Romain Schneider, invité de l'émission "Riicht eraus"

Carole Schimmer: A wëllkomm an dëser Emissioun "Riicht eraus". Invité haut ass de Sports- a Landwirtschaftsminister Romain Schneider. D'Haaptthema haut ass awer d'Solidarwirtschaft zu Lëtzebuerg. Gudde Mëtteg Här Schneider.

Romain Schneider: Gudde Mëtteg

Carole Schimmer: Här Schneider, Dir sidd zanter de leschte Wahlen den delegéierte Minister fir d’Économie solidaire, wat een Departement ass vum Wirtschaftsministère. Éier mir awer iwwert d’Économie solidaire diskutéiere wollt ech op d'Aktualitéit zeréckkommen, mam Problem ëm den Dateschutz beim Centre sportif. Wéi konnt et iwwerhaapt sinn, datt den Dateschutz do net respektéiert gouf?

Romain Schneider: Oh ech mengen et ass relativ einfach. Et ass esou mengen ech wéi gëschter de François Biltgen och erkläert huet, der Press, datt et sech hei ganz kloer ëm ee Vol vun engem Password handelt, datt et also keen Hacker ass, deen an ee System eragaangen ass an ech mengen dat huet dozou gefouert, datt een do, duerch déi Passwierder, Zougang krut zu enger Rei Donnéeën, net zu all deenen déi ëmmer erëm mentionéiert ginn. Mä et kann ee jo ganz séier iwwert de Centre Informatique, deen dat Ganzt geréiert, och novollzéien wéivill Saisien an Donnéeën gekuckt gi sinn. Dat ass effektiv relativ minimal gewiescht.

Doniewent muss een och soen, datt dëse System och vun eis aus eng Autorisatioun huet. Säitens vun der Commission nationale de la protection des données, also vun do aus si mir ofgeséchert.

Mä et ass awer och kloer, an dofir wëlle mir och ab 1. Abrëll - dat war ohnehin geplangt -dee System, wéi och de Staat aner Systemer méi sécher wëllt maachen, iwwert eben een neie Sécherheetssystem - zum Beispill iwwert Lux Trust Card - ofsécheren, datt esou Saache méi schwéier oder iwwerhaapt net méi, natierlech iwwerhaapt net méi méiglech sinn.

Carole Schimmer: Et soll elo eng Plainte gemaach ginn. Déi Persoun déi viséiert gëtt huet dat Password jo op engem Post-it erëmfonnt an dunn ausprobéiert, fir duerno déi zoustänneg Servicer awer z'alertéieren. Firwat dann déi Plainte elo?

Romain Schneider: Ech mengen et ass ganz kloer. Esou, wann een ee Password iergendwou hänken huet, soe mir mol esou, ass dat sécher net virsiichteg fir dat ze maachen an dat soll een évitéiere, ganz einfach. Mir hunn eis Servicer och elo nach eng Kéier ganz kloer dorop opmierksam gemaach. Mä ech mengen dat gëtt awer kengem d'Recht et dann och ze benotzen an da sech Zougang zu verschiddenen Daten ze ginn. Well et weess ee jo net wat mat deenen Daten effektiv gemaach gouf.

Ech huelen d'Beispill ëmmer vun enger Bancomatskaart. Wann ech iergendwou mäi Code secret schreiwen an et schreift een en op, da gëtt dat him net d'Recht meng Bancomatskaart ze huelen a Suen domat opzehiewen. An ech menge vun do aus ass et kloer, datt mir och dofir eng Plainte gemaach hunn.

Carole Schimmer: Jo, mä ass et da schlecht vun enger Persoun aus, ebe Mëssstänn opzedecken oder vläicht Problemer vum Dateschutz opzedecken, an déi ze melle bei den Autoritéiten, wat e gemaach huet?

Romain Schneider: Bon ech menge mir musse jo da mol feststellen ob nëmmen dat de Sënn war dovunner. Ech mengen déi Enquête déi leeft an déi muss een ofschléisse loossen an da gesäit ee jo wat domat bezweckt war.

Carole Schimmer: Eng aner Fro, déi de Chaos-Computerclub stellt, ass déi ob déi Datebank wierklech an deem Mooss néideg war? Et si jo ganz vill Donnéeën doran. Ass déi Hellewull un Informatiounen iwwerhaapt néideg?

Romain Schneider: Ech mengen déi Datebank ass jo do fir dem Centre médico ze hëllefen, ze kucken, iwwert och d'Reglement wat jo besteet, iwwert de Centre médico sportif ze kucken ob ee Sportler apte ass fir Sport ze bedreiwen, fir eng Lizenz kënnen ze kréien an ech menge fir datt een Dokter, respektiv een deen d'Gutachtung vun deenen eenzelnen Tester mécht, dat kann och bewäerten, da muss en och wësse wat eigentlech den Historique ass. An dofir ginn déi Donnéeën schonn all gebraucht, fir deem och dat néidegt Ermiesse bäizedroen.

Carole Schimmer: Wéi kann een dann an Zukunft verhënneren, datt een esou einfach vu baussen aus kann Zougang kréien zu esou enger wichteger Datebank?

Romain Schneider: Ech mengen, et ass dat wat ech virauser gesot hunn, et muss een de System méi ofsécheren nach. An dofir si mir jo am gaang, an och dëse Service soll jo ab 1. Abrëll - wéi gesot, ounideems war dat virgesinn, et huet elo näischt mam Evenement ze dinn - méi sécher ginn duerch een neie Système de sécurité.

Carole Schimmer: Wann een dat awer gesäit, kann ee sech virstellen, datt och op anere Plazen et esou Problemer eventuell gouf, déi net gemellt goufe vun deene Persounen. Gitt Dir och dovunner aus?

Romain Schneider: Bon, ech mengen dat weess ech elo net, mä ech mengen den zoustännege Minister François Biltgen ass gëschter drop agaangen, datt d'Gesamtservicer wou national Donnéeën drop sinn am gaang sinn iwwerpréift ze ginn.

Carole Schimmer: Een anere Sujet, deen an der Aktualitéit natierlech steet, ass dee vun der Indexmoduléierung, do soll d'nächst Woch an der Chamber driwwer ofgestëmmt ginn. Är Parteikollegin, d'Vera Spautz, huet jo décidéiert d'nächst Woch dee Projet de Loi net matzestëmmen, en plus ass och de Monnerecher Buergermeeschter Dan Kersch dogéint, géint esou eng weider Moduléierung, si schwätze vun engem sozialen Ofbau. Wéi stitt Dir dann dozou als Minister vun der Économie solidaire?

Romain Schneider: Ech mengen ech gesi mech elo net direkt als Minister vun der Économie solidaire, mä als Member vun dëser Regierung an ech mengen hei ass jo eng Propositioun vun der Regierung fir an deenen nächsten 3 Joer pro Joer een Index erfalen ze loossen an dat ëmmer den Oktober, dat heescht, eigentlech eng Garantie ze ginn, datt déi nächst 3 Joer 12 13 a 14 een Index ausbezuelt gëtt an dat ass fir mech kee sozialen Ofbau, wann ee schwätzt dovun, wann een 3 mol 400 Milliounen, also 1,2 Milliarden eigentlech u Kafkraaft de Leit gëtt, mengen ech, gesinn ech dat net direkt als sozialen Ofbau. Et muss ee jo och soen, datt an der Chamberskommissioun et een unanime Vote iwwert dëse Projet de Loi an der Kommissioun - wat de Rapport betrëfft - gouf, esou datt ee gesäit datt, mengen ech, net nëmmen d'LSAP mä och all déi aner Parteie mat op deen dote Wee wëlle goen.

Carole Schimmer: An der CSV LSAP Koalitioun gouf et an der Lescht och kontrovers Diskussiounen iwwert de Punkt vun der Indexmoduléierung, deemno de Compteur vun der Inflatiounsberechnung am Oktober 2014 géif eventuell op 0 gesat ginn, wéi stitt Dir dozou?

Romain Schneider: Ech mengen dat ass jo effektiv esou, datt dat och am Projet de loi erëmzefannen ass, an ech mengen et ass gesot ginn, datt een iergendwann eng Kéier erëm muss kënne bei 0 ufänken an dofir ass déi dote Formel gewielt ginn

Carole Schimmer: Dat ass jo awer ee sozialen Ofbau trotz allem.

Romain Schneider: Ech weess net ob een (ënnerbrach)

Carole Schimmer: do ass de Verloscht vun eventuell enger Indextranche awer präsent.

Romain Schneider: Dat si lauter Hypothesen déi mir do awer opstellen, well mir wëssen net wéi d'Situatioun 2014 evoluéiert huet, wéi et mat der Inflatioun weidergeet. Dat heescht, dat kann een effektiv réischt an deem Moment gesinn, ob een effektiv 2014 - an dann nach, muss een ofschätze vu wéivill Méint mir schwätzen an ob mir iwwerhaapt vu Méint schwätzen. Ech menge schonn, datt een eng Kéier dee Raccord do muss richteg maachen.

Carole Schimmer: Dat heescht Dir sidd d'accord, datt awer eng Indextranche eventuell verschwënnt?

Romain Schneider: Bon, ech menge wéi gesot, dat muss een 2014 gesinn an da muss ee kucke wéi dee Moment de Stand ass an ech mengen do si jo eng Rei vu ganz anere Parameteren déi wäerte matspillen.

Carole Schimmer: Geschwat gëtt am Kontext vum Index och virun allem iwwert d’Kompetitivitéit an d'Lounkäschten, déi Approche ass déi vun enger liberaliséierter Wirtschaft éischter, déi sech just op Konkurrenz baséiert a besonnesch Konkurrenz tëscht Lounempfänger. Wéi kann een deen Esprit an Ären Aen da bremsen?

Romain Schneider: Bon, ech mengen d'Kompetenz kann een - bon et muss ee mol kucken, datt mir jo hei zu Lëtzebuerg - do muss een eng Kéier zeréckkucken, datt mir de Moment hei zu Lëtzebuerg ee Chômage hunn wéi mir en nach ni an eisem Land kannt hunn. Deem kann een nëmmen entgéintwierken, datt een op där enger Säit virun allem Aarbechtsplaze schaaft. Mir hunn der an de leschte Joren eng ganz Rei geschaaft, mä et muss een och virufueren, datt een effektiv steigert d'Aarbechtsplazeschafung hei zu Lëtzebuerg, fir eben deenen Dausende vu Leit déi keng Aarbechtsplaz hunn, a virun allem deene Jonken déi vun der Schoul kommen, de Generatiounen nach duerno eng Méiglechkeet gëtt an den Circuit vum Marché eranzekommen. Dat verbënnt awer ganz kloer och, datt mir déi néideg Ausbildungen och maachen, datt déi Plazen déi geschafen ginn och dann effektiv op déi Leit passen, déi aus de Schoulen erauskommen, respektiv déi um Marché sinn. A vun där Säit aus, ech mengen dat ass fir mech dat Wichtegst, datt mir kucken Aarbechtsplazen ze schafen an dann natierlech datt och Lëtzebuerg attraktiv bleift par rapport zum Ausland, virun allem och zum noen Ausland, fir datt Firmaen hei op Lëtzebuerg kommen.

Do muss ee Weeër sichen, fir dat ronn ze bréngen an do gëllt virun allem fir mech och dat wat mir eigentlech Leed deet, datt dee Sozialdialog virun allem fortgaangen ass, well ech mengen, datt grad an esou enger schwiereger Zäit mir mussen déi dote Saachen ausdiskutéieren am Dräiecksverhältnis, soen ech ëmmer, Regierung, Salariat a Patronat.

Carole Schimmer: Deelt Dir dann d'Suerge vun de Gewerkschaften, déi jo wierklech géint d'Indexmoduléierung sinn, an eng Front bilden am Moment?

Romain Schneider: Ech menge jiddwereen huet seng Roll selbstverständlech ze spillen an hei huet jiddweree se gespillt. An zu engem Moment wou déi Décisioun net konnt zu 3 geholl ginn, mengen ech huet d'Regierung hir Verantwortung och do missen iwwerhuelen a si hu se hei geholl.

Carole Schimmer: Arrangéiert dat d'Gewerkschaften, och d'Patronat eventuell?

Romain Schneider: Bon ech mengen dat muss ee gesinn. De Moment dobausse seet jo eigentlech jiddwereen de Contraire. D'Gewerkschafte sinn net d'accord domat, dem Patronat geet et net wäit genuch. An ech mengen déi Décisioun, déi d'Regierung geholl huet hei, ass déi richteg.

Carole Schimmer: De soziale Modell oder de soziale Fridden zu Lëtzebuerg ass ee Punkt dee ganz wichteg ass och fir d’Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg besonnesch. Hutt Dir den Androck, datt dee soziale Fridden a Gefor ass?

Romain Schneider: Ech menge wann neen elo zréckkuckt, wéi déi lescht Tripartite verlaf ass, da kéint ee sech déi Fro stellen, mä ech mengen awer, datt mir, wann een d'Aussoe héiert vun de Säite vun esouwuel de Gewerkschafte wéi och vum Patronat, datt mir awer op engem Wee sinn, wou een erëm beienee ka fannen an ech mengen, et ass och wichteg, datt dat wäert geschéien. Well et war an deene leschte Joren an deene leschte Jorzéngte virun allem ee ganz groussen Atout vum Standuert Lëtzebuerg, fir eben ee sozialen Dialog ze hunn, fir ganz séier Entscheedungen zu dräi kënnen ze treffen an ech hoffen, datt mir och erëm zeréckkommen op déi dote Formel.

Carole Schimmer: Här Minister, Här Schneider, Dir hutt de Ressort vun der Économie solidaire iwwerholl, dat zanter de leschte Wahlen. Bis elo gouf no baussen eigentlech nach net vill iwwert Är Aarbecht geschwat an och net vill driwwer kommunizéiert. Firwat eigentlech?

Romain Schneider: Bon ech mengen no baussen, jo richteg, do hate mir bis elo déi Kommunikatioun déi mir gemaach hunn. Et waren der zwou, dat waren zwou Konferenzen, déi mir organiséiert hunn. Eng éischt, wou mir mol éischtens eng Bestandsopnam probéiert hunn ze maachen an eis e bëssen eng Roadmap erkläert hunn, wéi mir wëllen higoen, fir een sougenannte nationale Plang ze erstellen, wéi mir dann un d’Économie solidaire hei zu Lëtzebuerg erunzegoen, déi hei zu Lëtzebuerg an där Form Neiland ass, an Europa selwer an op der Welt esouguer op ganz wéinege Regiounen a Gebitter eigentlech sech direkt verankert erëmfënnt.

An dofir hu mir probéiert, wéi gesot, een éischte Lancement ze maachen, am Oktober 2010. Mir hunn do ugekënnegt, datt mir een nationale Plang géingen am Oktober 2011 presentéieren, deen hu mir och presentéiert. Mä datt et esou laang gedauert huet - no baussen - ass esou, datt ee wierklech eng Bestandsopnam huet misse maachen. An do hu mir ebe ganz vill op den Dialog gesat a mir hu, wéi een op franséischt seet, op d'Manière participative gesat, well mir wëllen dat Konzept vun der Solidarwirtschaft, wat jo ee Mehrwert soll ginn fir eis Wirtschaft hei zu Lëtzebuerg, well mir déi mat alle Partner wollten upaken a mir hunn dofir ganz vill bilateral Gespréicher gefouert, mat engersäits den Acteure vun der Économie solidaire, de Beschäftegungsinitiativen, de Kooperativen, de Mutuellen, deenen aneren ASBLen. Déi bestinn op där anerer Säit awer och mam Patronat. Och déi mengen ech mat an e Boot ze kréien, och mat hinne mat ze diskutéieren, an dann eben eng ganz Rei vun aneren Organisatiounen déi ee sech ka virstellen, fir effektiv an der Économie solidaire zu Lëtzebuerg virunzekommen.

Carole Schimmer: Wann een awer kuckt wéi dëst Departement am Wirtschaftsministère ausgesäit, deen Departement vun der Solidarwirtschaft, et schaffe just 2 Mataarbechterinnen do. Geet dat duer? Hutt Dir iwwerhaapt eng Ënnerstëtzung vun der Regierung fir dee Volet iwwerhaapt zu Lëtzebuerg ze entwéckelen oder hutt Dir eng Alibifunktioun?

Romain Schneider: Nee also, et ass op kee Fall eng Alibifunktioun. Wann ech gesinn, Dir hutt Recht, d'Personal kann een eng Wichtegkeet - an och Budget - ëmmer moossen, mä et gëllt jo virun allem dorëm, datt mir am Ufanksstadium sinn, fir dat z'elaboréieren a, mengen ech, fir dat ze maachen, muss een eng Bestandsopnam, ee Plang maachen an och eng Visioun dann opbauen. Déi Visioune si mir am gaang opzezeechnen.

Ech sinn duerno iwwerzeegt - an dat spieren ech op jiddwer Fall an der Regierung - datt mir engersäits duerch d'Designatioun och direkt vun engem delegéierte Minister vun der Économie solidaire ee wichtege politeschen Akzent gesat gouf an doniewent mengen ech, datt en och an der Économie ugesidelt gouf, ass fir mech och ee ganz kloeren Hiwäis op eppes. E war jo virdrun eng Kéier an der Famille, e war duerno am Travail an duerno an der Économie an et ass och genau dat wat mir wëlle pousséieren, datt mir wëllen eis Économie méi breet opstellen. An niewent der klassescher Économie, och eng Économie solidaire muss erëmfannen, fir de Mehrwäert, wéi ech gesot hunn, fir d'Wirtschaft, mä och fir eis Gesellschaft eriwwer ze ginn.

Carole Schimmer: Deen Hin an hier mat der Solidarwirtschaft weist jo och, datt et ganz schwéier ass fir iwwerhaapt Solidarwirtschaft ze definéieren. Déi eng soen, et si sozial Moossnamen, et ass ee soziale Secteur, déi aner soen: nee, et ass de Service au Citoyen. Wat soll et ginn, schlussendlech, an Ären Aen?

Romain Schneider: Also et ass fir mech all Aktivitéit, all Service à finalité sociale, déi sech charakteriséiert am Prinzip aus enger Struktur, déi sech eng ganz Rei vu Punkte ginn huet, déi si wëll erfëllen. Engersäits Servicer, Aktivitéite maachen déi nohalteg sinn. Op där anerer Säit virun allem ze probéieren dem Bierger och ze hëllefen, awer och doniewent och Aarbechtsplaze schafen, an engem neie Secteur, ee Secteur wou weder de Staat nach d'Gemengen, nach d'Privatwirtschaft zoustänneg ass a virun allem mengen ech, wëllt et awer och, datt mir virun allem kucken, datt och de But deen ëmmer an der Solidarwirtschaft ee vun deene gréissten ass, dat ass deen eigentlech Recetten ze erwirtschaften, déi awer erëm am But vun der Associatioun bleiwen. Also dat wat ech mir als Zil setze fir ze förderen, net ausgeschott gëtt un Aktionären oder virugi gëtt u Leit déi Member sinn. Nee et gëtt an d'Aktivitéit selwer rëm investéiert.

Carole Schimmer: Europawäit stellt dee Secteur ronn 10% vun allen Entreprisen duer, dat sinn ëmmerhin 2 Milliounen Entreprisen an Europa a 6% vum gesamten Emploi. Wéi gesäit et da fir de Grand-Duché aus, kann een dat elo aschätzen haut?

Romain Schneider: Also dat ass och eng vun den Aufgaben déi mir musse maachen, déi mir och ugekënnegt hunn am Plang, datt mir mussen Zuele kréien, fir dat och ze beleeën. Ech menge mir wëssen, datt déi Zuelen déi am Ausland bestinn, déi kennen ech och, europawäit si se do. Bon virun allem kommen si dohier, well virun allem och d'OCDE sech zanter laange laange Joere mat dësem Thema beschäftegt, och wierklech ganz flott Publikatioune gemaach goufen, mat Zuelen hannendrun. Mä ech mengen och national musse mir déi Ophiewungen elo maachen a kucke wéivill Leit - virun allem och wat de Produit ass, dee mir an eisem PIB hunn - duerstellt, wat d’Économie solidaire hei zu Lëtzebuerg bedeit.

Carole Schimmer: Hutt Dir den Androck, datt d'Liberaliséierung, och de Besoin no enger Solidarwirtschaft gestäerkt huet, vu datt verschidden Servicer ofgebaut goufen, déi vläicht um Terrain net méi existéieren?

Romain Schneider: Also ech géing et esou dréinen, datt eng Zäit wou mir vu Krise schwätzen, vun enger Wirtschaftskris, enger Finanzkris geschwat hunn a virun allem vun enger Vertrauenskris och, datt grad esou Modelle vu Solidarwirtschaft eigentlech elo de Moment ass, fir se fest ze verankeren, well si engersäits op Solidaritéit spillen a virun allem op där anerer Säit probéieren de Bierger eigentlech Hëllefen ze ginn, sozial Problemer opzefänken, esouwuel deenen déi dra schaffen, wéi och deenen déi Servicer geleescht ginn. An ech mengen et ass – leider, muss ech soen - eng Risechance de Moment fir dat neit Standbeen an der Wirtschaft opzestellen, vun der Économie solidaire et sociale.

Carole Schimmer: A gudden Zäite ginn et vläicht och manner Initiativen vun de Leit fir Alternativen ze fannen zur traditioneller Wirtschaft. Ass dat net och de Fall?

Romain Schneider: Ech menge wa mir eng Kéier hierkommen, hei zu Lëtzebuerg gëtt ganz vill d’Économie solidaire ëmmer direkt mat engem ist gläich Zeichen zu de Beschäftegungsinitiativen gesinn. Do musse mir jo kucke: wéi sinn d'Beschäftegungsinitiativen entstanen? Déi sinn entstanen effektiv a Joere wou mir ee relativ héije Jugendchômage haten an d'Gewerkschaften hu si deemools an d'Liewe geruff, fir dogéint virzegoen. An déi si gewuess mat der Zäit an ech menge genau datselwecht fanne mir de Moment erëm, datt mir ee relativ héijen Taux de Chômage hunn, donieft ëmmer méi Leit déi Problemer kréien an eiser Gesellschaft op engem gewëssen Niveau ze liewen. Also sozial Problemer, déi do sinn, an ech menge grad, datt elo esou Aktiounen, esou ee Mehrwäert fir d'Gesellschaft ka kommen a muss kommen an datt dat doten een exzellente Moyen ass fir deem entgéint ze goen. Dofir awer och doniewent - an dat ass esou bëssen een Ableeër dobäi, bei esou schwéieren Zäiten - et och e bëssen, an dat ass dat jo och wat firwat d'Kommissioun an hirer Kommunikatioun ukënnegt, virun allem deen Entreprenage social, awer och déi Responsabilité sociale vun den Entreprisen si jo Saachen déi elo erëm an d'Liewe geruff ginn.

Generell ass et och esou, an dat mengen ech hutt Dir an ärer Fro e bëssen ugedeit, et muss een och ganz kloer soen, datt d'Acteuren, datt déi Associatiounen déi an deem Beräich schaffen, jo lauter Aktivitéite sinn wou op Lëtzebuergesch kee grousse Fric ze maachen ass. Dat sinn déi do, wou een déi aner Acteuren net erëmfënnt, wéi ech virdrun gesot hunn, weder privat nach Staat nach Gemengen. Obwuel déi zwee Lescht elo vum Fric aus, Recette maachen, ausgeschloss sinn. Mä et gesäit ee wat fir ee Feld effektiv do ass, wou d’Économie solidaire ka maachen.

Carole Schimmer: Dir schwätzt vu Fraisen oder vu Bënëfisser. D'Fro vun der Valeur ajoutée fir déi gesamt Gesellschaft steet net fest. Fir den Ament ginn et jo just Aschätzungen a Punkto Fraisen. Hutt Dir Wëlles eventuell zesumme mam CRP Henri Tudor och eng Étude ze maachen iwwert de soziale Gesamtimpakt vun der Économie solidaire?

Romain Schneider: Ech mengen et ass ganz kloer, datt ee sech fir esou eng Evaluatioun ze maache muss Partner huelen, déi dat do maachen, virun allem bei deem klenge Staff dee mir hunn. Mä dat soll een effektiv maachen, fir och ganz kloer Zuelen ze kréien a virun allem och eng Gewiichtung ze kréie wat d’Économie solidaire och hei zu Lëtzebuerg duerstellt an datt déi Invester déi mir doran maachen - well ech menge mir sinn eis jo bewosst, datt mir virun allem och fir esou Initiativen un d'Lafen ze bréngen, wou ech ëmmer als Start up fir esou Betriber gesinn - mir mussen an enger Ufanksphase oder an enger gewëssener Phase musse finanziell ënnert d'Äerm hëllefen.

Fir mech ass awer och kloer, datt d’Économie solidaire muss à Moyen terme Projeten hunn, respektiv och Basen hunn, wou si sech selwer finanziell droen. Op een Niveau, natierlech, datt se net muss grouss Gewënner ausschëdden, mä datt si sech awer eng gewësse Struktur opbaut, wou déi Finanzementer, déi all normal Entreprise - dat gëllt selbstverständlech och - muss viru kënne fléisse, mat vläicht engem klengen Top drop, well et eben ass, datt een zum Deel mat Leit schafft déi um éischten Aarbechtsmaart net direkt do sinn, wou jo och méi encadréiert musse ginn, datt een dee Volet mat ausgläicht. Mä datt hannendrun awer ee muss histeieren op eng Form wou et och Betriber sinn, déi sech kënnen droen, an dat gëtt et.

Wann ech kuerz drop aginn, zum Beispill am Ausland hunn ech ee ganz flotte Projet gesinn, zu Lille, an der Stad Lille, wat wierklech am Frankräich déi Stad ass vun der Économie solidaire. Déi haten ee grousse Problem vu Sécherheet an der Stad an hunn du Stewarden ausgebilt wat Chômeure waren, eng ASBL gegrënnt, déi am Ufank vun der Gemeng subventionéiert gouf an no an no - an elo iwwert 5 Joer - droe si sech selwer. Et ass kee Subventionnement méi zousätzlech vun der Gemeng do, mä et sinn einfach esouvill Demanden do, säitens vun eenzelen Clienten, esou datt effektiv och wierklech d'Aarbecht do ass an och d'Recetten erakommen, datt déi Struktur sech dréit.

Carole Schimmer: Dir schwätzt elo erëm eng Kéier vu Fraisen a vu Subventionéierungen, dat fält am Fong geholl op. Also meng Fro war e bëssen eng aner, dat heescht d'Valeur ajoutée fir déi gesamt Gesellschaft. Wann een d'Solidarwirtschaft net hätt, da misst een aner Servicer oder Käschten eigentlech hunn, fir d'Besoine vun de Bierger awer ze couvréieren. Ech schwätzen zum Beispill d'Servicer fir eeler Leit oder esou, déi ouni déi Hëllef net kéinten alleng liewen. Zum Beispill, dat heescht déi gesamt Valeur ajoutée duerch d'Präsenz vun der Économie solidaire, ginn et Aspuerungen a ganz villen anere Beräicher.

Romain Schneider: Also, déi deelen ech, ganz richteg Är Meenung. Ech mengen d'Solidarwirtschaft ass do wou déi aner Acteuren wéi de Staat a wéi d'Gemengen net méi hikommen. An dat ass evident, datt mir hei eng Valeur ajoutée schafen, fir eis Bierger, am noble Sënn, wéi ech virauser och erkläert hat.

Carole Schimmer: Mä do kann eng Initiative oder eng Organisatioun sech net selwer droen. Also ech menge finanziell gëtt dat jo awer eng Schwieregkeet?

Romain Schneider: Dat muss ee kucken, ech mengen et ginn eng Rei vu Modellen, wou ee jo, wéi ech gesot hunn, eng Rei Recettë kritt an anerer awer och nach kënnen iwwert Subsidiéierung ka gemaach ginn. Ech mengen mir hunn ee ganz flott Gesetz gemaach 2009, iwwert de Retablissement du Plein emploi, wou eng Rei Modelle sinn, wou mir virun allem Leit, deene mir wëllen hëllefen erëm an de Prozess eranzekommen, respektiv Strukturen opzebauen, kënnen ënnert d'Äerm gräifen. Dat kann all Privatentreprise kréien. Awer natierlech och d'Acteuren aus der Économie solidaire, och mat Encadrement dobäi. An ech mengen esou eng Strukture kann ech mir virstellen. Datt een esou eng Mixitéit erakritt an de Finanzement, fir déi Strukturen. An da mengen ech, da kann een à moyen terme och esou ee ganz einfachen Droe vun engersäits de Käschten da virun allem och fir de Fonctionnement, virun allem - ech mengen dat ass dat richtegt Wuert - och garantéieren.

Carole Schimmer: Här Schneider, Dir hutt een Aktiounsplang am November virgestallt gehat, fir d'éischt mol wéi wäit wor de Secteur do mat implizéiert a wéi een Agenda hutt Dir elo virgesinn?

Romain Schneider: Also et war eng ganz laang Ulafszäit fir dee Plang opzestellen, well mir wierklech op eng partizipativ Manéier dat gemaach hunn. Mir hunn am Ufank Aarbechtsgruppe gemaach, wou mir all d'Acteuren dobäi haten. All d'Acteuere vun der Économie solidaire. Ech zielen déi eenzel net op, well et sinn der Honnerten déi dobäi waren.

Mir hunn awer och d'Patronat mat dobäi gemaach a mir haten all Acteuren déi un der Économie solidaire interesséiert sinn - aner Ministèren déi mat präsent waren - a mir hunn dunn an Aarbechtsgruppen, an 3 Aarbechtsgruppen eis gesinn, wou iwwert 50 Leit do waren, déi konkret Iddien haten.

Duerno hu mir zesumme mam Centre de recherche Henri Tudor - déi eis gehollef hunn an der Methodik fir un de Problem erunzegoen - een Teasing vun deenen Iddie gemaach a mir hunn eis dunn zesummen och erëm eng Kéier op 4 Achsen festgeluecht.

Déi 4 Achsen déi Dir kennt, déi sinn engersäits d'Sensibilisatioun vum Secteur, zweetens d'Federéieren vun deenen eenzelnen Acteuren, also Plattform schafen, drëttens den Accompagnement vun de Projeten - wat ganz wichteg ass an dësem Beräich, well et virun allem Strukture sinn, déi ganz dacks schwéier un d'Lafen ze brénge sinn - an hannendrun awer och esou eng Aart Service de médiation, fir ze conciliéieren de Konflikt ze berengegen, déi eventuell géinge bestoen.

Carole Schimmer: Op deem leschte Punkt wär et vläicht interessant och - bon mir diskutéieren natierlech iwwert d'Thema Concurrence déloyale no enger Paus - mä et ass awer wichteg ze wëssen, datt bis elo keng Plainte do ass, also bei der Mediatiounsplaz déi Dir agesat hutt?

Romain Schneider: Also et ass esou, datt mir jo dee Service de Mediatioun agesat hunn an datt mir och do d'Zesummenaarbecht hu mat der UEL, wou d'UEL hir Memberen ugeschriwwen huet, wann effektiv konkret Remarquen ze maache sinn, konkret Dossieren do wieren, wou mir hei op Concurrence déloyale géinge stoussen, dat solle mellen. A mir kruten, ech weess net ob keng do sinn, mä mir krute bis elo keng viruginn. Dofir mengen ech waarde mir de Moment op déi Äntweren do.

Carole Schimmer: Et ass elo halwer. Zäit fir eng Paus ze maachen. Nom Noriichteniwwerbléck diskutéiere mir natierlech weider mam delegéierte Minister vun der Économie solidaire, dem Romain Schneider, dat iwwert d'Solidarwirtschaft hei zu Lëtzebuerg, mä och iwwert d'Ressorte vum Sport.

[Noriichteniwwerbléck vum Mick Entringer]

Carole Schimmer: An Dir sidd weiderhin ageschalt beim Radio 100,7 an der Emissioun “Riicht eraus�?. Invité haut ass den delegéierte Minister vun der Économie solidaire, de Romain Schneider.

Här Schneider, mir hu virun den Noriichten hu mir iwwer déi 4 Achse geschwat vun Ärem neien Aktiounsplang vun der Solidarwirtschaft hei zu Lëtzebuerg. Déi zweet Achs vun deem Aktiounsplang betrëfft dann och d'Schafe vun enger Plattform. Fir den Ament gëtt et just e Comité constitutif, mat mam Zil déi Plattform ze schafen.

Aus wéi enge Beräicher kommen all déi Organisatiounen? Dat ass jo ganz breet gefächert.

Romain Schneider: Jo, dat ass richteg. Dat ass deen zweete Punkt vun eise 4 Punkten, 4 Achsen déi mir effektiv développéiert hunn, dee vun der Sensibilisatioun, dee vun de Fédérés, well mir der Meenung sinn, datt mir mussen eng Plattform schafen, wou mir mat den Acteure vum Terrain, den Acteuren aus der Économie solidaire – an dat sinn der de Moment mengen ech eng 26 déi do do sinn, dat sinn all d'Ententen, dat ass derniewent awer och déi grouss Beschäftegungsinitiativen déi dobäi sinn – also all déi um Terrain eigentlech an deene Beräicher schaffen, déi sinn do präsent, representéieren dann och nach ganz dacks eng ganz Rei vun ASBLen an Acteuren.

An ech mengen, déi Plattform gouf geschaf, wéi gesot, datt mir wierklech erëm en Usprochs-, ech wëll elo net soe Persoun, mä en Organ kréien, wou mir eng Rei Theme kënnen diskutéieren.

De Moment zum Beispill ass eent vun deenen Themen deen diskutéiert gëtt, wou se elo scho 6 Mol zesumme waren, déi Plattform, do geet et ëm de Statut juridique, zum Beispill, fir ze kucken, brauche mir een neie Statut juridique oder brauche mir keen. Alles dat muss een am Fong eng Kéier, mécht ee virun allem am beschten, wann een et op eng partizipativ Aart a Manéier mat effektiv den Acteure mécht.

Ech mengen, Dir wësst jo och, datt et esou eng Plattform schonn eng Kéier ginn ass. Dee Moment mengen ech waren herno d'Points de vue e bëssen aneschters wéi ee sech d'Économie solidaire virstellt. Mä ech mengen, mir hunn et fäerdeg bruecht, duerch eis Manéier, vun Ufank un an Aarbechtsgruppe mateneen ze schwätzen an duerno d'Iddien ze cibléieren an da kloer auszedrécken, datt erëm eng ganz flott Bereetschaft do ass fir virun ze kommen.

Et ass och festgehalen, datt an enger éischter Phas am Joer 2012 eise Ministère, begleedend mam Centre de recherche Henri Tudor, dës Plattform animéiert, begleet, och d'Sekretariat dovun iwwerhëllt, fir datt si dann dat Joer Zäit huet sech selwer richteg en Place ze setzen.

Carole Schimmer: Dir hutt virdru vun engem juristesche Kader och geschwat. Et gëtt och geschwat vum Statut vun deenen Organisatiounen, dacks sinn net ASBLen. Wat sinn dann d'Problemer déi sech an deem Kader stellen? Firwat juristesch Reformen eigentlech vun deem Secteur?

Romain Schneider: Mir musse jo kucken, wann een och iwwer eis Land erauskuckt, wéi et an anere Länner leeft, an ech mengen, och an der Belsch goufen et juristesch Formen, déi bestinn. Et ginn der am Frankräich, zum Beispill.

An ech mengen, et geet virun allem drëm, datt wa mir d'Économie solidaire op fest Féiss wëlle stellen, wéi ech virun der Paus gesot hat, datt mir och wëlle kucken, datt si och als Entitéit kënne fonctionnéieren, datt si net nëmme subventionéiert ginn, mä datt si sech och eng Méiglechkeet ginn, zum Beispill u Recetten ze kommen, da muss een d'juristesch Form änneren. Da muss een d'Form vun der ASBL änneren. Dat geet net. Da muss ee kucken, datt een eng Zort kommerziell Form higeet, déi awer nach ëmmer, an dat ass ganz kloer, eng Finalité sociale huet. Dat muss evident dra bleiwen.

An dofir si mir och amgaang zu 3 Ministeren ze kucken eng Form do ze fannen, well hei ass esouwuel de Justizminister mat implizéiert, virun allem wat d'ASBL-Gesetz betrëfft. Hei ass den Aarbechtsminister mat involvéiert wat d'Struktur vun de Beschäftegungsinitiativen ubetrëfft, an hei ass eise Ministère mat involvéiert wat de Statut juridique vun esou enger Organisatioun oder Associatioun kéint sinn.

Carole Schimmer: Fir den Ament ass et jo esou, datt déi ASBLen net dierfen un engem Appel d'offre deelhuelen, wat wierklech en Handicap ass, fir zum Beispill eng Entreprise, och wa si e soziale Charakter huet. Wéi wëllt Dir dat iwwerhaapt regelen? Soll dat an Zukunft och méiglech sinn? Eng Entreprise wéi zum Beispill Co-Labor huet dat an den 1980er Joere misse maachen, fir iwwerhaapt kënnen un engem Appel d'offre deelzehuelen.

Romain Schneider: Also, fir mech ass wichteg, dofir muss dee juristesche Kader och richteg sinn, wa mir soen, et ka jiddwereen un eppes deelhuelen, un engem Marché, da mussen d’Conditioune fir jiddwereen d'selwecht sinn. Also musse mir menger Meenung no e Kader maachen, datt esouwuel de Privatsecteur wéi och de Secteur vun der Économie solidaire déi selwecht Cahiers de charge eigentlech hunn, déi en da muss erfëllen.

An do musse mir ebe kucken, datt mir d'Notioun vun der Économie solidaire, vun de Valeure vun der Économie solidaire do mat erakréien.

Dat heescht eigentlech, ofleedend dovu si mir eben och an der Plattform, wou mir elo mat den Associatiounen diskutéiert hunn, wat mir an Aarbechtsgruppen diskutéiert hunn, muss ee sech d'Fro stellen, musse mir en neie Statut juridique hunn oder brauche mir vläicht net bestehend Gesetzer nëmme liicht ëmzeänneren? Dat kéint eng aner Form dovu sinn an do si mir amgaang ze schaffen drun an, esou komme mir och virun, ech mengen, do wäerte mir och zu Décisioune kommen.

Carole Schimmer: Den Objectif plein emploi huet 2008 2 Proposë gemaach. Engersäits ass et d'Aféiere vun engem neie Statut, der Association d'intérêt collectif, an dann och d'Schafe vun engem Fong fir dee Secteur kënnen ze cofinanzéieren. Wat haalt Dir iwwerhaapt vun esou engem Statut Association d'intérêt collectif, deen eigentlech tëscht dem kommerziellen an dem soziale géing stoen ?

Romain Schneider: Ech mengen, dat do kéint eng Form sinn nieft aneren, déi ee kéint exploréieren. Ech mengen, d'AIC ass eng déi deemools gemaach gouf am Optrag vum Aarbechtsminister, wou d'OPE domat beoptraagt war déi ze maachen, déi ze realiséieren. Déi si mir selbstverständlech mat am gaang ze analyséieren, genau esou gutt ech wéi d'Iddi vun engem Fong.

Ech mengen, mir sinn och amgaangen, wéi ech gesot hunn, am Ausland ze kucke wat fir eng Méiglechkeeten et do ginn. An der Belsch zum Beispill, a respektiv muss een och eng Kéier kucken, wéi sinn déi Strukturen déi de Moment fonctionnéieren, en dehors vun den ASBLen, wéi d’Kooperativen zum Beispill, wéi kéinten déi op esou ee Modell passen, wéi kéint een dat ausbauen?

Ech mengen, et soll een do schonn e Modell sur mesure maachen, och fir Lëtzebuerg, well dat ass machbar hei. An ech mengen och, datt een do de Moment op engem Wee ass, wou mir dat doten och kréien. Mä wéi gesot, mir kënnen dat nëmmen iwwergräifend maachen, wa mir zu 3 Ministèren hei un enger Léisung schaffen.

Carole Schimmer: Dat géif awer och méi Transparenz an de Finanze bréngen. Ech mengen, duerch de Fall vu ProActif stoung dat wierklech an der Aktualitéit, dat vun der Transparenz, besonnesch wann et ëm ëffentlech Gelder och geet.

Romain Schneider: Ech mengen, dat ass iwwerall esou. Transparenz, wou ëffentlech Gelder fléissen, ass selbstverständlech eng Transparenz verlaangt. Ech muss jo awer och soen, datt déi Transparenz jo awer gemaach gëtt. Ech mengen, all déi Konte gi jo awer kontrolléiert. Ech kennen eng Rei Strukturen déi sech esouwuel extern kontrolléiere loossen, wéi da selwer och nach eng Kéier vun de Ministèrë kontrolléiert ginn. An doniewent mengen ech, gi jo och nach Audite gemaach, bei deenen eenzelne Strukturen.

Mä et ass ganz kloer, datt selbstverständlech do wou Sue fléisse muss och gekuckt gi wou ginn déi Suen hin, a gi se effektiv fir deen Zweck och benotzt. An ech mengen, dat ass och jiddweree sech bewosst. An ech mengen, dat ass och jiddwereen amgaangen ze maachen.

En dehors vun deem mengen ech dierf een awer elo net alles ofwälzen, well ech mengen, dat leeft awer zanter zeg Joere ganz gutt, an ech mengen, all déi Resultater déi mir hei gesinn hu waren effektiv Eenzelfäll déi ee jo och amgaang ass ze behiewen an dann och kuckt positiv no vir ze kommen.

Carole Schimmer: Den Objectif plein emploi freet och d'Schafe vun engem Fong, e Spezialfong fir d'Solidarwirtschaft. Ass dat eng Iddi déi Dir kënnt matdroen oder net? Fir och eng Mixitéit vun der Finanzéierung ze fannen?

Romain Schneider: Also, ech hunn hei eng perséinlech Meenung, déi ech awer elo weder mat engem Regierungskolleg, nach mat der Regierung ofgeschwat hunn, mä et ass eng perséinlech déi een awer eng Kéier kann histellen, déi een eng Kéier kann diskutéieren.

Ech gesi jo als ee vun deene ganz wichtegen Acteuren déi an der Économie solidaire an am Service un de Bierger ass, déi déi am nooste beim Bierger sinn, an dat sinn d'Gemengen. An ech mengen, ech kéint mir virstellen, datt ee sech géing eng Aart Fong schafen, e Fonds communal vläicht, en neie Fonds communal, fir ebe just deene soziale Problemer, sozial, niewent Beschäftegung, niewent Créatioun vu Servicer u mäi Bierger, respektiv meng Bierger, och kéint virstellen, datt een aus deem Dëppen da géif e Finanzement maachen.

Mä virun allem awer och als eng Aart Start-up. Well ech ëmmer erëm gesinn, datt, virun allem wann esou Produite solle gräifen, da brauche si eng Hëllef. An dofir hu mir jo och eng ganz Rei vu flotten Aktiounen déi mir starten an eisem Plang. Wéi Dir gesinn hutt, virun allem an deem Projet vun dem accompagné, den esou genannten Accompagnement vun deenen neie Strukturen, hu mir zwee ganz flott Projeten. Virun allem deen dee sech eraus schielt ass dee vun 1 2 3 Go Social, wat een ass, mengen ech wou eis och ka virubréngen.

Carole Schimmer: Dir hutt elo dee Pilotprojet do ugeschwat, den 1 2 3 Go Social, deen och iwwert e Concours fonctionnéiert, grad wéi deen aneren 1 2 3 Go traditionelle Concours. D’Conditioune sinn déi, datt ee muss eng ekonomesch Aktivitéit hunn, déi och e soziale Charakter huet. Wie kann iwwerhaapt dorun deelhuelen? Wien ass do viséiert? De Privatmann, deen eventuell Iddien huet oder och d'Strukturen?

Romain Schneider: Ech mengen ,et geet genau esou wéi Dir richteg gesot hutt, wéi bei den Aktiounen 1 2 3 Go, wat elo net de Social hannendrun ass. Jiddwereen deen ee Projet huet, deen an der Philosophie vun deem ass an hei geet et jo drëm fir e Projet ze hunn, an der Iddi vun der Économie solidaire, mat de Wäerter vun der Économie solidaire läit, an deen e bëssen innovant ass, dee ka selbstverständlech dëse Projet eraginn, deen da vun enger Kommissioun bewäert gëtt.

Carole Schimmer: Wat ass innovant?

Romain Schneider: Innovant ass mengen ech do wou ech kucke wat de Moment e Besoin ass an eiser Gesellschaft, deen net ofgedeckt gëtt, respektiv aneschters ofgedeckt muss ginn, wéi et de Moment de Fall ass.

An do hu mir jo eng ganz Rei vun deenen. Ech nennen ëmmer dat ganzt naivt Beispill, am Éislek bei eis, wou dat dëst Joer zwar nach net de Fall, war vum Schnéischëppen. Dat ass ee Beispill wéi ech innovant fannen, well et et net gouf, de Bierger et freet an hannendrun eng ganz Rei Servicer sinn, déi mir elo net opziele kënnen, well d'Zäit eis e bësse fortleeft, mä wou Dir genau déi Kontakter mat de Bierger, déi sozial Kontakter déi verluer ginn, well eis Gesellschaft aneschters fonctionnéiert, Leit déi net méi esou mobil sinn, deene Servicer ze leeschten. All déi Saachen déi een net kann a Wäerter direkt berechnen. Dat ass zum Beispill esou e Projet wéi deen heiten. Jiddweree seet, du kënns just mat deem Projet vum Schnéi schëppen. Mä et ass een deen treffend ass ganz einfach.

Carole Schimmer: Dee ganz visibel ass a verständlech ass op alle Fall.

Romain Schneider: Jo, richteg. Wa Schnéi läit.

Carole Schimmer: Trotz allem 1 2 3 Go Social gëtt jo och nom Prinzip vun der Konkurrenz organiséiert. Ass dat eigentlech compatibel och mat de Prinzipie vun der Sozialwirtschaft? Mat den ethesche Prinzipien?

Romain Schneider: Bon, ech mengen, ethesch Prinzipien, fir mech gehéiert zu all Ausriichtung eng gewësse Konkurrenz dobäi. Ech mengen, et soll ee jo och kucken awer, ob dat am Sport ass, well ech jo Sportsminister sinn weess ech dat, et ass ëmmer e gewësse Wettkampf do. An et wëll een awer ëmmer besser sinn do muss dat Soziaalt net verluer goen, well dat ass jo de Fong, de Kär dovun.

Mä doriwwer eraus mengen ech soll ee kucken e Projet opzebauen, wat jo dann och erëm e Plus gëtt fir eis Gesellschaft, anstatt datt mir uniform Projete maachen, wou ee sech op e Minimum beschränkt, geet et drëm fir e Maximum erauszezéien.

Mä eppes ass ganz kloer wichteg, datt mir virun allem hëllefen, datt déi Projeten op d'Bee kommen, well si ganz dacks vun Associatioune gemaach ginn, Leit déi dat wëlle maachen, déi déi éischt Hëllef do brauchen, datt si wierklech un d'Lafe kommen. An ech mengen net, datt mir nei Projete kréien, wa mir déi Hëllefen do net ënne leeschten. Dofir hu mir och Präisser dropgesat, fir dann esou innovant Projeten ze begleeden.

Carole Schimmer: Wéi ee Präis hutt Dir, a wéi ee Budget hutt Dir do virgesinn?

Romain Schneider: Mir sinn amgaangen déi ganz Budgeten auszeschaffen, mir sinn amgaange virun allem nach Sponsoren ze sichen. Mir hunn zwar eng Partie fonnt, ënner anerem d'Stad Esch ass ee vun deenen déi hëllefen; mir hunn awer och d'Oeuvres Grande-Duchesse Cahrlotte déi eng Hand upaakt, an, an, an. Et sinn eng Rei Fondatiounen déi eis wëllen hëllefen. An ech mengen, do kann ee scho vu merkleche Geldpräisser virun allem schwätzen, well et jo och erëm soll an d'Aktivitéit fléissen, et soll net einfach en Diplom sinn. Dorëm geet et net. Mä et soll hëllefen, datt dee Projet dee flott ass och fest verankert gëtt a sech dann och wierklech herno an eiser Gesellschaft fest verankert.

Carole Schimmer: Et muss ee jo och soen, datt d'Solidarwirtschaft eigentlech stabel Aarbechtsplazen ubitt.

Romain Schneider: Bon, dat ass d'Zil, datt mir effektiv déi dauerhaft Aarbechtsplaze kënne schafen, well nohalteg geschafft gëtt a virun allem probéiert gëtt Servicer an Aktivitéiten ze maachen déi lokal an déi regional sinn, déi also hei bleiwen, déi also net exportéiert ginn, mä déi eigentlech am Land sinn, wou Servicer sinn, déi och hei bestinn an déi doduerch och erfëllt ginn.

Carole Schimmer: Et ginn zu Lëtzebuerg virun allem méi gréisser Strukturen an der Solidarwirtschaft. Duerch dee Concours kéinte jo och méi klenger entstoen oder esou Initiativen kéinte jo esou an d'Liewe geruff ginn. Fäert Dir dann net, datt et do zum Beispill kéint zu Mëssstänn kommen, wéi d'Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit?

Romain Schneider: Bon ech mengen net. Ech mengen [gëtt ënnerbrach]

Carole Schimmer: Wéi kann een dat verhënneren?

Romain Schneider: Ech mengen, et muss een ganz kloer kucken, wa mir hei vun Aarbechtsplaze schafe schwätzen, schwätze mir jo emol vun Aarbechtsrecht. Et ass fir mech evident, datt och an dësem Beräich d'Aarbechtsrecht muss spillen, mat all deem war dat beinhaltet a wat de Code de travail virgesäit.

Carole Schimmer: Gutt, virun den Noriichten hate mir iwwer d'Schafe vun enger Mediatiounsplaz geschwat. Dir hutt gesot, et gi bis elo nach keng Plainten, op alle Fall no Ärem Appel vun d'UEL. Wat soll iwwerhaapt déi Mediatioun do erreechen? Ass dat esou eng Plaz wou ee Plaintë ka maachen an da bestrooft ka ginn? Wéi eng juristesch Form huet déi Mediatioun? Herno?

Romain Schneider: Neen, et ass éischter eng partizipativ Plattform déi soll geschafe ginn, fir ze kucken déi Problemer déi bestinn, datt mir déi och léisen. Dat ass och esou ausgemaach, esouwuel mat deenen Organisatiounen déi am Beräich vun der Économie solidaire schaffen, wéi och mam Patronat, datt mir dat emol eng Kéier sammelen an op e puer praktesche Fäll kucken, wou läit de Problem. An deen analyséieren, an dann ebe kucke Moossnamen ze huelen, datt dat doten net virkënnt oder genau ze analyséieren, vu wou kënnt dat oder genau ze analyséieren vu wou kënnt dat a wéi kënne mir deem entgéint wierken.

Dat ass d'Form dovun, fir also aus schlechte Beispiller, dat soen ech elo emol esou, wann net der ginn, ze léieren an eigentlech en Zesummeschaffe maachen, eigentlech déi Économie déi mir hunn, déi Wirtschaft, duerch dësen heite Volet ze ergänzen an ze stäerken.

Carole Schimmer: Do muss een natierlech vun der Concurrence déloyale schwätzen, virun allem d'Federatioune schwätzen doriwwer, awer net um lokale Plang schwätzen d'Handwierker guer net doriwwer. Ech mengen, um Terrain selwer ginn et da keng Problemer.

Romain Schneider: Neen, ech mengen dat ass gutt, datt Dir dat uschwätzt, well et virun allem um lokalen Niveau ganz vill Zesummenaarbecht gëtt direkt, wou eigentlech Hand an Hand geschafft gëtt a wou een engersäits esouwuel an deenen eenzelne Strukturen ASBLe schonn direkt bei den Entscheedungen déi eenzel Partner zesummesëtzen, zesummen e Budget ausschaffen, zesumme Projeten ausschaffen, zesumme Leit ausschaffen. An dann och um Terrain bei der Erfëllung eigentlech gekuckt gëtt, och lokal a regional d'Betriber mat erunzezéien, fir engersäits d'Wuer ze kréien, op där anerer Säit awer och d'Personal mat anzebannen, d'Kadere mat anzebannen, esou datt do op deem doten Niveau e Schaffe méiglech ass. An ech mengen, da misst dat och, wann een dat ausbaut, iergendwou e Kader setzt, da misst dat och um nationale Plang méiglech sinn.

Carole Schimmer: Et gi jo och Synergië mat de lokale Betriber. Ech hunn zum Beispill héieren, datt et gemeinsam Formatioune ginn, mëttlerweil, tëscht Beschäftegungsinitiativen a lokale Betriber.

Romain Schneider: Also, et gi Formatiounen, et ginn doniewent och konkret Projeten déi zesumme gemaach ginn, déi een am Partenariat mécht, wou eng Entreprise eben en Deel vu Leit zur Verfügung gestallt kritt, fir dat ze maachen, awer dann ënner der Obhut vun där Firma wou e Marché gemaach gëtt. An dann heiansdo een Ofleeër dovun esouguer ass, datt eng vun deene Persounen och nach agestallt gëtt an deem Betrib, och dat ass selbstverständlech ee vun deene flotte Success-Punkten déi een do kann erëmfannen.

Carole Schimmer: Den INES hei zu Lëtzebuerg, den Institut européen de l'économie solidaire, seet, datt een zu Lëtzebuerg eng éischter méi konventionell Approche huet vun der Solidarwirtschaft, déi sech an dem aktuelle liberale Modell soll erëmfannen, ouni deen awer a Fro ze stellen. Wat sot Dir dozou?

Romain Schneider: Ech mengen, et ass emol virauszeschécken, datt d'INES eng laang Erfahrung huet an deem ganze Beräich, well si wierklech och iwwer d'Grenzen erauskommen, a well si deen europäesche Réseau och sinn, fir dat Ganzt unzegoen. A virun allem och probéieren hei eis Économie solidaire elo wierklech ofzegrenze vun deem wat mir eigentlech soss ëmmer als Beschäftegungsinitiative gesinn hunn.

An dat ass mengen ech dee grousse Punkt, deen een effektiv och INES kann zouschreiwen, datt si et effektiv och fäerdeg bruecht hunn op dësem Volet konstruktiv ze schaffen a virun allem och dat heiten eraus ze schielen, datt d’Beschäftegungsinitiativen nach méi sinn, wéi eigentlech Beschäftegung, wat schonn, fannen ech, immens positiv ass, wann ee Leit kann eng Beschäftegung ginn. Mä datt doniewent vill méi ass vun deene Produkter déi ee kann do erstellen, an deene Servicer déi ee ka leeschten.

Carole Schimmer: Kann ee sech da virstellen, datt een duerch déi Solidarwirtschaft deen aktuelle liberale Modell, deen op Konkurrenz baséiert an esou, datt een deen eventuell an Zukunft kann a Fro stellen?

Romain Schneider: Ech mengen, mir kënnen alleguerte wäit, wäit dreemen. Ech hunn och ganz kloer e ganz groussen Dram, dat ass deen, deen ech vläicht ni wäert erreechen, well et menger Meenung nach Joere wäert daueren, mä schonn op ville Konferenzen hunn ech ëmmer erëm gesot, datt et mäin Zil eng Kier ass, an dofir wëll ech elo ee Wee opbauen, datt mir iergendwann eng Kéier hikommen op wierklech déi Responsabilité solidaire oder sociale vun den Entreprisen, datt mir déi méi stäerken.

An datt mir eis Économie eigentlech erëm e bësse méi zeréckbréngen op dat wat mir, ech wëll net soe wat mir fréier haten, mä wat awer flott wier a wat eigentlech e Must wier an eiser Gesellschaft, fir einfach dee soziale Gedanken eriwwerzebréngen. A Modelle vu Wirtschaften opbaut, déi an déi Richtung geet.

Am Moment, mengen ech, muss ee feststellen, datt een éischt Schrëtt gesäit, selbstverständlech, mä datt d'Gesamtweltwirtschaft awer nach wäit dovun ewech ass.

Carole Schimmer: Feelt et dann Ärer Meenung no zu Lëtzebuerg un enger Kultur vun der Debatte eben an der Gesellschaft?

Romain Schneider: Dat ass ee vun de Punkten dee mir och festgehalen hunn op der Konferenz déi mir 2011 elo haten, wou mir an Tables rondes driwwer diskutéiert hunn, a wou mir eigentlech esou e flotten Débat haten, och mam Sall, datt mir gesot hunn, dat dote wëlle mir och en Débat public driwwer féieren. Fir engersäits d'Iddi vun der Économie solidaire méi no nach ze bréngen, mä fir virun allem och de Public erëm méi eranzebréngen an dee ganze Feeling, deen d’Économie solidaire duerstellt.

Well et muss een effektiv an deem Beräich geschafft hunn oder domat ze di gehat ze hu fir wierklech och vum Féiwer mat gepaakt ze ginn. Bon, ech hat d'Chance, datt ech viru menger Carrière als Deputéierten a Minister Buergermeeschter war vun enger Stad wou ech och Member war vun esou enger Initiativ, vun esou engem Acteur vun der Économie solidaire, an do weess ee wéi et leeft, an do konnt een och Erfahrung kréien an et huet ee gesi wat et awer ka bréngen, wann een dee richtege Wee do wielt.

Carole Schimmer: Här Schneider, Dir sidd och Sportsminister. An der Aktualitéit stoung jo ganz laang elo an deene leschte Méint de Projet vun engem Futtballstadion an Akafszenter zu Léiweng. Et gouf och eng Entrevue tëscht Iech an der Mëttelstandsministesch Françoise Hetto-Gaasch an de Promoteure Becca a Rollinger. D'Surface commerciale soll verklengert ginn. Dat war ee vun de Resultater vun dëser Entrevue. Wéi geet et dann elo virun? Dir sollt elo d'Gemeng gesinn. Wéini?

Romain Schneider: Et ass esou, datt Dir richteg gesot hutt, datt de Projet Léiweng virun allem am leschte Joer ganz vill diskutéiert gouf, esouguer an der Chamber relativ hefteg diskutéiert gouf. An datt dunn d'Regierung, nodeems d'Chamber eng Motioun gestëmmt hat, wéi si sech virstellt, datt deen Dossier soll traitéiert ginn, huet d'Chamber Madame Minister Françoise Hetto a mech bestëmmt fir dëser Motioun nozegoen.

Wann een déi elo schrëttweis kuckt, ass dat effektiv wéi Dir gesot hutt, éischte Kontakt mam Promoteur ophuelen. Dat hu mir gemaach. Ech mengen, dat gouf jo och dobaussen direkt relativ héich gedroen, obwuel et en einfachen éischte Kontakt war, dee mir gemaach hunn. An ech mengen, ech maachen eng Klammer, ech mengen dat muss och erlaabt sinn, datt een einfach emol eng Kéier mat engem schwätzt, ouni elo direkt e fäerdege Projet erauszebréngen, dofir war dat doten en éischte Schrëtt, dee mir gemaach hunn.

Den zweete wäerte mir an den nächste Woche maachen, mat der Gemeng Réiser, wou mir einfach och eng Kéier bei hinne wëllen de Feeling kréien, no de Gemengewahlen, ass eng nei Équipe do, wéi steet dann de Schäfferot do, dee jo och Gespier huet an de Représentant ass vum ganze Gemengerot? Wéi steet d'Gemeng Réiser zu deem Projet elo nach? Wat sinn hir Virstellungen an Zukunft? Si hunn och doniewent e Referendum ugekënnegt, dee soll gemaach ginn am éischte Semester. Wéi preparéiert een deen, wéi mécht een deen? An ech mengen, all déi Schrëtt déi si mir amgaangen ze maachen an deenen eenzelnen Timingen.

Carole Schimmer: Dir hutt vum Referendum geschwat. Wann et en Nee gëtt, dee majoritär gëtt, hutt Dir e Plang B?

Romain Schneider: Ech mengen, et ass esou, et gi jo wéi Dir richteg sot 2 Weeër, wéi och am Liewen, eng Kéier rechts eng Kéier lénks. Rechts soe mir emol ass Jo, da geet de Projet esou virun, wou jo nach eng ganz Rei vu Schrëtt an Etappen hannedru sinn, da loosse mir en esou an de Prozedure lafen, wou jo och nach eng Rei Etappe kommen, wéi gesot.

A wann et déi aner Säit ass, dann ass et Neen, an da muss ee kucken en neie Site ze fannen. Do ginn et sécher eng ganz Rei vun anere Méiglechkeeten, déi een eventuell kéint kucken, mä de Moment si mir elo mol amgaangen dës Motioun ze exekutéieren an dann déi bis zum Enn ze maachen, a wéi gesot dann erauszefannen ob et Jo oder ob et Nee ass. An an deem Moment kucke mir och virun.

Carole Schimmer: Wéi ass et mat der Propose an der Stad Lëtzebuerg? Um Terrain vu Midfield, do wou d'Verwaltung ass vun den Douanen?

Romain Schneider: Wéi gesot, ech hu mir de Moment dee Gedanken elo direkt net gemaach, well mir virun allem de Moment amgaange sinn dëse Projet dee mir an der Chamber elo diskutéiert haten, deen duerno mengen ech e kloeren Optrag kritt huet, ass d'Regierung amgaangen deen heiten elo bis zum Enn ze diskutéieren. An da muss een iwwer déi Proposen oder aner Proposen, et ginn och ëmmer nach vu rechts oder vu lénks aner Proposë presentéiert, da muss een déi eng Kéier am Fong kucken, wat machbar ass a wat virgesinn ass op deenen eenzelne Plazen.

Carole Schimmer: Souwisou soll jo och de PAG zu Réiser nei gestëmmt ginn, dat hëllt Zäit. Wéi ass et mat der Derogatioun vun der FIFA fir de Stadion Josy Barthel?

Romain Schneider: Ech mengen, et ass esou, datt mir hei säitens vun der UEFA all Kéiers wann déi Matcher, wann déi Competitioune lafen, eng Autorisatioun kréie fir hei ze spillen, ënner enger Rei vu Moossnamen. Ech mengen, datt een de Moment, wann een a Planung ka weisen, datt hei och wierklech eng Kéier eppes geschitt, a wann een, mengen ech, och – an do musse mir jo och de Moment oppasse vu wat fir engen Zuschauerzuele mir direkt schwätzen, mir schwätze jo elo net vun enger Mass vu 50.000 oder 60.000 Zuschauer, mä maximal 8.000 an dësem Stadion – da muss ee selbstverständlech kucken, datt virun allem d'Sécherheet garantéiert ass. Dat ass dat éischt. An ech mengen, dat konnte mir bis elo ëmmer hannerleeën, datt dat de Fall war.

Wat dann de Confort ubetrëfft, do mengen ech do muss een dann eben nach op e good will säitens vun de Verantwortlechen, mä ech mengen, de Moment si mir, déi Kontakter déi mir hunn, op dat gestouss a mir konnten dat och ëmmer realiséieren, esou datt ech dovun ausginn, datt dat och ab den nächste Joere misst machbar sinn.

Carole Schimmer: Am Gespréich steet dann och Mondorf mat engem neie Vëlodrom. Ass esou eng Struktur zu Lëtzebuerg iwwerhaapt néideg?

Romain Schneider: Ech mengen, déi Fro kënne mir bei all Sportsinfrastruktur stellen, mä ech stellen einfach mol eng Kéier fest, datt mir Fënnefjoerespläng hei stëmmen, vun der Chamber gestëmmt ginn, en 8. Fënnefjoeresplang, een 9., en 10. ass amgaang ausgeschafft ze ginn. Dëse Vëlodrom steet am 8. Fënnefjoeresplang. Et war also deemools de Wëllen och vun der Chamber esou een ze bauen.

D'Regierung huet och kloer gesot, datt deemools, wéi den ale Site net konnt zréckbehale ginn zu Zéisseng, datt mir sollen no engem neie Site kucken, datt mir méi bëlleg solle bauen, an datt mir net virun 2013 sollen ufänken. An dat ass déi Marschroute déi ech bis elo un, an an deem Kader beweegen ech mech och.

Carole Schimmer: Gëtt de Vëlodrom vu Mondorf da just een Trainingsstadion, oder sollen och do international Coursen organiséiert ginn?

Romain Schneider: Ech mengen, e Vëlodrom soll effektiv eng Infrastruktur ginn, wou et selbstverständlech emol méiglech ass, datt ee kann do trainéieren, net nëmmen national, mä datt virun allem och vill Équipë kënne kommen, déi Stagë kënne fueren.

Et muss een och kucke wéi ee ka kombinéieren, generell mam Vëlo fueren hei zu Lëtzebuerg, mat der Sécuritéit vum Vëlofueren, och dat ass machbar. An da mengen ech, da soll en och esou opgeriicht ginn, datt et eng Bunn ass, wou och kleng Competitiounen, wéi zum Beispill Landesmeeschterschaften, do kënnen ofgehale ginn.

Mä selbstverständlech gëtt et kee gréissere Vëlodrom wou ee 6-Tagerennen kann organiséieren. Dat ass net de Wëllen, dat ass och net de Besoin hei de Moment

Mä ech mengen, datt mir awer där Federatioun déi de Moment nach keng national Infrastruktur huet dëse Projet solle garantéieren, an iergendwann kucken deen ze bauen, an deene Délaien déi mir selbstverständlech gesat hunn, och mat deene Moyenen déi mir eis do ginn hunn, déi sech ech viraus jo an engem gewësse Parrage chiffréiert haten.

Mä dat gëtt eis immens Chancen och, well mir och hei, niewent deene Saachen déi ech zitéiert hunn, och hei dann Disziplinne kréien déi bei Olympia zum Beispill op der Bunn kënnen realiséiert ginn, a wou mir eng ganz Rei vu Sportler, virun allem am Vëlosport hu mir jo Talenter, kënnen hischécken, esou datt eis Delegatioune méi grouss ginn, an och besser Chancen hunn, nach besser Chancen hu fir Médaillen ze kréien.

Carole Schimmer: Zum Schluss wollt ech nach eng Fro stellen: mat deem Vëlodrom, huet do den Här Asselborn dann och en neien Terrain fonnt?

Romain Schneider: Ech hu mam Här Asselborn nach net doriwwer geschwat. Ech mengen awer, datt den Här Asselborn een ass dee ganz gär Vëlo fiert fir d'Natur och ze gesinn, an ech mengen, sécher wäert e wahrscheinlech dat och eng Kéier probéieren, mä ech mengen, et ass éischter een déi léiwer, wéi ech selwer och, duerch d'Natur fiert an eigentlech dat Ganzt als Hobby an als Ausgläich gesäit,

Carole Schimmer: Et ass elo Zäit fir d'Antenn zeréckzeginn. Dës Emissioun “Riicht eraus�? mam Invité Romain Schneider ass eriwwer. Ech ginn Iech en neie Rendezvous haut an enger Woch. Ech soen Iech Merci, Här Schneider, datt Dir komm sidd.

Romain Schneider: Merci och.

Dernière mise à jour