Discours de Romain Schneider à la séance académique "50 ans cartographie des sols"

Discours de M. Romain Schneider, ministre de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural.

Seul le discours prononcé fait foi.

 

  1. ©MA

    Romain Schneider, ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural lors de son discours
  2. ©MA

    Le public
  3. ©MA

    Photo de groupe
  4. ©MA

    Photo de groupe

 

Här Fernand Boden, ehemoligen Minister fir Landwirtschaft, Wäibau an d'Entwécklung vum ländleche Raum,

léif Éieregäscht,

léif Mataarbechter aus dem Service de Pédologie vu fréier an haut,

léif Mataarbechter vun der ASTA,

dir Dammen an dir Hären,

léif Invitéen alleguer,

chers orateurs.

Et freet mech haut hei mat iech all 50 Joer Cartographie des sols zu Lëtzebuerg ze feieren.

Permettez-moi tout d'abord de remercier et de féliciter chaleureusement nos conférenciers, Mme Caroline Chartin et M. Josef Deckers pour leurs exposés respectifs, à la fois très enrichissants et captivants, et qui ont su nous montrer tous les deux de manière instructive la complexité du sujet et l'importance fondamentale que détiennent les sols pour toute activité humaine.

Merci well ech awer och all deene soen, déi bei der Organisatioun vun dëser Séance académique implizéiert waren. Ech muss iech nitt nëmme Merci soen, mee och felicitéieren, well et ass iech all zesumme gelongen eng interessant Manifestatioun hei op d'Been ze stellen, ronderëm d'Thematik vum Buedem an esou en adequate Kader ze schaafe fir 50 Joer Buedemkartéierung hei zu Lëtzebuerg ze feieren. Natierlech well ech och all deene Merci soen, déi an de leschte 50 Joer un der Buedemkaart oder am Service de Pédologie vun der ASTA geschafft hunn, an deels Pionéieraarbecht an deem Beräich hei zu Lëtzebuerg geleescht hunn.Duerfir si mir haut hei zesumme komm, fir hiert Schaffen a Wierken ze honoréieren, an ech denken datt si dat verdéngt hunn.

Leschten Donneschdeg, de 5 Dezember, war d'Journée mondiale des sols, dëst Joer ënnert dem Motto "Empêchons l'érosion des sols, protégeons notre avenir" an effektiv gëllt et, des wichteg Ressource esou gutt ewéi méiglech ze schützen an domat eis eege Liewensgrondlag ze schützen, net nëmme géint d'Erosioun, wat weltwäit di gréisste Menace ass, mee och géint eng Rei aner Geforen, wéi mer am Exposé vum Professer Deckers gesinn hunn. An Europa an zu Lëtzebuerg ass d'Versigelung d‘Haaptmenace fir eis Biedem.De Buedem ass en komplexen Ekosystem, dee vill Fonktiounen erfëllt, an et ass och nach nitt alles gewosst a verstanen, wei de Buedem fonctionéiert. Mais eppes steet fest: De Buedem ass dat wichtegst Kapital fir d'Landwirtschaft, de Wäibau an och de Gaardebau an domat och fir eis Liewensmëttelproduktioun. Mee doriwwer eraus och fir de Bësch an aner natierlech Liewensraim. Laut der Banque mondiale hunn mir op eisem Planet ongeféier 5 Milliarden ha landwirtschaftlech Notzfläch. Des Fläch war an de leschte Joren zwar zimmlech konstant, mee d'Agrarflächen déi pro Kap zur Verfügung steet, geet bei steigender Weltbevëlkerung permanent zréck. Momentan kommen op eiser Äerd pro Awunner ongeféier 0,6 ha landwirtschaftlech Notzfläch, a wann mer nëmmen di reng Aackerfläche consideréieren, souguer nëmmen 0,2 ha. Souwuel weltwäit, ewéi och hei zu Lëtzebuerg, ass de Buedem eng begrenzte Ressource an haut enger Rei Pressiounen ausgesat. Oft muss tescht ville verschiddene méiglechen Affektatiounen entscheet ginn. Fir an esou Fäll méiglechst di richteg Decisioune ze huelen, brauchen mer zolitt Kenntnisser an Resultater aus der Fuerschung iwwert d'Zesummesetzung, d'Qualitéit an den Fonctionnement vun eisen Biedem. De Service de pédologie vun der ASTA schafft zënter 50 Joer an dem Beräich an de Laboratoire vun der Pédologie ass mëttlerweil akkréditéiert, fir d'Qualitéit vun all dëse gesammelten Donnéeën op engem héiche wëssenschaftlechen Niveau ze halen. All des Efforte si gemaach gi, fir op Grond vun der Buedemkaart d'Qualitéit vun eise Biedem besser an ze schätzen.

Dir Damen an dir Hären, Zur Zäit fënnt zu Madrid d'Konferenz vun de Vereenten Natiounen iwwert de Klimawandel, kuerz COP25 genannt, statt. Virgëschter huet eis Regierung hire Klimaplang virgestallt fir bis 2030 eis CO2 Emissiounen em 55% par Rapport zu 2005 ze reduzéieren. Des Thematik wäert eis, wäert d'Politik an den nächste Jore stänneg begleeden, well se esou wichteg ass fir d'Zukunft vun eis alleguer, a well jiddereen, all Secteur Efforte muss maachen. Zenter der Klimakonferenz vu Paräis am Joer 2015, och nach COP 21 genannt, réckelt och de Buedem ëmmer méi an de Fokus, als en Deel vun der Léisung zur Mitigatioun vum CO2 an den Atmosphären, als Späicher vum Carbone. Effektiv sinn d'Biedem weltwäit, no den Ozeanen, den zweetgréisste Späicher vu Carbone, ass méi CO2 an eise Biede gespäichert ewéi mer CO2 an eiser Atmosphär hunn. D'Initiative "quatre pour mille" déi en Marge vun der COP21 an d'Liewe geruff gin ass, huet sech zum Ziel gesat de Stock vu Carbone an de landwirtschaftleche Biedem järlech em 4 Promill ze erheichen. Des Initiative huet virun allem zum Ziel, drop hin ze weisen, dass d'Potential vun de landwirtschaftleche Biedem fir Carbone ze späicheren enorm ass, an dat d'Landwirtschaft och aktiv eppes zur Reduktioun vum CO2 an eiser Atmosphären bäidroe kann. Des Initiative ass ambitiéis, a mir hunn et am Virtrag vun der Mme Chartin gesinn, nitt ëmmer an iwwerall esou einfach em ze setzen. Fakt ass awer, dat d'Landwirtschaft den eenzege Sekteur ass, deen duerch seng Aktivitéite souwuel CO2 Emissioune verursaacht - hei zu Lëtzebuerg zur Zäit ronn 8 % vun allen Treibhausgasémissiounen - a gläichzäiteg och CO2 bannen a späichere kann. Eng vun de groussen Erausfuerderunge vun deenen nächste Jore wäert sinn, deen Handlungsspillraum, deen de Buedem beim Klimawandel huet, wëssenschaftlech ze begleeden an an d’Praxis ëmzesetzen. Ech begréissen et ausdrécklech, datt sech de Service de Pédologie vun der ASTA mat dëser Thematik an Zukunft verstäerkt beschäftege well an dësen Defi ugoe well. Ech soen iech Merci a wënschen dem Service de Pédologie an der ganzer ASTA weiderhi vill Erfolleg bei hirer Aarbecht am Interêt an am Déngscht vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft.

Aktualiséiert