Office national de remembrement (ONR)

Den Office

Den Office national du remembrement ass en Établissement public deen ënner der Opsiicht vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau steet.

Aufgaben

D'Aufgab vum Office national du remembrement ass et, am Intressi vun der Allgemengheet, eng méi wirtschaftlech Notzung vum ländlechen Grondbesëtz hierzestellen op Basis vum Gesetz vum 25. Mee 1964, de Remembrement betreffend.

Duerch de Remembrement sollen zerstéckelt an verspreeten Grondstécker duerch eng Neizoudeelung an méi grouss a fir d'Bewirtschaftung besser gëeegent Parzellen mat engem onofhängegen Zougang opgebessert ginn. Zousätzlech zum Remembrement kënne Weeër an Waassergrief ugeluecht an a Stand gesat ginn, souwéi och Buedemverbesserungsaarbechten duerchgefouert ginn, wéi zum Beispill Entwässerung, Bewässerung, Terrassementer, Kultivéieren a.s.w.

Ënner Remembrement falen d'Lännereien an der Landwirtschaft, am Wäibau, am Gaart, am Uebstbau an an der Forstwirtschaft.

Den Territoire an deem e Remembrement duerchgefouert gëtt, gëtt als Perimeter bezeechent.

Weider Informatiounen fannt dir am Gesetz vum 25. Mee 1964 iwwer de Remembrement.

Organigramm

Den ONR besteet aus engem Conseil d’administration an 4 Servicer.

Annuaire vum Office national du remembrement

Aktualiséiert