorie ass d'Praxis déi zielt. An et kann ee Säite schreiwen, wann een et an der Praxis net gesinn huet wéi et fonctionnéiert, da weess een et net. An dofir hunn ech an deem éischte Joer och elo ganz vill Déplacementer op den Terrain gemaach fir et ze gesi wat et ass, sief et déi eenzel Forme vu Sträichen zum Beispill, vu Roboter iwwer traditionell nach, iwwer aner Formen déi et ginn. A wann een et gesäit, da versteet ee vill méi wat och dorun hänkt.

Tom Graas: Den Agrarsecteur war jo mam Stol deen éischte gewëssermoossen, deen total europäesch gouf. D'Landwirtschaft huet ganz laang souguer de Gros vum EU-Budget ausgemaach. War et eng gutt Décisioun dat ze maachen, an d'Baueren esou vu Subsiden a Quote quasi ofhängeg ze maachen?

Romain Schneider: Ech menge schonn, datt no souvill Joeren et gutt war, datt mir eng gemeinsam Agrarpolitik an Europa hunn. Déi eenzeg eigentlech gemeinsam Politik déi mir an Europa hunn. An och, mengen ech, nach wäerten hunn no 2013 wou mir de Moment jo amgaange sinn dës gemeinsam Agrarpolitik opzebauen an och ze ficeléiere mat och engem neie Budget deen drun hänkt.

Et gesäit een och, datt dëse Budget fir d'Landwirtschaft ëmmer méi erof geet, datt en och net méi déi Prozenter behält. Mä ech menge schonn, et ass wichteg, datt een eng gemeinsam Agrarpolitik huet fir ganz einfach och eng gutt Unitéit ze si par rapport zu deene grousse Playeren déi um Weltmaart do sinn. Ech denken u Länner wéi Brasilien, ech denken u Länner wéi Indien oder och an Amerika, oder och China, alles dat si grouss Playeren um Weltmaart an do kann Europa net an eenzelne Länner fonctionnéieren. Do brauche mir eng grouss Unitéit déi hei d'Rechter garantéiert a virun allem an engem Beruff vun der Landwirtschaft, Dir hutt et viraus gesot, déi grouss vun Naturbegebenheeten ofhänkt: vu Reen, vun Dréchenheet a sou virun. Och do brauch een op europäeschem Niveau Netzer déi ganz einfach sou Perten och opfänke fir ganz einfach an Zukunft och kënnen nach ze bestoen.

An ëmmer rëm hu mir jo gesinn, datt am Laf vun de Joeren d'Strukture vun eiser Landwirtschaft geännert hunn. Mir hunn e richtege Strukturwandel dra kritt. An alles dat huet dozou gefouert, datt och eis europäesch Landwirtschaft viru kompetitiv bliwwen ass um Weltniveau.

Tom Graas: Mä ech froen trotzdem nach eng Kéier, op eng aner Façon, Här Schneider. Leschte Weekend waren iwwer 20.000 Leit op der Foire Agricole zu Ettelbréck. Et besteet also en enormen Intérêt fir dee Secteur. De Leit, an Dir hutt et jo och schonn ugeschwat, déi rezent EHEC-Kris, ass et net méi egal wat se um Teller hunn. Wier et dann net besser mir hätte méi Subsidiarität an deem Secteur? All Land géif sech méi ëm seng Landwirtschaft bekëmmeren a mir géifen nees virun allem vu méi regionale Produiten zu faire Präisser fir d’Baueren liewen? Am Fong geholl brauch jo kee Mënsch Äerdbier oder Kiwien fir Chrëschtdag.

Romain Schneider: Do ginn ech Iech 100% Recht. Mir sollen am Prinzip dat mol konsomméiere wat mir zu där Zäit hunn. Domat ënnerstëtze mir och deen nationalen an dee regionale Marché.

Ech sinn der Meenung, datt mir d'Landwirtschaftspolitik op 2 Niveaue gesinn. Engersäits d'europäesch Politik, déi ech kuerz erkläert hunn, an dann doniewent an do bleift jo all Land fräi effektiv déi Schinnen z'entwéckelen, déi regional Produkter no vir ze bréngen, och d'Biolandwirtschaft zum Beispill no vir ze bréngen. Alles dat si Saachen déi de Konsument haut freet.

An ech menge virun allem, datt de Konsument haut freet, datt mir eng Tracabilitéit hunn. Wou gëtt d'Saach produzéiert? Vu wiem? Mat wat? Wéi gëtt et duerno traitéiert? A wou kënnt et dann hin, wou et da konsomméiert gëtt? Also all déi ganz Schinn déi mir do opgebaut hunn, déi musse mir virun allem och hei zu Lëtzebuerg spille loossen, well dat eng kuerz Schinn ass. An do mengen ech, ass och keng europäesch Direktiv oder keng europäesch Reglementatioun déi eis irgendwéi seet, mir dierfen dat net maachen. Alles dat kënne mir scho maachen.

An ech menge virun allem esou eng Foire Agricole déi, wéi ech héieren hunn, souguer iwwer déi 20.000, bal 30.000 Visiteuren hat, huet bewisen, datt de Konsument interesséiert ass fir ze kucken, wou kënnt d'Mëllech hir. D'Mëllech kënnt net aus dem Handel hier, ech nennen elo kee Wuert wou et hier kënnt. Wéi ginn d'Béischte gefiddert, wat sinn d'Moyenen, wat sinn eigentlech d'Instrumenter déi mir hunn, d'Maschinnen déi mir hu fir ze sträichen? Wéi eng Produkter entstinn herno vu Fleesch iwwer Mëllechprodukter? Alles dat wat Dir och hei gesitt an deem flotte Vitarium. Alles dat ass e groussen Intérêt dee vum Consommateur do ass. A wann dann doniewent d'Vertrauen erëm ra kënnt, mengen ech dann hu mir gutt Kaarte fir opzezeechnen, datt d'lëtzebuerger Landwirtschaft wierklech och hei zu Lëtzebuerg komplett ass, an eigentlech op déi grouss Multifonctionalitéit opbaut.

Tom Graas: Viru kuerzem koum d'Neiegkeet, d'Baueregenossenschaft, de Verband wéilt hiren neien Agrozenter definitiv zu Perl, hei vir an Däitschland bauen. Fir Perl dierft de Schëffsverkéier an d'Ubannen un d'Groussregioun schwätzen. Vill Leit zu Lëtzebuerg bedaueren dat. Och Dir sidd net begeeschtert, firwat?

Romain Schneider: Ech si sécher net begeeschtert aus 2 Grënn.

Deen éischte Grond ass éischter dee vun der Form. Wa mir als Politiker, déi virecht Regierung an dës Regierung, ganz vill diskutéiert hunn a gekuckt hunn eng Léisung ze fanne fir déi Hektaren déi gefrot gi waren, dee Standuert ze fannen, fir effektiv déi 10 Hektar déi ëmmer an der Diskussioun waren, fir dësen Agrarzenter hei zu Lëtzebuerg ze implantéieren, dann hunn ech et einfach net gutt fonnt an och d'ganz Regierung iwweregens net, wéi do mateneen herno communiquéiert gouf, wéi mir eigentlech dat Resultat do vun deem sougenannte Vote da matgedeelt kruten. Mir hunn dat och deene Responsabele gesot, datt mir doriwwer net frou sinn. Dat ass den éischten Deel. Mä Dir kennt mech vläicht, ech si keen dee klatzkäppeg ass, deen da seet, gutt dann ass et dat an da loosse mir et lafen, neen, ech probéieren et ze verschaffen.

An da kënnt den zweete Volet, dat ass deen fir d'Argumenter ze verstoen. An da muss een déi Argumenter analyséieren. An dat maachen ech de Moment zesummen och mat mengem Ministerkolleg dem Marco Schanck, datt mir déi doten Argumenter déi dozou gefouert hunn, wéi Dir elo Waasserstrooss gesot hutt, virun allem wirtschaftlech Critèrë waren et jo eigentlech déi sollen den Ausschlag ginn hu fir deen Deel vun dem Agrarzenter. Et ass jo sou, datt een Deel hei zu Colmar bleift, mä datt deen aneren Deel géing op Perl kommen, wat d'Fuddermëttelproduktioune betrëfft. Wat fir mech awer d'Häerzstéck ass vun deem Ganzen, well dat an all deenen Aussoen dat war, firwat datt mir eigentlech sollen deen Agrarzenter hei opriichten.

An ech mengen, datt mir dat mussen analyséieren a mir wäerten och eis sécher net eng leschte Kéier gesinn hu mat deene Responsabele vu Verband. Nodeem mir dat analyséiert hunn, déi Argumenter och ze kucken, se z'iwwerzeegen, datt vläicht déi Argumenter net ëmmer sou stéchhalteg si wéi se grad do beschriwwe ginn.

Tom Graas: Dir hutt elo vun den Argumenter geschwat. D'Wirtschaftlechkeet ass sécher een Argument. Mir kéinten nach vläicht iwwer en anert Argument schwätzen. Zu Miersch si se frou wann de Silo fort ass, well se nei ganz interessant Pläng mat deenen Terrainen hunn. Dee Site zu Pëtten konnt alles wéi net iwwerzeegen. Vum Agrozenter zu Colmar ass Äre Parteikolleg an Député-Maire Fernand Diederich net grad begeeschtert. Ass et net normal, datt de Verband elo op eng Plaz baut wou e wëllkomm ass?

Romain Schneider: Déi do Diskussiounen, dat si jo keng neier déi gelaf sinn. Datt, egal wou een hei zu Lëtzebuerg opriicht, datt ëmmer Oppositioun ass. Ech hunn eng Rei där Dossieren an den eenzelne Ressorten, wou een ëmmer wëll eppes probéieren an dann ass iergendwou eng Oppositioun, zu Recht oder zu Onrecht, dat kann een eenzel kucken. Mä ech mengen, et muss een iergendwann eng Kéier eng Décisioun huele wou dat kënnt, an ech mengen, datt d'Regierung hei ganz séier décidéiert huet, nodeem Pëtten eben eng Rei Elementer hat déi net konnten standhalen, datt een en neie Site gesicht huet an et huet een en neie Site fonnt. An ech muss soen, datt am Gemengerot vu Colmar jo och eng éischt Ofstëmmung war mat enger Majoritéit fir dee Site.

Tom Graas: Hutt Dir da mam Här Diederich doriwwer geschwat? Wat sinn da seng Argumenter?

Romain Schneider: Ech schwätze ganz dacks mam Här Diederich, och privat, well mir eis ganz gutt verstinn. Hien huet seng Argumenter wat éischtens méi Verkéier ubetrëfft, wat dann eben och den Ausbau vu senger Zone a sech ubetrëfft.

Ech menge schonn, datt e seng Argumenter kann an d’Wo leeën. Ech mengen awer och, datt aner Leit och hir Meenung an deem Dossier do kënnen hunn, an datt eigentlech och Ënnersichunge gewisen hunn, datt dëse Site eigentlech ganz gutt léich fir hei ze maachen. Dat steet och nach ëmmer.

Ech hoffe just, datt d'Raushuele vun engem Deel vun dësem Projet net dee ganze Projet och hei a Fro stellt, dat wier katastrofal. Dat ass esou, wann een eng Këscht opmécht, da ginn op eemol d'Diskussioune vun nei lass, an dat wier op jiddwer Fall net gutt. Well ech mengen, eppes wat awer och, an dat muss ech awer och fairneshalber soen, wat virun allem och déi Responsabel vum Verband eis gesot hunn, dat huet näischt mat der Durée vun de Prozedursdelaien ze doen. Et huet also näischt domat ze doen, datt d'Regierung sech net beméit huet e Site ze fannen an och en neie Site ze fannen, séier nodeem Pëtten fort war. Dat ass ganz schnell gaangen.

A mir hunn och ofgecheckt, datt, wat den Ufank vun deenen eenzelnen Installatiounen, souwuel zu Perl wéi zu Lëtzebuerg ubetrëfft, en Delai vun engem Joer wier. Also do war keen Argument wou een deen anere konnt géinteneen ausspillen. Also, et huet näischt sécher, mengen ech, mat der Vitesse vun de Prozeduren ze di gehat, de Moment.

Tom Graas: Gutt, Dir hutt et och schonn ugeschwat. Et ass net ofzestreiden, datt et ëmmer méi schwéier gëtt fir hei zu Lëtzebuerg nach Infrastrukturen opzeriichten déi an den Industrieberäich ginn. Et fënnt sech ëmmer een deen net d'accord ass, well et ëm ze no bei sengem eegene Gaart ass.

Romain Schneider: Jo, ech mengen dat ass e bëssen en Trend deen een haut an eiser Gesellschaft gesäit, an et muss een ëmmer rëm ganz gutt Argumenter riwwer bréngen. An ech mengen, et ass och e Volet wou mir virun allem och an der Regierung musse schaffen, datt mir einfach musse kucken dës Prozedursdelaien nach méi ze verkierzen, datt mir méi séier viru kommen, well et waart keen drop. Well ech stelle mir d'Fro, virun allem wa mir hei zu Colmar sinn, wéi hätte mir dann deemools vläicht argumentéiert fir hei eng Saach, déi eigentlech eist ganzt Land liewe léisst a virun allem dës Géigend liewe léisst, wéi hätte mir dann Goodyear implantéiert op dës Plaz?

Tom Graas: An dann och dee Site hei, wou mir de Mëtteg sëtzen.

Romain Schneider: Jo, dee Site hei, deen elo nach exzellent an d'Landschaft passt. Grad sou eng Argumenter muss ee bei Implantatiounen era bréngen, datt ee seet, et bréngt enger Regioun e Virdeel an et bréngt keng Nodeeler. A wann Nodeeler do sinn, da muss ee kucken, wat sinn déi, an da muss en déi op aner Plaze vläicht installéieren oder ariichten.

Tom Graas: Romain Schneider, ech hat et am Ufank vun der Emissioun bei der Presentatioun gesot. Dir sidd och delegéierte Minister fir d'Économie solidaire, déi sougenannte Solidarwirtschaft. Vill Leit kënnen näischt mat deem Ausdrock ufänken. Gitt eis mol eng kuerz a méiglechst kloer Definitioun.

Romain Schneider: Ech probéieren eng einfach ze ginn, well mir jo net méi souvill Zäit hunn. D'Solidarwirtschaft dat sinn Aktivitéiten, dat si Produiten, dat si Servicer déi geleescht gi fir d'Wuelbefanne vum Bierger ze steigeren. An déi charakteriséiere sech ëmmer mat 4 Punkten. Éischtens eng Durabilitéit dran, zweetens eng Solidaritéit dran, drëttens virun allem Décisiounen déi op demokratesch Aart a Weis geholl ginn. An all déi Beneficer déi gemaach gi bleiwen am But vun der Sociétéit dran a ginn do rëm direkt verwäert.

Tom Graas: Gutt, fir konkret ze ginn. Zur Solidarwirtschaft gehéieren zum Beispill Beschäftegungsinitiativen, awer och de fairen Handel, d'Proximitéitsservicer, nohalteg Landwirtschaft, Biokooperativen, kollektiv Kichen a sou weider a sou fort, fir just déi puer Beispiller do ze nennen.

Éier Dir Beruffspolitiker gouft, hutt Dir bei der ADEM geschafft. Dir hutt also eng gewëss Sensibilitéit wat Chômage ubelaangt. Ass d'Solidarwirtschaft dann e Wee deen een an deem Sënn nach kéint ausbauen?

Romain Schneider: Jo, an dat si mir och amgaang ze maachen, déi Plus-value eraus ze fannen. D'Beschäftegungsinitiative sinn entstanen an den 1990er Joere fir ze kucke fir de Jugendchômage ze bekämpfen. An dat ass e feste Bestanddeel vun der Solidarwirtschaft hautdesdaags. Eng win-win Situatioun, Leit eng Aarbechtsplaz ginn, déi sech erëm sënnvoll beschäftegen. Zweetens awer och eng Ausbildung, eng Formatioun kréie fir eventuell erëm zréck, soen ech mol sou, op den éischten Aarbechtsmaart ze kommen. Drëttens awer och de Bierger Servicer ze leeschten déi net méi geleescht ginn hautdesdaags. A virun allem och déi Nichen erauszefannen. Dat ass ee vun de Voleten.

Doniewent hëlleft et eis awer och, datt mir niewent deem, datt mir Beschäftegungspolitik maachen, datt mir nei Servicer, nei Emploie kreéieren an engem neie Beräich vun der Solidarwirtschaft, Dir hutt se opgezielt. Niewent den ASBLe gëtt et Kooperativen, virun allem, déi an deene Secteure schaffen. An hei goufen an deene leschte Joere schonn honnerte vun Aarbechtsplaze geschafen. A mir wëssen, datt mir am ganze Secteur vun der Solidarwirtschaft iwwer 4.000 Leit schaffen hunn, déi hei eng sënnvoll Aarbecht maachen an déi eng flott och Opwäertung vun hirem eegene Charakter, vun hirem eegene Selbstbewosstsinn doduerch kréien.

Mir mussen an den nächste Joere kucken, an dat ass mäin Zil, dat wäert ech wahrscheinlech net méi erliewen als Minister, vläicht och duerno net méi, datt mir eis normal Ekonomie eng Kéier dozou féieren, datt mir déi Responsabilité sociale erëm verankert kréien. Verankert kréien niewent enger Solidarwirtschaft déi fonctionnéiert an déi gutt fonctionnéiert, an déi zesummen am Partenariat fonctionnéiert tëscht der sougenannter klassescher Ekonomie an där sougenannter Économie solidaire et sociale.

Tom Graas: Ginn et do keng Reiwereien tëscht deenen 2 Forme vun Ekonomie? Et ass jo mol ee Moment vu bëssen onlauterer Konkurrenz geschwat ginn.

Romain Schneider: Déi goufen et. Mä mir hunn eis do zesumme gesat, mir hunn eng Plattform gemaach iwwer déi lescht Méint, wou mir jiddwereen an d'Boot kritt hunn. A mir sinn an der Tëschenzäit ganz grouss ginn. Mir hunn d'Uni mat dobäi kritt wéinst der Recherche. Mir kruten d'Centres de recherches mat dobäi. Mir kruten d'Krankekeese mat dobäi wéinst de Mutualitéiten. Also mir hu wierklech all Acteur lo, deen een irgendwéi mat der Solidarwirtschaft un een Dësch ka kréien.

A mir sinn amgaang fir de 24. November, deen Datum kann ech soen, do wäerte mir eis Roadmap presentéiere vun der Solidarwirtschaft hei zu Lëtzebuerg mat deenen eenzelne Beräicher, mat deenen eenzelnen Etappen, wéi mir d'Solidarwirtschaft hei kënnen zu Lëtzebuerg viru bréngen. A fir mech e Super Defi fir eis Regierung a fir Lëtzebuerg d'Économie solidaire hei als éischt Land wierklech e Kader ze sëtzen an doniewent och als eenzegen, eigentlech Ministre délégué vun der Économie solidaire iwwerhaapt an Europa ze sinn, ass dat e groussen Defi als éischten do kënnen unzefänken.

Tom Graas: E gudde Schlusssaz. Voilà, mir sinn um Enn vun dëser Emissioun. D'Summerpaus steet virun der Dir, merci fir dëst Gespréich, Romain Schneider.

Romain Schneider: Gär geschitt, Här Graas.

Tom Graas: Vill Spaass, mat an um Vëlo an eng ganz schéi Vakanz.

Dernière mise à jour