Romain Schneider au sujet des subventions européennes pour le secteur agraire

Lynn Gaspar: Här Schneider, den LFB schwätzt vun enger Diskriminéierung per Gesetz, an zwar geet et ëm eng Kommunikatioun vum Landwirtschaftsministère. De Ministère soll schonn am November zejoert gemierkt hunn, datt déi Kofinanzementer opgebraucht wieren, an huet dat awer eréischt virun 2 Méint kommunizéiert. Wat kënnt Dir zu där Kritik soen?

Romain Schneider: Et ass richteg, datt mir den 10. Januar e Communiqué gemaach hunn un d’Fachpress, wou mir matgedeelt hunn, datt mir mussen an deene ganze Mesuren 1 zu 1, dat heescht, dat sinn d’kofinanzéiert Bäihëllefen, wat d’Investissementer ubetrëfft, mussen eng nei Mesure huelen, well effektiv – an ech mengen, do soll een och vläicht e klenge Réckbléck huelen a soen, datt an de Joeren 2007 bis 2011, also bis haut, iwwer 100 Milliounen an dës Mesure gefloss sinn, dat heescht, Investissementer déi direkt un d’Baueren un d’Landwirtschaft gaange sinn.

An ech mengen, deen Taux, deen dote Betrag krute mir dee Moment vun der Kommissioun matgedeelt, datt dat esou genanntent lëtzebuergescht Dëppen eidel wier, an datt mir gefrot goufen, wat mir elo vu Mesurë géifen huelen.

Et muss een éischtens emol soen, datt, nodeem mir déi Kommunikatioun kritt hu vun der Kommissioun, mir jo eigentlech 2 Méiglechkeete gehat hätten.

Éischtens hätte mir kënne soen, d’Dëppen ass elo eidel, an et kann elo näischt méi ausbezuelt ginn – mir hunn awer gemengt, datt mir dat net kéinte maachen, an datt mir sollten eng Léisung siche fir ze kucken, wéi mir och an Zukunft kënnen de landwirtschaftleche Betriber nach virun hëllefen.

A mir hunn du gekuckt eng Mesure ze fannen, wat en europäescht Reglement betrëfft, eng esou genannte Staatsbäihëllef unzefroen. Déi krute mir dunn och vun der Kommissioun genehmegt. Déi seet, datt mir kënnen de landwirtschaftleche Betriber nach maximal 500.000 Euro national Aidë ginn. Dat heescht awer ëmmer erëm, an dat soll een och eng Kéier héichrechnen, well dat nëmme 45% sinn, dat heescht awer 1,2 Milliounen Invest, déi awer nach kënne finanzéiert ginn. Ech mengen, dat ass awer eng Zomm déi een och muss zréckbehalen.

Mir hunn dunn als Datum, an do kann een och net direkt soen, datt déi eenzel landwirtschaftlech Organer dat net gewosst hunn, ech mengen, inoffiziell war scho gewosst, datt hei e Problem wäert kommen. An net méi spéit wéi um Agrargipfel hunn ech och gesot, datt mir hei e Problem hätten, datt mir awer géinge sichen eng Léisung ze fannen.

Lynn Gaspar: Dat wier dann Är Äntwert op hir Fuerderung, datt déi néideg Finanzmëttel bis zum Schluss vum aktuellen Agrargesetz musse garantéiert ginn.

Romain Schneider: Ganz richteg. Ech mengen, et hat een hei ganz kloer 2 Méiglechkeeten. Déi éischt war fir ze soen, d’Dëppen ass eidel, mir kënnen näischt méi maachen. An ech sinn awer der Meenung, datt dat net de Fall soll sinn, an datt mir virun och de landwirtschaftleche Betriber sollen hëllefen, datt si sech kënne virun ausdehnen. An dofir mengen ech och, d’Investissementsbäihëllefen, déi hei da garantéiert ginn, mengen ech sinn och déi, déi richteg da wäerten ukommen.

Dernière mise à jour