Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA)

D'Verwaltung

D'Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung ass 2022 gegrënnt ginn a besteet aus der Regruppéierung vun den Haaptkontrollorganer vun der Liewensmëttelketten an enger eenzeger Verwaltung.

Laut der Logik vum Reglement 2017/625, dat déi gemeinsam an eenheetlech Krittäre fir all d'Kontrollen an der Liewensmëttelkette festleet, besteet d'ALVA aus de folgenden, scho bestoenden Unitéiten:

  • Veterinärverwaltung
  • Divisioun vun der Liewensmëttelsécherheet vun der Gesondheetsdirektioun
  • Service vun der Fuddermëttelkontroll vun der Verwaltung fir technesch Servicer vun der Landwirtschaft
  • Regierungskommissariat fir Qualitéit, Bedruch a Liewensmëttelsécherheet

D'Missioune vun der ALVA sinn am Gesetz vum 8. September 2022 iwwer d'Struktur an d'Organisatioun vun der Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung festgehalen.

Missiounen

D'Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung iwwerhëlt all d'Missioune vun deene scho bestoenden Organer a bekëmmert sech deemno ëm folgend Missiounen:

  1. offiziell Kontrollen an aner amtlech Aktivitéiten an de Beräicher vun der Gesondheet vun den Déieren, esou ewéi Informatiounsaktiounen, Preventiouns- a Bekämpfungsaktioune géint Déierekrankheeten;
  2. Ëmsetzung vun der Identifikatioun an der Umeldung vun Déieren;
  3. offiziell Kontrollen an aner amtlech Aktivitéiten an de Beräicher vum Wuelbefanne vun den Déieren, esou ewéi Informatiounsaktivitéiten, Preventiouns- a Verbesserungssaktioune fir d'Wuelbefanne vun den Déieren;
  4. offiziell Kontrollen an aner amtlech Aktivitéiten an de Beräicher vun der Gesondheetssécherheet, d'Fairness um Maart an d'Sécherheet vun den Déieren-Nieweprodukter, Fuddermëttel, Liewensmëttel a Materialien a Géigestänn déi mat Liewensmëttel a Kontakt kommen;
  5. offiziell Kontrollen am Beräich vun der Qualitéit vun de Liewensmëttel;
  6. offiziell Kontrollen an aner amtlech Aktivitéiten déi d'Importer aus Drëttstaaten an d'Exporter an dës Drëttstaate betreffen;
  7. Analysen, Tester an Diagnose vu Prouwen déi geholl goufe wärend offizielle Kontrollen an aneren amtlechen Aktivitéiten an de Beräicher vun der Gesondheet vun den Déieren, vum Wuelbefanne vun den Déieren, Déieren-Nieweprodukter, Fuddermëttel, Liewensmëttel a Materialien a Géigestänn, déi virgesi si mat Liewensmëttel a Kontakt ze kommen;
  8. Verwaltung vun der Datebank iwwer Geneemegungen, Umeldungen an Zouloossunge fir Acteure vun der Liewensmëttelketten;
  9. Bekämpfung géint Steierhannerzéiung am Kader vun de Missioune vun der ALVA;
  10. Ëmsetzung vun de Prozedure fir d'Aféierung vu Liewensmëttel op de Maart, Materialien a Géigestänn, déi a Kontakt mat Liewensmëttel a Fudder fir Déiere kommen;
  11. Krisegestioun an Zesummenaarbecht mat deenen aneren zoustännegen Institutiounen;
  12. Kommunikatioun iwwer d'Risiken an déi offiziell Kontrollen;
  13. Ausschaffe vun integréierte Pläng op méi Jore fir d'Verwaltung an d'Kontroll;
  14. Organisatioun vun der administrativer Zesummenaarbecht mat der europäescher Kommissioun, den Agencë vun der europäescher Unioun an den internationalen Organisatiounen, als Ulafstell an nationale Korrespondent.

Organigramm

D'Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung ass ënnert der Tutelle vum Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung. Si gëtt geleet vun enger Direktioun déi aus engem Direkter an zwee Sous-Direkteren besteet.

Annuaire vun der Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung

Aktualiséiert