Fernand Etgen au sujet du nouveau Plan pour le développement rural

"D’Gelder musse méi gezilt agesat ginn"

"Eis geet et am Fong geholl elo dorëm, dat Potential wat d’Biolandwirtschaft hiergëtt, fir dat besser ze notzen. Et ass bal net verständlech, firwat datt d’Baueren, trotz gënschtege gesellschaftlechen, politeschen, wirtschaftleche Rahmebedingungen; trotz enger positiver Maartentwécklung; trotz engem Bioliewenstrend, zécke fir hir Betriber op Bio ëmzestellen."

Max Theis: Här Etgen, dee Programm leeft 7 Joer, vun 2014 bis 2020. E puer Eckdaten: 237 Milliounen Euro Hëllefe si virgesinn, zum Beispill 22 Millioune fir Infrastrukturen, 15 fir d’Modernisatioun vu Betriber. Mat wéi enge Wierder géift Dir dann d’Regierungspolitik am ländleche Raum ëmschreiwen?

Fernand Etgen: Ech mengen de PDR, dat ass de Programme de développement rural, als e politescht Steierungsinstrument fir de ganze ländleche Raum. Ech mengen, deen ass geprägt duerch d’Strategie 2020. Heiraus huet d’EU 6 Prioritéiten ofgeleent fir dësen Objektiver gerecht ze ginn, déi mir mat der Landwirtschaftspolitik wëllen erreechen.

  1. Den Transfert vu Wëssen an Innovatioun ënnerstëtzen,
  2. d’Verbesserung vun der Kompetitivitéit vun der Landwirtschaft,
  3. d’Weiderveraarbechtungsindustrie ënnerstëtzen,
  4. d’Verbesserung an d’Erhale vun den Ökosystemer, Stéchwierder hei: Biodiversitéit, Waasser, Buedem,
  5. d’Vermëttlung vun enger effizienter Notzung vun de Ressourcen, Klimapolitik also, a
  6. d’Favoriséiere vum sozialen Zesummenhang. Dat sinn da virun allem déi Projete wéi d’LEADER-Projeten ebe fir déi ekonomesch Entwécklung vum ländleche Raum.

Max Theis: A Lëtzebuerg konzentréiert sech op zwou Prioritéiten, dat ass modern Betriber an deen Ëmweltaspekt an deem Sënn?

Fernand Etgen: Jo, jiddwerfalls ass et kloer, datt d’Gelder musse méi gezilt agesat ginn, datt mir vun der Bréisseler Kommissioun méi staark op d’Fangere gekuckt kréie wat mir maachen. Mir mussen bei alles wat mir maachen justifizéieren, firwat mir eppes wëllen ënnerstëtzen, a wéi eng Ziler domat mir wëllen erreechen. D’Bäihëllefe mussen also méi cibléiert agesat ginn, an de Prioritéite vun der Kommissioun Rechnung gedroe ginn. Dobäi kënnt, datt all Konditioun vun de Bäihëllefe musse kontrollabel ginn, a si mussen eng genee Justificatioun vun de Mesurë maachen.

Et geet also net méi fir mat der Géisskan ze schaffen, mä mir musse präzis Objektiver ustriewen.

Ech mengen, zwou wichteg Prioritéite wëlle mir hei zu Lëtzebuerg dofir ëmsetzen. Mir mussen déi ëffentlech Gelder méi gezilt asetze fir d’Liewensfäegkeet vun de Betriber ze erhalen, a fir innovativ Techniken ze ënnerstëtzen.

Eng aner Prioritéit déi mir eis als Zil gesat hunn ass d’Erneierung, d’Verbesserung, an d’Ënnerhale vun de landwirtschaftlechen Ökosystemer, mat deene Schwéierpunkte Biodiversivitéit, Waasser a Buedem, wuelwëssend datt eben déi landwirtschaftlech Aktivitéiten net ouni Afloss op d’Natur, op de Buedem, op d’Waasser wäerte bleiwen.

Max Theis: Dir hutt et elo gesot, d’Biodiversitéit, de Waasserschutz, déi sollen do besonnesch berücksichtegt ginn. Dat kléngt no méi strengen Oploen. Ass dat esou?

Fernand Etgen: Dat kléngt no enger ganzer Rei Oplagen, sécherlech jo, mä de PDR ass e fräiwëllege Programm. Do sinn da 15 verschidde Mesurë geholl gi fir eben déi Ziler déi mir eis do gesat hunn ze erreechen.

Do gëtt zum Beispill eng Weideprime agefouert, wat nei ass, well mir jo dann ebe mierken, datt eben den Trend an der Landwirtschaft déi ass fir d’Kéi d’ganzt Joer am Stall ze halen. Mir wëllen awer erëm d’Kéi op d’Weed kréien, aus Grënn vun der Biodiversitéit, awer och de Konsument wëll de Bauer am Duerf an d’Kéi op der Wiss gesinn. Ech mengen, dat ass u sech am Fong geholl dann awer och wéinst der Gesondheet vun den Déieren.

Bei deenen do Programmer geet et dann och ëm e reduzéierte Stéckstoffasaz, deen och mat Berodung mat verbonnen ass. Et gëtt e Programm fir d’Pflanzeschutzmëttel, den Asaz dovunner ze verréngeren. Et gëtt e Fruchtfolgeprogramm, deen ass u sech am Fong geholl och nei, well an der Vergaangenheet dräi verschidde Kulturen dominéiert hunn – de Mais, de Weess, de Raps – awer dofir e Fruchtfolgeprogramm mat enger präziser Rotatioun. Et gëtt e Programm fir d’Extensiviséierung vum Gréngland. Lëtzebuerg ass e Grénglandstanduert, an dofir musse mir eben einfach och kucke fir an deem Beräich eppes ze maachen. Och den Asaz vun ëmweltfrëndlechen Ausbréngungstechnike fir d’Gülle a fir d’Mëscht, gëtt et e Programm fir eben einfach dat méi zilgerecht, méi orientéiert auszebréngen. Et gëtt e Bongerteprogramm fir u sech am Fong Bongerten ze erhalen. Et gëtt e Programm fir Heckefleeg. Et gëtt e Programm fir Ackerlandsträifen ze erhalen – dat ass u sech och besonnesch fir eben d’Biodiversitéit. Et gëtt e Gréngsträifeprogramm. Et gëtt e Programm awer och fir bedrot Rassen erëm hei zu Lëtzebuerg och ze halen, wéi d’Ardennerpäerd, wéi d’Ardennerschof, oder déi typesch rout Kou, déi et fréier am Éislek ginn ass.

Max Theis: Dir hat elo déi Berodung beim Düngen ugeschwat. Dat ass eng obligatoresch Berodung?

Fernand Etgen: Dat ass wéi bei enger ganzer Rei Programmer, ass et eng obligatoresch Berodung. Ech mengen, an der Cross compliance war et och schonn esou, datt d’Betriber eng ganz Rei Berodungen hu missten nogoen. Ech mengen, et ass jiddwerfalls esou, datt deem ganze Beräich vu Berodung, Weiderbildung och an der Zukunft eng gréisser Bedeitung wäert zoukommen, datt mir vestäerkt mussen an deen do Beräich investéieren.

Max Theis: Wéi ass et mam Nowuess, do gëtt et och extra Programmer fir déi jonk Leit ze motivéieren?

Fernand Etgen: Ech mengen, ee vun den Haaptziler vun der PAC wier et, fir déi jonk Baueren ze encouragéiere fir sech um Betrib ze installéieren. Dofir hu mir dat dann och méi gënschteg gemaach wéi dat am PDR virdrun de Fall war.

Zum Beispill bei den Investissementer kënnen d’Jongbaueren, déi frësch installéiert wieren, een Top-Up kréie vun 10% wat déi éischt Investitiounstranche vu 500.000 Euro ubelaangt, a vu 5% doriwwer eraus bis zu hirem Investitiounsplafong.

Och ass den Alter fir sech als Jongbauer ze installéieren eropgesat ginn, dat heescht, als jonke Bauer kann ee sech installéieren tëschent 23 Joer Minimum a 40 Joer Maximum, fir déi jonk Baueren ze encouragéiere fir enger méi pousséierter berufflecher Ausbildung nozegoen.

An och déi Startprimen, déi sinn also dann an dräi Stufe geregelt. Engersäits deen, deen en Diplom huet vun der Beruffsausbildung. Déi zweet Stuf ass déi vum BTS, an déi drëtt Stuf ass deen, deen e Bachelor huet. Dat heescht, wat e méi eng héich Formatioun huet, wat en och méi eng héich Aide ka kréien.

Max Theis: Wéi ass et mat der Biolandwirtschaft? Mir hate virdru kuerz geschwat, knapp 3% hu mir just zu Lëtzebuerg?

Fernand Etgen: Jo, ech mengen, d’Ziler déi mir eis am Aktiounsplang Biolandwirtschaft virun e puer Joer gesat hunn, fir Minimum 4% Biolandwirtschaft a 6% vun de Betriber ze kréien, hu mir net erreecht. Do si mir wäit ënnert der europäescher Moyenne.

Eis geet et am Fong geholl elo dorëm, dat Potential wat d’Biolandwirtschaft hiergëtt, fir dat besser ze notzen. Et ass bal net verständlech, firwat datt d’Baueren, trotz gënschtege gesellschaftlechen, politeschen, wirtschaftleche Rahmebedingungen; trotz enger positiver Maartentwécklung; trotz engem Bioliewenstrend, zécke fir hir Betriber op Bio ëmzestellen.

Mir hu jiddwerfalls am PDR virgesinn, datt mir déi Fördersätz fir d’Biolandwirtschaft an d’Luucht setzen, fir eben einfach méi Baueren dozou ze bewegen hire Betrib op Bio ëmzesetzen, an dat grousst Potential, wat awer dëse Maart hiergëtt, fir dat och hei zu Lëtzebuerg besser ze notzen.

Max Theis: “Meng Landwirtschaft” ass eng Plattform mat 14 Organisatiounen. Si haten och gëschter e Protest, oder op d’mannst en Demonstratiounspiquet virun der Chamber wéi dat do Dokument presentéiert gouf. Wéi no sidd Dir dann un deene Fuerderunge vun där Plattform drun?

Fernand Etgen: Ech mengen, an där Plattform, do sinn eng ganz Rei interessant Fuerderungen, mä déi Fuerderungen, déi gi jo e bësse méi wäit wéi d’Landwirtschaft selwer. Dat huet och e bësse mat Entwécklungspolitik ze dinn.

Mä nom PDR ass virum PDR. Ech mengen, dee Prozess dee si do skizzéieren, ass e Prozess vu méi Joeren. Dat si Visiounen, déi si do developpéieren fir dohinner hinzekommen. Mä et wäert awer relativ schwéier si fir d’Landwirtschaft dozou ze bewege fir kuerzfristeg op deen do Wee matzegoen.

D’Landwirtschaft ass do fir éischtens Liewensmëttelen ze produzéieren, an dann awer och muss een den Erwaardunge vum Konsument Rechnung droen. Mä de Konsument zum Beispill ass elo esou, wéi de Lëtzebuerger besonnesch, net esou séier bereet fir op Fleesch ze verzichten. An datt een awer dann déi Zesummenhäng, déi si do prekoniséieren, vun haut op muer net wäert erreechen.

Max Theis: D’Agrargesetz, do soll jo och en neit ausgeschafft ginn, war am Regierungsprogramm festgehalen. Do sidd Dir am Gaangen?

Fernand Etgen: D’Agrargesetz grefféiert op dem PDR. Esoubal wéi de PDR vu Bréissel ficeléiert ass, wäerte mir dat ausschaffen. De Moment si mir schonn am Gaangen. Ech mengen, dat ass e Prozess dee parallel leeft.

Fir d’éischt gëtt elo de PDR vum Comité de suivi da gekuckt, do muss nach eng strategesch Ëmweltprüfung gemaach ginn, an duerno geet de PDR dann an de Regierungsrot, an e gëtt dann op Bréissel geschéckt fir ebe formell approuvéiert ze ginn. De Moment hu mir de PDR schonn inoffiziell fir Consultatiounen op Bréissel geschéckt gehat. A da kucke mir emol wéi datt d’Bréisseler Kommissioun dorop reagéiert, ob mir genuch Justificatioune ginn hu fir déi Mesuren anzeféieren déi mir do virgesinn hunn. An duerno wäert dann Enn des Joers hoffentlech kënnen dat nei Agrargesetz deposéiert ginn, datt eis Bauere Planungssécherheet kréien.

Max Theis: Et gëtt also nach genuch ze dinn. Fernand Etgen, Merci, datt Dir Iech de Moien Zäit geholl hutt.

Fernand Etgen: Merci och.

Dernière mise à jour