Romain Schneider au sujet de la présence de viande de cheval dans des plats cuisinés étiquetés pur boeuf

Roy Grotz: Mir schwätzen also hei kloer vu Bedruch, alt nees op d’Käschte vum Konsument, oder?

Romain Schneider: Jo, ech mengen et ass ganz kloer datt dëse Bedruch stattfonnt huet. An et ass och dat wat gëschter aus där Réunioun erauskoum, déi zu Bréissel war, tëschent der Kommissioun, tëschent der Présidence an tëschent deene betraffene Memberstaaten, datt et sech hei ganz kloer em eng Fraude commerciale handelt, a selbstverständlech hei virun allem d’Vertraue par rapport zum Konsument, awer och zum Handel, awer och direkt zum Produzent gefährdet ass.

Roy Grotz: De schwaarze Péiter dee gëtt sech awer e bësse weider gereecht vum Produzent op déi vill extern Fournisseuren, dat ass an der Mehrzahl ze gesinn. Där goufen et hei eng ganz Partie?

Romain Schneider: Jo, bon ech mengen eppes wat een och konnt festhalen, dat hu mir och gëschter gemaach, nodeem mir de Point gemaach hunn, ass, datt de System, den europäesche System vun der Tracabilitéit vun de Wueren hei, spréch dem Fleesch, fonctionnéiert huet. Et konnt ee lokaliséiere vu wou d’Fleesch komm ass, et konnt een och lokaliséiere wou et higaangen ass, wou et verschafft gouf, a wou et och duerno an den Handel komm ass. Also dee System huet fonctionnéiert, e gouf ebe just ënnerbrach duerch een Trucage, duerch en Etiketteschwindel vun engem ganz groussen Ausmooss, wou de Moment nach Recherchen an deenen eenzelne Länner lafen. Mä ech mengen och hei datt an deenen nächsten Deeg, respektiv an deenen nächste Wochen e ganz kloert Liicht dohannert wäert kommen, vu wou aus dësen Etiketteschwindel ausgeet.

Roy Grotz: An awer, Dir sot et, et ass Schwindel op Etiketten, vläicht och nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg, vläicht awer och als Chance ze gesi fir nach méi besser Garantieë fir de Konsument ze schafen?

Romain Schneider: Jo, bon ech mengen Dir wësst, datt eng ganz Rei vu Kontrolle gemaach ginn, esouwuel an de Schluechthaiser wéi direkt an där ganzer Chaîne alimentaire.

Mä doriwwer eraus, mengen ech, huet jo och gëschter de Kommissär eng Propos gemaach, eng Propos déi elo de Comité permanent vun der Chaîne alimentaire wäert e Freideg maachen, fir elo emol während dräi Méint an deene 27 europäesche Memberstaaten DNA-Analysen op d’Fleesch ze maachen, fir eben ze prouwen ob hei Päerdsfleesch dran ass, an doniewent virun allem och Tester ze maachen ob medezinesch Réckstänn am Päerdsfleesch, esouwuel an de Schluechthaiser, wéi och am Importfleesch op d’Päerd eben, wat an eenzelne Länner erakënnt.

Roy Grotz: Iergendwou mierke mir dann awer och wahrscheinlech d’Limite vum Convenience food, wou déi Filièrë knapp ze kontrolléiere sinn. Dir setzt op d’Marque nationale, respektiv saisonal, regional oder biologesch Liewensmëttelen, déi d’Leit am beschte solle consomméieren?

Romain Schneider: Ech mengen dat ass natierlech eng Piste vun der Tracabilitéit, déi nach méi kuerz ass, do wou een eigentlech eng ganz Ketten huet, déi eigentlech och visuell direkt nozevollzéien ass, dat si virun allem all déi Labelen, déi mir hei zu Lëtzebuerg kennen, dat ass virun allem och d’Marque nationale.

Mä doniewent, mengen ech, muss een och kucken datt virun allem och den europäesche Marché, de Marché intérieur viru fonctionnéiert. An dofir ginn et ebe Regelen, déi opgestallt ginn, ginn et Regele virun allem och am Étiquetage, déi opgestallt sinn. A grad dës Regele wäerte jo och an engem Rapport nei analyséiert gi säitens vun der Kommissioun. E Rapport dee virgesi war fir Enn 2013 presentéiert ze ginn, a wou och de Kommissär gëschter versprach huet, datt en zesumme mat senge Servicer wäert alles ënnerhuelen, datt dee Rapport méi séier wäert kommen, an dann och d’Conclusiounë vun deem Rapport wäerten dozou féieren, datt een eng Kéier iwwer déi ganz Initiatioun eng Kéier nei nodenkt.

Roy Grotz: Dat heescht, de Sujet dee bleift eis an där do Form och erhalen. A vläicht war déi hei Affär jo och en Incentiv a sech fir an déi do Richtung weiderzefueren?

Romain Schneider: Jo, ech mengen do hutt Dir ganz Recht, an ech mengen de Sujet wäert eis nach viru befaassen, virun allem och hei zu Lëtzebuerg wäerte mir den Dossier ganz no suivéieren zwëschent dem Agricultureministère an dem Santésministère, well mir jo hei eng Co-Kompetenz hunn zu Lëtzebuerg an dësem Beräich. An doniewent wäert am nächste Conseil vun den Agrarministeren, de 25. a 26. Februar, zu Bréissel de Punkt erëm um Ordre du jour stoen.

Roy Grotz: Eriwwer dann, Här Schneider, bei eng méi traureg Nouvelle, déi eis gëscht erreecht huet. Am Alter vun nëmmen 62 Joer ass de fréieren LSAP-Minister Georges Wohlfart gestuerwen, e Parteikolleg vun Iech, e Verloscht sécherlech fir Är Partei?

Romain Schneider: Jo, bon ech mengen dat ass ee Verloscht fir eis Partei, mä fir mech och perséinlech, well de Georges Wohlfart zënter laange, laange Joeren e gudde Frënd vu mir war, net nëmmen ee Parteikolleg, mat deem ech ganz vill ënnerholl hunn, esouwuel privat wéi mengen ech och um politeschen Niveau. An ech mengen et sollt een haut un éischter Linn, mengen ech, u seng Fra denken, u seng Kanner. Vun dëser Plaz aus och mäin häerzlecht Bäileed u si.

Mä virun allem, mengen ech, soll een och un de Georges zeréckdenken als ee ganz engagéierte Mënsch, e ganz joviale Mënsch, dee ganz vill gemaach huet fir Lëtzebuerg dobaussen, awer virun allem och fir den Norden, an hei ganz vill Projeten op d’Been gesat huet, déi haut virun allem den Norden nach d’Friichten dovu kann droen.

Roy Grotz: Här Schneider, ech soen Iech villmools Merci fir d’Reaktioun, a mir schléissen eis op dëser Plaz natierlech un de Wierder vun opriichtegem Bäileed un. Merci Här Schneider.

Dernière mise à jour