Romain Schneider au sujet de la décision de la Fédération agricole d'implanter la filiale de l'Agrarzenter à Perl

Max Theis: Här Schneider, wéi ass déi Décisioun vu gëschter da bei Iech ukomm?

Romain Schneider: Et ass ganz kloer, datt wann een an deene leschte Méint a virun allem och an deene leschten Deeg massiv zesumme mam Minister Marco Schank drop geschafft huet an enger ganzer Rei vu Servicer, fir ze kucken Elementer ze brénge fir effektiv all déi Problemer ëm technesch, prozedural awer och finanziell Méiglechkeeten auszeschöpfen, fir dës Fuddermëttelproduktioun hei zu Lëtzebuerg ze behalen, datt een natierlech enttäuscht ass iwwer dës Décisioun.

Max Theis: Wéi verstitt Dir dann d'Argumenter vum Verband? Kënnt Dir dat novollzéien?

Romain Schneider: Et ass jo esou, datt eis ee Moment d'Argumenter koumen, datt virun allem d'Ubannung un d'Waasser den Haaptargument war fir eben an Däitschland ze goen, op Perl. A mir du gekuckt hunn hei zu Lëtzebuerg eng Méiglechkeet ze fannen. Esou eng Méiglechkeet hu mir fonnt, um Mäerterter Hafen.

D'Argument wat elo zeréckbehale gëtt, dat vun de laangfristegen Entwécklungsméiglechkeeten op däitscher Säit, wou eben och virun allem aus dem Gebitt vu Frankräich a virun allem aus dem Saarland ka profitéiert ginn, bon, dat ass eng Entscheedung déi de Verband hëlt, mä wou d'Zukunft muss weisen ob dës Entscheedung richteg war oder falsch. Ech mengen, dat ass eng Responsabilitéit déi elo och déi Responsabel vum Verband iwwerhuelen.

Max Theis: De Verband huet d'Berechnunge vun der Regierung kritiséiert. Dir hat jo e wirtschaftleche Virdeel fir Mäertert virausgesot. “Wa Leit eppes berechne vun deem si keng Ahnung hunn, kommen esou Resultater eraus,�? huet et gëschter geheescht. Wat sot Dir dann zu Där Kritik?

Romain Schneider: Déi Verhandlungen an déi Gespréicher sinn de ganzen Zäit an engem ganz gudde Klima gelaf. Dofir hunn ech eigentlech déi Ausso do vum Direkter net verstanen. Well ech mengen, jiddwereen huet probéiert dat ze rechnen, wat e gemengt huet wat richteg wier.

An ech mengen, déi Rechnungen, déi säitens vun eisem Ministère an eise Verwaltungen, awer och aner Verwaltunge gemaach goufen, sinn der déi och Kapp a Fouss haten. An dofir wëll ech dës Ausso wierklech am Raum emol stoe loossen.

Max Theis: Wéi gesitt Dir dann d'Relatiounen an Zukunft mam Verband? Dir musst Iech jo och elo nach eens gi mat Colmar-Bierg.

Romain Schneider: Mir mussen eis an deem Moment un den Dësch sëtze wann deen definitive Projet vu Colmar-Bierg do läit. Da wäert dee seng definitiv Instanzen duerchlafen, vu Kommissioun bis herno d'Décisioun vun de Ministeren. Da musse mir kucken, ob effektiv dat Konzept och éligibel fir déi Bäihëllefen, déi een dann eventuell dat ka fir Colmar-Bierg maachen.

Hei ass jo dann nach festgesat, eng ganz Rei vun Aarbechtsplazen hei zu Lëtzebuerg ze halen, mat Verwaltungsgebai, mat Siloen an esou weider. An ech mengen, mir waarden elo op deen Dossier dee vu Colmar erakënnt an da wäerte mir deen am Fong analyséieren.

Max Theis: Neutral an net nodroend, oder wéi?

Romain Schneider: Ech si keen deen nodroend dobäi ass. Ech mengen, dee soll een neutral kucken, esou wéi mir dat bei all Investissement maachen, d'Konzept dohannert, an ob en och effektiv eppes fir d'Landwirtschaft a fir Lëtzebuerg bréngt.

Max Theis: Romain Schneider, ech soen Iech Merci, datt Dir Iech de Moien Zäit geholl hutt.

Romain Schneider: Et ass gär geschitt. Merci.

Dernière mise à jour