Noriichten

  • Filtrer les résultats
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 24 résultat(s)
  1. Am Kader vun der nationaler Plattform fir d'Reduktioun vu Katastropherisiken, déi vum Inneministère geleet gëtt, huet den Aarbechtsgrupp "Vegetatiouns- a Bëschbränn", deen aus Experte vun de verschiddene kompetenten Autoritéite besteet, Verhalensreegelen opgestallt, déi wärend der Vegetatiouns- a Bëschbrandsaison anzehale sinn.

  2. Den 30. Mäerz 2023 huet d'Cour administrative d'Urteel vum Verwaltungsgeriicht confirméiert, mat deem d'Decisioun iwwer de Widderruff vun der Zouloossung vun aacht Planzeschutzmëttelen, déi de Wierkstoff Glyphosat enthalen, opgehuewe gouf. Dës Decisioun bréngt mat sech, datt d'Zouloossunge fir déi betraffe Planzeschutzmëttel ab dem Datum vun der Urteelsverkënnegung erëm gülteg sinn.

  3. Den 10. Mäerz 2023 organiséiert de Ministère fir Konsumenteschutz, zesummen mam Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung eng Konferenz zum Thema Ernierung: "Konferenz: Wat wäerte mir muer iessen ? D'Defien vun der Liewensmëttelproduktioun am Kader vun engem Konsum am Wandel".

  4. Am Grand-Duché sinn d'Stéit fir 75% vun der Quantitéit un Liewensmëttel déi ewechgehäit gi responsabel. Fir d'Ëffentlechkeet dozou ze animéiere manner ze verbëtzen, besonnesch elo wärend de Feierdeeg ronderëm Chrëscht- a Neijoerschdag, huet de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung ab dem 13. Dezember 2022, eng Sensibiliséierungscampagne relancéiert.

  1. Éischt Säit
  2. 1
  3. 2